Sam Reinard: Well mir vun Ufank un dobäi waren, gehéiere mir fest zum Bild vum neie Belval. Heiansdo vergësst een, wat fir e Gléck dëse besonnesche Kontext aus Industrie-Ierwen, Universitéit a kreativer Museksindustrie ass. Reng logistesch ass de Standuert duerch d’Proximitéit zu der Gare ganz gutt, fir eis Communautéit ze empfänken. Allerdéngs leie mer ganz déif am Süde vum Land, wat awer net ëmmer sou gënschteg ass, jee nodeem vu wou een ureest. Dofir hu mir verschidden Eventer, déi mir méi zentral zu Lëtzebuerg ubidden.
Mathieu Moës: De Bléck aus der Fënster op déi zwee Héichiewen ass eenzegaarteg. Dës Mëschung aus rauer Industrie a modernster Architektur léist sécherlech eppes aus. Se reegt d’Fantasie un a kann definitiv nei Iddien a kreativ Impulser fräisetzen.
M.M.: D’Rockhal an de Rocklab gehéieren zur selwechter Entitéit, hunn awer ënnerschiddlech Aufgaben. D’Rockhal ass eng Concertshal fir lokal an international Optrëtter. De Rocklab fungéiert dogéint als Inkubator a Ressourcenzenter. Mir ënnerstëtzen d’Museker aus Lëtzebuerg bei der Professionaliséierung, der Entwécklung vun hirer Musekskarriär a bei der Promotioun. Eisen Haaptfokus läit um Opbau vun engem gesonden, dynameschen a lokale Museksekosytem.
S.R.: E weidere Schwéierpunkt ass d’Museksvermëttlung fir eng breet Ëffentlechkeet unhand vun eisem Programm Discover. D’Zil ass et, de Grand-public fir d’Musek ze sensibiliséieren.
M.M.: Eisen Tounstudio stelle mir am Moment net zur Verfügung. Deen notze mir nëmmen am Kader vun eise Workshops. Déi am stäerkste genotzten Offer ass ganz kloer déi vun eise Proufsäll. An der leschter Saison hate mir tëschent 80 an 100 Museksprojeten an eise fënnef Proufsäll souwéi am Producer Room. Fir méi grouss Projeten notzen d’Bands eise Sall Lab oder de Club, wou si Live-Prouwen a souguer Residenzen[1] iwwer méi laang Zäit kënnen astudéieren, zum Beispill am Kader vun enger Tournée, déi bevirsteet.
M.M.: De Membership riicht sech u lokal Museker, Kënschtler a Brancheprofien ewéi „Booker“[2] oder Manager. Als Member kann een zum Beispill eng Ufro fir e Proufsallabo maachen a sech fir Netzwierktreffen a Workshoppen umellen. Mam Rocklab One gëtt des Memberschaft am Fong komplett digitaliséiert a bitt esou eng digital Entrée an de Rocklab. Dat gëllt ënner anerem fir d’Reservéierung vun de Proufsäll oder Buchunge vu Billjeeën. E weidere Virdeel ass den Zougang zu engem Branchenannuaire vun aktive Kënschtler a Museksstrukturen, fir de Networking méi einfach ze maachen.
M.M.: Rocklab One ënnerstëtzt déi Formater an Eventer, déi am Rocklab stattfannen, andeems et dobäi hëlleft, d’Kontakter an den Networking bannent eiser Gemeinschaft digital an nohalteg weiderzeféieren.
S.R.: Grondsätzlech stinn eis Offeren alle Genrë vun der moderner amplifiéierter Musek zur Verfügung.
M.M.: Et ass zwar just eng Momentopnam, mee e Bléck op Rocklab One weist, datt aktuell follgend fënnef Museksrichtungen am stäerkste vertruede sinn: Dat sinn der Rei no Rock, Metal, Pop, Elektro an Hiphop. Eis Aarbecht berücksichtegt all déi ënnerschiddlech Genren, mee fir eventuell Ongläichheeten auszebigelen, reagéiere mir op spezifesche Feedback mat geziilten Eventer wéi zum Beispill engem Rap-Workshop mat der SACEM[3] oder Filmmusek-Projeten.
Rocklab notzen, an hire Lidder? Spigelt sech hei d’Multikulturalitéit vum Land erëm?
M.M.: Mir hu keng Statistiken, mee reng op d’Gefill kann ech soen, datt sech Englesch als Liddersprooch ganz kloer op der éischter a Franséisch op der zweeter Plaz befënnt. Lëtzebuergesch gëtt duerchaus benotzt, wéi zum Beispill vum Serge Tonnar oder dem Nicool. Mee et ass éischter eng Minoritéit, déi op Lëtzebuergesch séngt.
S.R.: Et gëtt awer och eng Zeen, déi beispillsweis op Däitsch oder op Portugisesch séngt. Och Phenomeener ewéi Code-Switching, also de fléissende Sproochewiessel bannent engem Lidd, existéieren an der Rocklab-Communautéit.
S.R.: Eis Philosophie ass et, neutral an objektiv an eiser Begleedung ze sinn. Mir si keng artistesch Bestëmmer. Wann ee gäre franséische Rap mécht, ass et logesch, datt ee Franséisch als Songsprooch wielt. Mir agéieren éischter als Beroder, andeems mir Froe stellen an iwwer d’Spezifizitéite vun de Marchéen opklären. Et kann zum Beispiel schwéier sinn, am engleschsproochege Raum säi Public ze fannen, wann ee just Lëtzebuerger Texter a senge Lidder huet, obwuel dëst eventuell och als exotesch kéint wouergeholl ginn an da rëm eng reell Plus-value wär. Um Enn sinn et ëmmer d’Kënschtler selwer, déi hir Richtung bestëmmen.
M.M.: Fir all Argument gëtt et e Géigenargument. De belsche Museker Stromae huet op impressionant Aart a Weis bewisen, datt ee mat reng franséischen Texter d’Welt erobere kann.
S.R.: Et ass Fluch a Seegen zugläich. Wärend däitsch, franséisch oder englesch Bands jorelaang am eegene Land op Tour kënne goen, huet een d’Concertssäll zu Lëtzebuerg relativ séier duerch. Lëtzebuerger Bands mussen d’Land vill méi fréi verloossen a fanne sech séier an enger Export-Logik erëm. En Optrëtt zu Diddenuewen ass schliisslech schonn a Frankräich. Et muss een also ganz schnell seng Komfortzon verloossen a lant an anere Länner mat anere Mediesystemer an administrative Reegelen. Mee eis geografesch Lag huet och e geniale Virdeel. Well mir eis am Zentrum vun der Groussregioun befannen, kann eng Band hire Projet verhältnisméisseg einfach an dräi verschiddene Länner testen a kucken, wou se am beschten ukënnt.
En Interview vum Eric Rings
[1] Residenze sinn eng Zort kreativ an intensiv Schaffzäit, bei deenen d’Bands fir eng bestëmmten Zäit e Proufraum an/oder aner Hëllefe kréien, fir sech op e bestëmmte Projet ze konzentréieren.
[2] Dat si Leit, déi fir eng Band oder e Kënschtler Live-Optrëtter a Concertssäll oder op Festivaller sichen, negociéieren a buchen.
[3] Société des Auteurs, Compositeurs et Éditeurs de Musique