Placeholder Dummy template

„Wéi e Kraaftwierk, just op Rieder“

Mam Christophe Görtz op der Spuer vum Train 1900

D’ASBL AMTF[1] Train 1900 ass 1970 gegrënnt ginn. Se restauréiert, ënnerhält a bedreift historesch Zich, fir op dës Aart a Weis d’Lëtzebuerger Eisebunnsgeschicht an hire Bezuch zur Minett-Regioun lieweg ze halen. De Christophe Görtz (30) schafft bei der ASBL als benevollen Handwierker a verbréngt hei bal esou vill Stonnen ewéi bei sengem Haaptjob als Projektmanager bei der Creos. Mat him hunn ech eng Entdeckungsrees ënnerholl, déi mech dem spezielle Site, den touristeschen Zich a senger handwierklecher Passioun méi no bruecht huet.

Et si bal 42 Grad an e schwéiert Donnerwieder läit an der Loft. Ech si grad um Fond de Gras ukomm an trëppele vum Restaurant Bei der Giedel laanscht d’Gleisen erof bis bei d’Schäpp vum Train 1900. D’Sonn dréckt nawell massiv an ech froe mech, wéi et wuel dem Christophe geet, deen zënter 18 Joer als Benevole bei der ASBL aktiv ass an och bei dësen aussergewéinlechen Temperaturen un den Zich schafft. Ech erreechen de Schapp, deen hie mir als Treffpunkt uginn hat, passéieren eng ganz Rëtsch historesch Lokomotiven a Waggonen, bis ech schliisslech virum Atelier ukommen. Hei an der Hal ass et bal nach méi waarm wéi dobaussen. Wärend ech mir de Schweess vun der Stier ofwëschen, kënnt de jonken zuchbegeeschterte Mann och schonn op mech duer a streckt mir d’Hand entgéint. Mir fält säi schwaarze Berri esouwéi säi feste Grëff op. „Komm, ech weisen der de Site“, seet en a mir gi lass.

De Minett a seng Muséeseisebunn

Als Kand sinn ech mat mengen Eltere mam Train 1900 gefuer. Vu Péiteng bis op de Fond de Gras goung et, déi Streck ëmfaasst ronn 6,5 Kilometer. Dës Aktivitéit ass wuel ville Leit, déi zu Lëtzebuerg opgewuess sinn, aus hirer Kandheet bekannt. A mengem Kapp war den Train 1900 einfach en alen Zuch, deen eppes mat der Minett-Regioun ze dinn hat. Mir war allerdéngs net esou richteg kloer, datt den Zuch op engem Streckendeel fiert – der Ligne des minières – , dee fréier genotzt ginn ass, fir d’Eisenäerz ze transportéieren. Domat ass d’Faart natierlech eng Rees an déi industriell Vergaangenheet vum Grand-Duché, déi den haitege Wuelstand iwwerhaapt méiglech gemaach huet. „Hei ass de groussen Ursprong vum Eisenäerztransport“, erkläert de Christophe. „Lëtzebuerg wär haut net do, wou et ass, wa mer déi ganz Stolindustrie net gehat hätten.“

Den Train 1900 ass och méi ewéi en eenzelnen Zuch, dee vun A op B fiert. „Et ass eng kleng Eisebunn, wéi et se fréier eng Kéier am Grousse ginn ass“, esou de Christophe. D’ASBL huet aktuell 9 Damplokomotiven an hirer Kollektioun an dovu sinn der 3 betribsfäeg. Dozou kommen dann nach 4 Diesellokomotiven, 2 Schinnebusser a 15 Persouneween. Den Zuchenthusiast mécht mat mir den Tour vun de Lokomotiven a weess bei all Statioun eng Geschicht ze erzielen: Déi klengsten Damplokomotiv ass deemools vu Betriber mat engem Gleisuschloss benotzt ginn, fir d’Waggonen ze rangéieren, ier se op d’Rees geschéckt goufen, eng aner ass zu Schëffleng op der Schmelz gefuer, eng drëtt zu Déifferdeng. Och iwwer déi verschidde Persounewaggone ginn ech eppes gewuer: „Déi Ween, mat deene mir haut d’Faart gemaach hunn, sinn original Lëtzebuerger Ween. Dat si Prënzer[2]. Mir hunn awer beispillsweis och belsch Waggonen aus den 30er-Joren.“

Et ass ëmmer nëmmen en Deel vun de Maschinnen am Asaz, well den Entretien an d’Restauratioun extreem zäitopwändeg sinn. Sou géif zum Beispill d’Kesselfrist no 5 Joer gesetzlech oflafen an dowéinst wär et essenziell, eng periodesch Drockprouf ze maachen. „Mir huelen dann déi 200 Heizréier eraus, botzen alles an da klëmmt den Inspekter an de Kessel a mécht Décktemiessungen“, verréit de Christophe. Natierlech bräichten och d’Persouneween en Entretien oder méi komplex Reparature misste gemaach ginn. Dofir géif d’Flott vun den Zich all puer Joer komplett changéieren.

Wéi vill Handwierk stécht am Train 1900?

