Iwwer eis

Mat engem wäisse Blat Pabeier an engem Numm huet alles am Joer 2015 ugefaangen. D’Iddi, fir de Konterbont als éischte komplett digitale Magasinn op Lëtzebuergesch erauszeginn, war gebuer. Mat Ënnerstëtzung vum Europäesche Sozialfong (FSE) konnt am Dezember 2017 déi éischt Editioun, déi och haut nach ëmmer gratis ka gelies ginn (Link), publizéiert ginn. No der zweejäreger Ënnerstëtzung duerch den FSE huet de Magasinn du missen op eegene Bee stoen.

Den Editeur hanner dem Konterbont ass d’ASBL Autisme Luxembourg. Thematesch grenzt de Magasinn sech bewosst vun der Associatioun an dem Theema Autismus of. D’Theema vum Konterbont ass „Lëtzebuerg an all senge Faarwen“. A verschiddene Rubricke wéi Kultur, Ekonomie, Soziales, Kulinarik, Sport … gëtt Lëtzebuerg an all senge Facettë beliicht. All Nummer huet e bestëmmtent Theema am Vierdergrond. Nieft eise feste Journalisten a Korrespondente schaffen och eis Mataarbechter mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung un den eenzelen Editioune vum Konterbont. Bis haut si méi ewéi 500 Artikele publizéiert ginn.

D’Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), dee sech ënner anerem ëm de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) këmmert, garantéiert, datt eis Artikelen den aktuellen orthografesche Reegelen entspriechen.

Dat kënnt virun allem deene Lieser zegutt, déi hiert Lëtzebuergesch duerch eng korrekt Schreifweis an e breede Wuertschatz oppäppele wëllen. An enger Premiumversioun gëtt dëst nach duerch Pop-uppen an den Texter ergänzt, déi fir verschidde Wierder an Ausdréck, déi faarweg ervirgehuewe sinn, zousätzlech Informatioune liwweren. Klickt de Lieser op dës Markéierungen, da geet eng Fënsterche mat Iwwersetzungen a véier Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch) op, wou en dat lëtzebuergescht Wuert och ka lauschteren, fir esou déi korrekt Aussprooch ze léieren. Dëst ass net nëmmen eng zousätzlech Stäip fir all déi Leit, déi Lëtzebuergesch a Sproochecoursë léieren oder geléiert hunn, mee och d’Lëtzebuerger kënnen doduerch hir Friemsproochekenntnesser opfrëschen.

De Konterbont gëtt de Schoulen als Aarbechtsmaterial fir d’Lëtzebuergesch-Coursen zur Verfügung gestallt an och an de Sproocheschoule steet en de Schüler zur Verfügung.

Wat 2015 mat engem wäisse Blat Pabeier ugefaangen huet, ass haut eng Websäit ginn, déi niewent aktuellen Hannergrond-Informatiounen en zolitten Archiv vun e puer Honnert Artikelen zu ënnerschiddlechen Theeme virweise kann.

Abonéier de Konterbont nach haut!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.

Benoriichtegungen aschalten OK Nee Merci!