Foto: © Uni.lu
„Ech hu mech schonn als klengt Kand fir Technologie interesséiert, well ech sinn nach am Kommunismus grouss ginn an do war et méi sécher, sech domat ze befaasse wéi mat Politik.“ D’Mahulena Hofmann ass Wëssenschaftlerin, Proff an Expertin fir internationaalt Weltraumrecht. Ursprénglech aus dem tschechesche Prag, lieft si zanter 15 Joer zu Lëtzebuerg a këmmert sech hei mat hiren Aarbechtskolleegen drëm, dass am Beräich Droit mat Fokus op Telekommunikatioun a Weltall uerdentlech ausgebilten Nowuess nokënnt.
D’Faszinatioun fir alles, wat mat Frequenzen, dem Weltall an Technologie ze dinn huet, war beim Mahulena schonn a jonke Joren do. Nach gutt erënnert d’Proff sech drun, wéi se op all Antenn aus der Ëmgéigend geklotert ass a mat hirem Papp keen technesche Musée ausgelooss huet: „Eppes, wat esou wäit ewech ass a mir awer all am Alldag benotzen, dat huet mech einfach begeeschtert.“ Den éischte selwer gebauten Transistorradio huet zwar nach net funktionéiert an och aus de Beruffswënsch Sportpilotin oder Elektroingenieurin ass näischt ginn, ma spéitstens no hirem Droit-Studium war kloer: D’Tschechin hat hiren Domän fonnt an huet dësen och gemeeschtert.
An hirer Dokteraarbecht huet déi haut 68 Joer al Fuerscherin sech mat der Iwwerdroung vun Date via Satellitte beschäftegt. Vun do aus goung et du via e Stipendium vun der Humboldt-Stëftung op d’Max-Planck-Institut zu Heidelberg, wou d’Mahulena 20 Joer geschafft a gelieft huet. Esou richteg an d’Matière eran ass si awer duerch e verstuerwenen Aarbechtskolleeg komm, deen doheem eng riseg Literatur-Sammlung zum Theema hat. „Seng Famill wosst net wouhi mat senger Bibliothéik a wollt se net ewechgeheien, also hunn ech se kritt an esou huet dat mat menger Fuerschung ugefaang“, erkläert d’Mahulena.
No hirer Habilitatioun vun der Uni Köln goung et dunn op Giessen, wou d’Proff de Jean-Monnet-Léierstull fir Europa- a Weltraumrecht geleet huet. Hir Theemen: Wat sinn d’Reegele fir d’Navigatioun am Weltall, wat geschitt eigentlech mat Weltraumschrott, wéi sinn d’Gesetzer a puncto Space-Mining, also dem Ofbau vu Ressourcen am Weltraum, a wien dréit d’Verantwortung, wann zwee Satellitten zesummestoussen, fir der just e puer ze nennen. „Fir all Aktivitéit am Weltall muss et gewësse Viraussetzungen an Autorisatioune ginn. Schonn an de 60er-Jore goufen do éischt Gesetzer gestëmmt, ma wat et méi Aktivitéit an deem Beräich gëtt, wat een och ëmmer méi e legale Kader brauch“, erkläert d’Professesch.
Käschten, Zoustännegkeetsberäicher, Accorden an Desaccorden, Ënnerscheeder tëscht de Länner: fir all dëst gëtt et Reegelen an um Opsetze vun deenen ass d’Mahulena aktiv bedeelegt. Esou huet si zum Beispill als Beroderin fir d’Lëtzebuerger Regierung geschafft, wéi dës viru ronn sechs Joer eng spezifesch national Gesetzgeebung preparéiert huet, ass elo Deel vum Experte-Pool, deen d’Europäesch Unioun bei Froen zum Trafic an der Interaktioun am Weltall beréit, an huet schonn dat eent oder anert Buch verëffentlecht, wat d’Handhabung vun all dëse Beräicher erkläert. Wéi de Posten zu Lëtzebuerg ausgeschriwwe gouf, war d’Mahulena direkt begeeschtert an huet sech gemellt, well d’Astra-Satellitten, déi zanter den 80er weltwäit Haushalter mat Fernsee- a Radioinhalter versuergen, an de Satellitte-Provider SES (Sociéte européenne des satellites), dee vu Lëtzebuerg aus agéiert, ware fir si natierlech e grousse Begrëff. „Mat hinnen zesummenzeschaffen, war fir mech en Dram, well doduerch konnt ech endlech all dat an der Praxis gesinn, wat ech jorelaang an der Theorie studéiert hat“, esou d’Mahulena.
Et géif hir Spaass maachen, mat Jonken zesummenzeschaffen, sech zu de verschiddensten Theemen auszetauschen an den direkte Lien tëscht Fuerschung a Studium ze kreéieren, well d’Weltraumrecht gëtt an Zukunft ëmmer méi wichteg an nei Experte si gefrot: „Wat méi sougenannte grouss Satellitte-Konstellatioune wéi ‚Starlink‘ entstinn, wat et och ëmmer méi Aktivitéit am Weltall wäert ginn, an déi muss reguléiert ginn.“ D’Chercheuse plädéiert heibäi awer net fir eng Iwwerreguléierung, déi de Fortschrëtt kéint blockéieren, ma op d’Vertrauen an déi national Acteuren esouwéi etabléiert Traitéen, déi trotz schwiereger geopolitescher Lag nach ëmmer gëllen. D’Zil vum Master op der Uni Lëtzebuerg ass et dofir och, de Studenten en Iwwerbléck net nëmmen iwwer national, mee virun allem och europäesch an international Gesetzer ze ginn a se fir den Aarbechtsmarché fit ze maachen.
„Mir si wierklech stolz drop, dass vill vun eise Studenten herno a wichtege Beräicher fir Lëtzebuerger Institutiounen oder europäesch Firme schaffen“, seet d’Proff, déi drop verweist, dass d’Team vu Lëtzebuerg d’lescht Joer beim Manfred Lachs Space Law Moot Court, also engem internationale Wettbewerb fir Studenten, an Europa déi éischt Plaz an an der Weltmeeschterschaft déi zweet beluecht huet. Si selwer huet keng spezifesch Ziler méi fir hir Karriär, ausser natierlech sech weider op de Beräich vun der Standardiséierung am Weltall ze fokusséieren: „Ee vu menge groussen Dreem war et, eng Enzyklopedie fir Weltraumrecht erauszeginn, an dat hunn ech mir zesumme mat engem US-Aarbechtskolleeg erfëllt.“ D’Mahulena hofft, nach eng Zäitche kënnen op der Uni ze ënnerriichten, an ass dankbar, dass dës si och mat 68 Joer nach weiderhi bei all hire Projeten ënnerstëtzt, well den Echange mat hire Studente bedeit hir vill.
Et gëtt jiddefalls ni langweileg am Liewe vun der 68-Järeger, déi nieft hirer Aarbecht och nach an engem Chouer séngt, bei Concerten optrëtt an Zäit fir d’Famill fënnt, well déi ass hir immens wichteg. „A wann ech reesen, sichen ech nach ëmmer no Antennen, well alles, wat mat Telekommunikatioun ze dinn huet, ass a bleift einfach meng grouss Passioun.“
En Artikel vum Laura Tomassini