Placeholder Dummy template

D’Concertssäll zu Lëtzebuerg

Wou een am beschten op Musek kann danzen

Mol grouss, mol kleng an intim: Entdeck mat eis zesummen déi wichtegst Plazen am Land, fir Concerten ze erliewen.

Egal, wéi eng Museksrichtung een am léifsten huet: Zu Lëtzebuerg gëtt et eng beandrockend Villfalt vu Plazen, wou ee Live-Musek kann erliewen. Vun der legendärer Rockhal iwwer déi imposant Philharmonie bis hin zum CAPE – all Sall huet seng eegen Identitéit. Fir dir en Iwwerbléck ze ginn, hu mer eng Auswiel vun de wichtegste Concertssäll am Land zesummegestallt, jeeweils mat Informatiounen zu hirer Adress, hirem kulturelle Programm an hirer maximaler Capacitéit.

Fir grouss international Concerten ass Esch-Uelzecht mat der Rockhal an der Kulturfabrik déi optimal Adress. Wien et méi ofwiesslungsräich wëllt, dee kënnt an der Stad op seng Käschten. An der Philharmonie um Kierchbierg erwaarden een ënner anerem Klassik an Jazz, am Atelier zu Hollerech virun allem Rock an an der Luxexpo um Kierchbierg grouss Evenementer. Eng méi intim Ambiance bidden d’Abtei Neimënster am Gronn, d’Rotondes bei der Gare, de Gudde Wëllen an de Mirador am Zentrum oder och de Conservatoire um Belair.

Mee och ausserhalb vun der Haaptstad ass d’Musek doheem: zum Beispill am Trifolion zu Iechternach mat sengem ofwiesslungsräiche Programm, am Aale Stadhaus zu Déifferdeng, am Kulturzenter Opderschmelz zu Diddeleng, am CAPE zu Ettelbréck oder am Cube 521 zu Maarnech. U kulturelle Plazen, wou ee Musek ka live genéissen, feelt et zu Lëtzebuerg definitiv net.

Eng Iwwersiicht vum Carlos Entringer an dem Atelier Info-Média

Karte von Luxemburg - Veranstaltungsorte

Rockhal

Esch/Uelzecht
Max: ca. 6500
Details & Adresse ⬇

Den Atelier

Stad Lëtzebuerg (Hollerech)
Max: ca. 1200
Details & Adresse ⬇

Trifolion

Ierchternach
Max: ca. 1000
Details & Adresse ⬇

Cube 521

Maarnech
Max: ca. 350
Details & Adresse ⬇

Kulturfabrik

Esch/Uelzecht
Max: ca. 1135
Details & Adresse ⬇

Neimënster

Stad Lëtzebuerg (Grond)
Max: ca. 2900 (Open-Air)
Details & Adresse ⬇

Philharmonie

Stad Lëtzebuerg (Kierchbierg)
Max: ca. 1890
Details & Adresse ⬇

Opderschmelz

Diddeleng
Max: ca. 620
Details & Adresse ⬇

Conservatoire

Stad Lëtzebuerg (Märel)
Max: ca. 615
Details & Adresse ⬇

Luxexpo The Box

Stad Lëtzebuerg (Kierchbierg)
Max: ca. 3500
Details & Adresse ⬇

The Flying Dutchman

Beefort
Max: ca. 150-200
Details & Adresse ⬇

Rotondes

Stad Lëtzebuerg (Gare)
Max: ca. 500
Details & Adresse ⬇

Aalt Stadhaus

Déifferdeng
Max: ca. 240
Details & Adresse ⬇

De Gudde Wëllen

Stad Lëtzebuerg (Uewerstad)
Max: ca. 80-120
Details & Adresse ⬇

Mirador

Stad Lëtzebuerg (Clausen)
Max: ca. 200
Details & Adresse ⬇

CAPE

Ettelbréck
Max: ca. 450
Details & Adresse ⬇

1. Rockhal

Capacitéit: ca. 6500

Uert: Esch/Uelzecht
Adress: 5, Avenue du Rock ‘n’ Roll, 4361 Esch-sur-Alzette
Maximal Capacitéit: ca. 6500 (Haaptsall) / ca. 1200 (Club) / ca. 200 (Floor)
Programm: meeschtens Concerten, Comedy-Shows – zum Beispill „Luxembourg du Rire“
Erëffnungsjoer: 2005

2. Den Atelier

Capacitéit: ca. 1200

Uert: Stad Lëtzebuerg (Hollerech)
Adress: 54, Rue de Hollerich, 1740 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 1200
Programm: Concerten, Porte-ouverten an aner Evenementer
Erëffnungsjoer: 1995

3. Trifolion

Capacitéit: ca. 1000

Uert: Ierchternach
Adress: 2, Porte St. Willibrord, 6486 Echternach
Maximal Capacitéit: ca. 1000 (ca. 700 am Atrium / ca. 300 am Agora)
Programm: Theaterstécker, Konferenzen an aner kulturell Evenementer
Erëffnungsjoer: 2008

4. Cube 521

Capacitéit: ca. 350

Uert: Maarnech
Adress: 1 – 3, Driicht, 9764 Munshausen/Marnach
Maximal Capacitéit: ca. 350
Programm: En interdisziplinäre Programm mat Musek, Danz an Theater
Erëffnungsjoer: 2007