Mir gi bis ganz hannen an de Atelier, well do steet dem Christophe säin aktuelle Projet. Et handelt sech ëm eng Damplokomotiv, déi 30 Joer als Denkmal virum Direktiounsgebai vun der Arbed um Belval stoung. Nodeems d’Decisioun gefall war, datt d’Maschinn sollt verschrott ginn, hunn eng Rei Membere vun der ASBL hiert privat Geld zesummegeluecht an d’Lokomotiv fir de Schrottpräis kaf. De jonke Mann erënnert sech: „2019 hu mer geduecht, komm, mer kucken, wat se huet. Mir hunn d’Réier aus dem Kessel geholl an eis Gedanken iwwer d’Finanzéierung vun der Restauratioun gemaach.“

Wärend déi zäitlech Dimensioun vun esou engem Restauratiounsprojet mir lues a lues kloer gëtt, fiert hie weider: „2021 hu mer ugefaangen, d’Lokomotiv ze demontéieren. Mir sinn 2 bis 3 Mann, déi dat alles maachen. Mir haten d’Maschinn bis op de Chassis komplett zerluecht. D’Zylindere si futti, déi loosse mer elo an Däitschland nei géissen. De Kessel war och net méi ze gebrauchen, dofir hu mer eng Commande eraginn, fir en neien an Tschechie bauen ze loossen.“ Mëttlerweil wär e groussen Deel vun der Restauratioun fäerdeg. Wann alles gutt géing goen, wär d’Lokomotiv 2030 erëm am Asaz. Dann hätt ee gutt 10 Joer dru geschafft an 800.000 Euro investéiert.

De Christophe begeeschtert sech derfir, d’Pläng ze zeechnen, d’Material ze organiséieren – dat sinn oft Auslandsbestellungen – an d’technesch Problemer ze léisen, déi esou eng ëmfaassend Restauratioun an der Reegel begleeden. Natierlech leet hien och gäre konkreet Hand un a mécht mechanesch Reparaturen, këmmert sech ëm d’Ventiller, schweesst Klengegkeeten, schafft mat der Dréibänk, hëlt de Rascht erof oder sträicht un. „Et gëtt fir mech näischt méi Befriddegendes, wéi eppes Ales kënnen ze restauréieren. Ech gesinn, wat ech mat mengen Hänn alles ka maachen.“

Vu Faarten, Freed a Verzicht

Wann een esou laang an intensiv un enger Lokomotiv geschafft huet, ass et selbstverständlech e besonnescht Erliefnis, endlech kënne mat der Maschinn ze fueren. Seng éischt Faart konnt de Christophe mat 16 Joer maachen an dat mat enger Damplokomotiv, un där hien e puer Joer all Samschde mam deemolegen ASBL-President geschafft hat. „Et huet zäitlech alles optimal gepasst, well kuerz virdrun hat ech mäin Heizerschäi kritt, dee mir et offiziell autoriséiert, en Dampkessel ze hëtzen“, esou seng Erënnerung.

Natierlech ass et net méiglech, d’Faart mat enger Damplokomotiv eleng ze stemmen – fir esou e „Kraaftwierk op Rieder“ fueren ze loossen, gi wéinstens dräi Leit gebraucht: en Heizer, e Maschinist, also e Lokomotivfürer, an e Chef de train, dee responsabel fir den Zuch ass. Wa sonndes méi Zich ënnerwee sinn, ginn aus deenen 3 Leit séier 10, well da kënnt e Chef de gare derbäi, d’Weiche musse gestallt ginn, de Schinnebus an och d’Buvette brauche Personal. Et wär definitiv net ëmmer einfach, genuch Leit zesummenzekréien, fir alles um Lafen ze halen. An et ass kloer, datt den Zuchenthusiast domat net nëmmen déi touristesch Faarte mengt, mee virun allem och déi handwierklech Aarbecht, déi dëse wichtege Lëtzebuerger Patrimoine konservéiert: „Mir brauche vill Wëssen, dat riskéiert, verluer ze goen. Hei ginn zeg Handwierksberuffer gebraucht, déi mer mussen oprechterhalen, well et se am Fong net méi gëtt.“ De Christophe ass bereet, op villes ze verzichten, fir dës Aarbecht kënnen éierenamtlech ze leeschten.

En Artikel vum Heng Barone

[1] AMTF steet fir Association des musées et du tourisme ferroviaires.

[2] Virun der CFL sinn et zwou Eisebunnsgesellschaften zu Lëtzebuerg ginn: de Prince Henri – dofir de Begrëff „Prënzer“ – an de Wëllem. Wärend de Wëllem op den Haaptstrecken duerch d’Land ënnerwee war, huet de Prince Henri d’Niewebunne bedriwwen.

Infobox

Den Train 1900 ass eng vun den Haaptattraktioune vum sougenannte Minett Park, engem Fräiliichtmusée ronderëm d’Theema Eisenäerzofbau, deen nach aner Aktivitéiten ëmfaasst, wéi zum Beispill d’Minièresbunn. Weider Informatiounen iwwer d’Präisser an den Horaire vum Train 1900 fënns du op: https://www.train1900.lu/. Wann s de méi iwwer de Minett Park wëlls wëssen, da géi op: https://minettpark.lu/.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.