Lëtzebuerg – e Milleland

Ufank 1800 hate mer zu Lëtzebuerg 660 Millen. Honnert Joer méi spéit goufen et der just nach 100. E puer Beispiller.

E Stéck vum Paradis matzen an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz

De Mëllerdall, esou muencher Lëtzebuerger ass dat gréngt Stéck Landschaft am Nordosten vum Groussherzogtum e Begrëff. Esou muencher Een denkt un déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz ewéi déi flott Regioun ronderëm d‘Uerschafften Iechternach, Berdorf, Consdorf, Beefort, a Mëllerdall am Volleksmond gär genannt gëtt. Deem Aneren kënnt éischter de Schiessentümpel, dee klenge Waasserfall am Mëllerdall, a gläichzäiteg […]

De Kierchbierg Net nëmmen e Finanzquartier, mee och e Wunnquartier!

De Kierchbierg gouf fir d’éischt an engem Akt am Joer 1222 ernimmt an huet zur Sektioun Weimeschkierch vun der deemoleger Gemeng Eech gezielt. 1875 hunn d’Bewunner vum Kierchbierg hir éischt Kapell do gebaut. De Kierchbierg huet deemools virun allem vun der Landwirtschaft gelieft. Seng stättesch Entwécklung ass enk domat verbonnen, datt déi Europäesch Gemeinschaft fir […]

Frëschmäert zu Lëtzebuerg

Gees d’op de Maart,Keef’s de eng Kou,Kriss e Källefchen derzou,An e Schwänzchen,Fir dé klenge Fränzchen… Dëst Kannergedicht, wat och an engem Kabaretslidd vum Josy Christen optaucht, ass an der Zäit an enge sëllegen Versiounen duerch d’Kannerzëmmeren heizuland gegeeschtert. Queesch duerch d’ganzt Land ginn esou Wochefrëschmäert ofgehalen, zum Beispill zu Lëtzebuerg mëttwochs a samschdes, zu Dikrech […]

International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

Zënter 1981 organiséiert de Syndicat d’initiative vu Jonglënster all Joer d’Konschthandwierkerdeeg zu Buerglënster. Gewéinlech sinn dës Konschthandwierkerdeeg am Juni wärend zwee Deeg. Hei stellen international Konschthandwierker hir Aarbechten, déi een natierlech och op der Plaz kafe kann, am Duerf an am Schlass vu Buerglënster aus. Et kann een de verschiddene Konschthandwierker bei hirer Aarbecht iwwer […]

Présentez … armes!

Nach laang net nëmme Waffen ginn zu Dikrech am Militärmusée gewisen, mee och eng Hellewull aner Zäitzeien hunn de Wee an dëse ganz spezielle Musée fonnt, dee mat sengem richtege Numm „Musée National d’Histoire Militaire” heescht. Lass gaangen ass et eigentlech op Initiativ vun engem klenge Grupp Sammler a Geschichtsfrënn a mat der Hëllef vun […]

Tourismus fir jiddereen zu Lëtzebuerg

D’Grondiddi vum accessibele Reesen oder vum „Tourismus fir jiddereen“ kënnt aus dem Konzept vum Design for All, deen op europäeschem Niveau ausgeschafft ginn ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet schonn 2013 de Konzept vum Design for All an hir Regierungserklärung niddergeschriwwen a war domat e Virreider a ganz Europa. Design for All bedeit, e gutt zougänglecht […]

D’Héichbuerg vun de Biergcourssen am Häerz vun Europa

START Zil Längt: 1,850 kilometer Beschtzäit: 48,260 Sekonnen Zënter méi ewéi 3 Joerzéngten zielt d’Eschduerfer Biergcourse, de „European Hill Race“, bis wäit iwwer eis Grenzen eraus zu deene bekanntsten a beléiftste Biergcourssen an Europa. De 4. September 1988 si fir déi éischte Kéier d’Courseautoen iwwer d’Nationale 12 op Eschduerf eropgestiermt. An hir Pilote ware voller […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.