E Bio-Pionéier am Interview

Den Aender Schanck gëllt als Bio-Pionéier. Hie verréit, wéi et eis gelénge kann, d’Natur nohalteg ze schützen.

Tourismus war ëmmer eng Passioun fir mech

Antje Voss

Wann een der Antje Voss nolauschtert, da spiert een direkt hir Passioun fir d’Aarbecht, déi si mécht. Säit knapp engem Joer ass si un der Spëtzt vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO) …

Den Ambassadeur vun der Lëtzebuerger Finanzplaz

An der Lëtzebuerger Press ass hien, genee ewéi säi Betrib, nëmme wéineg bekannt. Hien ass studéierte Jurist a professionellen Diplomat a säit 1999 fir de Lëtzebuerger Ausseministère täteg. Weider Statiounen op sengem professionelle Parcours waren d’Lëtzebuerger Vertriedung bei der Europäescher Unioun zu Bréissel, d’Lëtzebuerger Botschaft zu Washington a Konsul zu Shanghai. Säit 2013 ass den […]

Déi Honnertjäreg, déi Bicher schreift.

D’Finny Cazzaro feiert hiren 100. Gebuertsdag – a verëffentlecht hiert drëtt Buch. Wéi d’Finny Cazzaro um Moie vum 1. Juni 2019 d’Aen opmécht, ass hiren éischte Gedanken: „Elo hunn ech et gepackt!“ Et ass den Dag vun hirem 100. Gebuertsdag. Dobäi war si sech véier Méint virdru sécher, datt si dësen net méi erliewe géif. Wéi d’Finny Cazzaro an […]

Jiddwerengem ze hëllefen ass net ëmmer einfach

Viru kuerzem wollte mir de President vun der Handelskummer (Chambre de Commerce) op senger Aarbecht besichen. Wéinst der Corona-Pandemie, an deenen zu deem Zäitpunkt ganz héijen Infektiounszuelen, hu mir eist Gespréich mam Carlo Thelen leider awer iwwer Distanz misse féieren. Hei de Portrait vun engem ganz interessante Personnage. De Carlo Thelen ass den 9. August 1971 an […]

Ënner Gewënner: Dat sinn eis beschte Cheffe vum Handwierk

Am Handwierk kritt een eigentlech quasi all Dag eng direkt Belounung: e gelongene Produit, eng uerdentlech Aarbecht, en zefriddene Client. Mee de Secteur u sech huet awer oft éischter mat negative Virurteeler ze kämpfen a struewelt dacks ëm d’Iwwerliewen. E Präis wéi de „Prix du Meilleur Créateur d’Entreprise dans l’Artisanat“ rappt zwar do keng Beem […]

Vun 0 op 100 trotz engem Handicap Den Tom Habscheid

Datt een trotz enger Behënnerung oder engem Handicap sportlech op engem Topp-Niveau ka vir mat derbäi sinn, dat beweist den Tom Habscheid. Scho vu Gebuert un ass dem Tom Habscheid säi lénkst Bee verkierzt, wat de gebiertegen Useldenger awer ni dovun ofgehalen huet, fir Sport ze maachen. Schonn a jonke Jore stoung hien zu Useldeng […]

Pole Position, séier Autoen an säi gréisste Géigner Den Dylan Pereira am Interview

Hie gëllt ass eent vun den absolutten Nowuesstalenter vum Land, wie Motorsport seet, kënnt net derlaanscht, och säin Numm ze nennen. Riets ass vum Dylan Pereira, Course-Pilot vum Lechner Racing Team a bekanntste Lëtzebuerger Fuerer säit dem Néckel Koob. Mat knapp 22 Joer huet de jonken Elittesportler säi Porsche scho méi wéi eng Kéier un d’Spëtzt […]

De Mann vun de Kompromësser

Seng Wuerzelen hat hien an der Stolindustrie. Hie wier dee Wee gaangen, dee vill Jongen aus dem Minett virun him gaange sinn, erzielt de John Castegnaro an engem Gespréich fir dʼBäilag vum Tageblatt …

Systematesch hongreg op Neies

Scho säi Grousspapp huet virun 100 Joer zu Lëtzebuerg eng Wandkraaftanlag gebaut. Do verwonnert et net, mat wat fir enger Energie de Constant Seiwerath un neie Motoren a Konzepter fuerscht. Mat 66 ass nach laang net Schluss.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.