De koppege Monni aus dem LOD

Kenns du eigentlech de koppege Monni aus dem LOD? De Monni taucht an enger Partie Beispillsaz am Lëtzebuerger Online Dictionnaire vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch op. Et ginn eng Hellewull interessant Detailer zu deem bossege Kärel, wéi de Lexikograf an haitegen Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Alexandre Ecker och schonn 2020 a sengem Artikel an der Warte geschriwwen huet. An dësem flotten Artikel gëtt een esou muncher Detail iwwer de Monni gewuer, zum Beispill datt en an der Arméi war, op ganz ville Plazen engagéiert ass a gäre Keele spillt (an do och ëmmer de rietse Bauer geréit). An à propos „treffen“: Scho virun enger Rëtsch Joren huet de Monni seng Frëndin getraff, vun där en sech och haut nach ‒ trotz senger Ierfschaft ‒, aushale léisst.

Mee wat mécht dee bossegen an aartleche Kadett dann elo do ënne lénks am Eck?

Sécher ass, datt de Monni do ënne schonn eng Grimmel méi mécht, ewéi nëmme säi Spokes ze dreiwen, de Spunnes mat de Leit ze maachen a sech gemittlech widder de Bord vun dengem Ecran ze stäipen! Ob een et gleeft oder net, de Monni huet do nawell eng ganz wichteg Roll. Klick emol eng Kéier op de Monni, da ginn d’Aen der op ewéi Gënzescheeken! Wann s de nämlech e Premium-Abo vum Konterbont hues, sinn eng Rei Wierder an all Artikel faarweg markéiert. Wann s de dann op esou e Wuert klicks, kriss de Iwwersetzungen an Erklärunge vum Wuert ugewisen a kanns ausserdeem lauschteren, wéi d’Wuert ausgeschwat gëtt. A wann s de op de Monni klicks, da ginn dës Markéierungen ausgeblent.

A wéi ass dee koppege Kärel, dee jo awer Dag fir Dag esou munches op der Lee huet, dann elo am Konterbont gelant?

Déi wéineg Zäit, déi de Monni doheem bei senger zweeter Fra verbréngt, soll natierlech méiglechst sënnvoll genotzt ginn. Dobäi kënnt, datt hien och senger Frëndin heiansdo ferm op d’Strëmp geet ‒ déi ass also och net rosen, wann en aus dem ‒ selbstverständlech hirem ‒ Haus ass. A well de Monni jo schonn am LOD eng Hand upeekt an och un der Lëtzebuerger Sprooch interesséiert ass, louch et bal op der Hand, datt en sech beim Konterbont, deem éischte komplett digitale Magasinn op Lëtzebuergesch, engagéiert. Säitdeem steet de koppege Monni also do ënne lénks am Eck!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.