De moderne Powerriegel

Hues de net och heiansdo Loscht op eppes Séisses, mee du traus dech net sou richteg zouzegräifen, well s du der de Virsaz gesat hues, dech deemnächst méi bewosst ze ernären? Dann ass hei d’Léisung fir dech.

Gesiichter a Käpp:
Et gëtt vill panaschéiert

Eng Eegenart vun eisem Walsystem ass dat berüümt Panaschéieren. Zu Lëtzebuerg ass et zu engem reegelrechte Vollekssport ginn, Gesiichter a Käpp queesch duerch all d’Wallëschten erauszepicken an unzekräizen …

Majorz- a Proporzgemengen

D’Begrëffer Majorz- a Proporzprinzip héiert een ëmmer erëm am Kontext vun de Walen zu Lëtzebuerg. Wat komplizéiert kléngt, muss et awer net onbedéngt sinn.

Rieslingspaschtéit

Eigentlech sollt et just e klenge Maufel ginn, deen d’Krunnemécken owes um Stamminee bei engem Glas Wäi genéisse wollten. Mee d’Erfindung vum Pier Kaempff ass wäit iwwer de Stamminee eraus bekannt ginn. Esou bekannt, datt et haut dee beléiftste Lëtzebuerger Plat ass …

Engagement an enger Jugendpartei

Déi jonk Gréng, d’Jonk Sozialisten, d’CSJ oder ADRenalin – all an der Chamber vertruede Mammepartei huet mëttlerweil och eng Jugendfraktioun, an déi weess sech ze behaapten.

D‘Geschicht vun de Walen

Ënner dem Drock vun de Bierger huet d’Regierung 1918 dat allgemengt Walrecht an och den Achtstonnendag ageféiert. Ee Joer dono hunn d‘Nationalwale stattfonnt. Dës Walen am Joer 1919 ginn als éischt wierklech demokratesch Walen zu Lëtzebuerg an d’Geschichtsbicher an.

Marc Hansen

Minister fir d’Fonction publique, Minister fir d’Bezéiung zum Parlament, delegéierte Minister fir Digitaliséierung an delegéierte Minister fir d‘Verwaltungsreform – wat de Marc Hansen zanter Dezember 2018 ze geréieren huet, passt net an ee Ministère eleng.

D’Maison Moderne

D’Maison Moderne huet sech hautdesdaags zu enger staarker Kraaft an der nationaler Mediewelt entwéckelt. Virun allem duerch d’Publikatioun vun hirem Wirtschaftsmagasinn, dem Paperjam, huet sech d’Verlagshaus zu Lëtzebuerg en Numm gemaach.

D’Apdikteblietchen

Wie kennt se net, d’Apotheken Umschau? Déi däitsch Apdiktenzäitschrëft kennt ee schonn éiweg a se gëtt gär matgeholl. Si kascht näischt an ass ëmmer ganz informativ. Zanter 2015 hunn dann och déi lëtzebuergesch Apdikten hiert Blietchen. Letz be healthy heescht se. Op Lëtzebuergesch bedeit dat esou vill ewéi „Loosst eis gesond sinn“.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.