5. Kulturfabrik

Capacitéit: ca. 1135

Uert: Esch/Uelzecht
Adress: 116, Rue de Luxembourg, 4221 Esch-sur-Alzette
Maximal Capacitéit: ca. 1135 (ca. 850 am grousse Sall / ca. 250 am klenge Sall / ca. 35 am Ratelach)
Programm: Verschidde kulturell Evenementer: Konferenzen, Concerten, DJ-Sets an Theatervirstellungen
Eegenaart: Befënnt sech an engem eemolege Schluechthaus
Erëffnungsjoer: 1998

6. Neimënster

Capacitéit: ca. 2900

Uert: Stad Lëtzebuerg (Grond)
Adress: 28, Rue Münster, 2160 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 2900 bei Open-Air-Concerten (Parvis)
Programm: Concerten, Theaterstécker, Kënschtlerresidenzen an Ausstellungen
Erëffnungsjoer: 1606 (Gebai), 2004 (Kulturzenter)

7. Philharmonie

Capacitéit: ca. 1890

Uert: Stad Lëtzebuerg (Kierchbierg)
Adress: 1, Place de l’Europe, 1499 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 1890 (ca. 1470 Groussen Auditorium / ca. 300 Kammermusekssall / ca. 120 Entdeckungsraum)
Programm: Kulturell Evenementer: Orchesteren, Danz- a Museksspektakelen, Theaterstécker an Ausstellungen
Erëffnungsjoer: 2005

8. Opderschmelz

Capacitéit: ca. 620

Uert: Diddeleng
Adress: 1a, Rue du Centenaire, 3475 Dudelange
Maximal Capacitéit: ca. 620 (ca. 500 Groussen Auditorium / ca. 120 Klengen Auditorium)
Programm: Concerten (meeschtens klassesch Musek)
Erëffnungsjoer: 2007

9. Conservatoire de la Ville de Luxembourg

Capacitéit: ca. 615

Uert: Stad Lëtzebuerg (Märel)
Adress: 33, Rue Charles Martel, 2134 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 615
Programm: Jazzconcerten, Singer-Songwriter-Festivaller, „Weltmusek“, zäitgenësseschen Theater a Spektakele fir Kanner
Eegenaart: Wéinst Renovéierungsaarbechten viraussiichtlech bis September 2027 zou
Erëffnungsjoer: 1906 (Grënnung), 1984 (aktuellt Gebai mat Concertssall)

10. Luxexpo The Box

Capacitéit: ca. 3500+

Uert: Stad Lëtzebuerg (Kierchbierg)
Adress: 10, Circuit de la Foire Internationale, 1347 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 3500 (d’Hale kënne modular kombinéiert ginn) / Open-Air: bis zu 75.000
Programm: Foiren, Kongresser, Konferenzen, Firmenevenementer, ëffentlech Versammlungen an de Festival „Luxexpo Open Air“
Erëffnungsjoer: 1974 (Foire-Areal), 2017 (Numm “Luxexpo The Box”)

11. The Flying Dutchman

Capacitéit: ca. 150-200

Uert: Beefort
Adress: 3, Rue des Rochers, 6310 Beaufort
Maximal Capacitéit: ca. 150 bis 200 (keng offiziell Zuele bekannt)
Programm: Concerte vu verschiddene Museksrichtungen (dacks trieden och DJen op)
Erëffnungsjoer: 1976

12. Rotondes

Capacitéit: ca. 500

Uert: Stad Lëtzebuerg (Gare-Rocade)
Adress: 3, Place des Rotondes, 2448 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 500 am grousse Sall
Programm: Musikalesch esouwéi aner kënschtleresch Evenementer
Eegenart: Ier d’Rotonden zu engem Kulturzenter ëmgebaut goufen, ware se fir d’éischt Depote fir Damplokomotiven an duerno Ateliere fir d’Lagerung an d’Reparatur vun CFL-Bussen.
Erëffnungsjoer: 1875 (Depot fir Damplokomotiven) , 2015 (Kulturzenter)

13. Aalt Stadhaus

Capacitéit: ca. 240

Uert: Déifferdeng
Adress: 38, Avenue Charlotte, 4530 Differdange
Maximal Capacitéit: ca. 240
Programm: Concerten, Konschtausstellungen an aner Eventer
Erëffnungsjoer: 2014

14. De Gudde Wëllen

Capacitéit: ca. 80-120

Uert: Stad Lëtzebuerg (Uewerstad)
Adress: 17, Rue du St. Esprit, 1475 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 80 bis 120
Programm: Concerten, Comedy-Owender (Stand-up), Theater, Filmer a Performancen
Erëffnungsjoer: 2014

15. Mirador

Capacitéit: ca. 200

Uert: Stad Lëtzebuerg (Clausen)
Adress: 2, Montée de Clausen, 1343 Luxembourg
Maximal Capacitéit: ca. 200
Programm: Optrëtter vu Museksgruppen an DJen
Erëffnungsjoer: 2022

16. CAPE "Centre des Arts Pluriels"

Capacitéit: ca. 450

Uert: Ettelbréck
Adress: 1, Place Marie-Adelaïde, 9063 Ettelbruck
Maximal Capacitéit: Auditorium ca. 450
Programm: Ausstellungen, Chorallen, Concerten, Konferenzen a Comedy-Owender
Erëffnungsjoer: 2000

© Claude Piscitelli