Placeholder Dummy template

Foto: © Sebastian Madlener

„Mäi Liewen um Teller“

De Stärekach KimKevin de Dood am Portrait

Knapps hunn ech e Fouss an den Haff vun der wonnerschéiner Villa Pétrusse gesat, kënnt mir aus där enger Dier och schonn den Hotelpage entgéintgelaf. Aus enger anerer Dier luusst ee vun de Käch aus der Kichen eraus. Ech stelle mech vir an no kuerzem Waarden an der Receptioun steet de Stärekach KimKevin de Dood viru mer. Mat engem coole „Salut“ begréisst hie mech a mir sichen eis e gemittlechen Eck am Restaurant fir eisen Interview.

Foto: Tristan Auer © Amaury Laparra

Nee, den Numm ass op dëser Plaz net falsch geschriwwen. „Et ass d’Story vu mengem Liewen“, schmunzelt dee sympathesche Stärekach mam hollännesche Familljennumm. Tatsächlech gëtt Kim a Kevin uneneegeschriwwen, mat engem grousse K an der Mëtt. Och wann dëst a sengem Pass net esou konnt registréiert ginn, war hie ganz Feier a Flam, wéi ech e gefrot hunn, ob ech den Numm da genee esou ofdrécke soll.

Munchereen nennt de KimKevin en Éisleker Jong, eng Bezeechnung, déi bei de 35-Järegen ëmmer nach passt. Tatsächlech wierkt hien trotz senger fulminanter Karriär als villfach ausgezeechente Stärekach ëmmer nach ganz buedemstänneg, huet absolut guer keng Star-Allüren, mee ass, au contraire, e ganz relaxe Kärel, wéi hie selwer seet, an ëmmer nach en typeschen Éisleker Lëtzebuerger, dee riichteraus seet, wat en denkt – vun der Long op d’Zong eeben.

E Michelin-Stär fir de Lys

Och de 4. Mee 2026 ännert näischt u senger Astellung – deen Dag, op deem hie fir säi Restaurant Lys den éischte Michelin-Stär krut, iwwregens deen eenzege Stär, dee Lëtzebuerg dëst Joer kritt huet. „Mir si wierklech immens houfreg, dës fabelhaft Nouvelle kritt ze hunn. Als ganz Ekipp hu mir natierlech immens vill an haart dru geschafft, fir de Lys op dësen Niveau ze bréngen an national wéi och international bekannt ze maachen. De Michelin-Stär ass dofir déi schéinst Belounung, déi mer eis hätte kënne virstellen“, seet hien. Mee schonns e puer Deeg méi spéit hat de frësch ausgezeechente Stärekach dat Ganzt schonn e bësse verdaut a war mat senger Ekipp nees voll am Asaz. „Nom Guide ass virum Guide“, seet hien, „an natierlech wëlle mer eis nach weider verbesseren an all Dag eist Bescht ginn.“

Direkt no senger Ausbildung an der Dikrecher Hotelsschoul huet hien a verschiddenen europäesche Stärekiche wäertvoll Kach-Erfarungen um héchsten Niveau gesammelt. Bis et hien dunn an Asie verschloen huet. Vu deem Moment u sollt déi asiatesch Kultur net méi vun him lassloossen. „Si ass en Deel vu mir“, seet hie ganz stolz. Seng Fra ass aus Asien, seng Duechter wiisst an deenen zwou Kulturen op, genee esou wéi dem KimKevin seng gastronomesch Kichen, déi ëmmer op der Sich nom asiateschen Touch ass.

„Et ass mäi Liewen um Teller“, seet hien. „Dat heescht, ech sinn an ech bleiwe Lëtzebuerger, mee d’Hallschent vu mengem Liewen hunn ech mëttlerweil an Asie verbruecht. Ech soen och ëmmer, mäin Iessen huet eng Lëtzebuerger Séil mat e puer asiateschen Touchen.“

Schonn 2017 hat hie mat nëmme 24 Joer säin éischte Michelin-Stär fir seng excellent Kichen am Restaurant Saint-Pierre zu Singapur kritt. D’Joer drop krut hien dunn den zweete Stär fir dëse Restaurant. An de Joren dono huet hien eng Filial vum Saint-Pierre zu Kuala Lumpur a Malaysia opgemaach.

An der Kichen an Asien huet de KimKevin ganz vill Lektioune geléiert, ganz besonnesch a punkto Prezisioun. „Ech hu geléiert, datt all Detail an all klengt Element zielt.“ Mee och baussent der Kichen huet hie villes geléiert. „Zum Beispill Disziplin“, seet hien. „Am Éislek geet een och mol eng Kéier einfach esou iwwer d’Strooss a passt vläicht net esou op. Zu Singapur mécht een dat besser net. Do sinn d’Gesetzer vill méi direkt a méi streng wéi bei eis.“

2025 huet et de Stärekach dunn erëm zeréck op Lëtzebuerg gezunn. Am Juni huet hien déi zwee Restauranten an der bekanntener Villa Pétrusse, an där sech och en Hotel befënnt, an der Uewerstad iwwerholl: de gastronomesche Lys an deen e bësse méi einfache Ciel, deen ee kann als bistronomescht Lokal bezeechnen. Kuerzfristeg kritt een hei och eng Plaz, wougéint dat am Lys, deen nëmmen 10 Dëscher huet, e bësse méi schwiereg gëtt. Déi nächst zwee Méint sinn hei scho komplett ausgebucht. De KimKevin freet sech natierlech doriwwer, weist awer dorobber hin, datt ee sech kann op eng Waardelëscht setze loossen. Falls kuerzfristeg en Dësch fräigëtt, da kritt ee Bescheed gesot.

Fotoen: © KimKevin de Dood

Net onbedéngt Kostüm a Krawatt

Wien elo mengt, et misst een onbedéngt e Kostüm mat Krawatt undoen, fir am nei priméierte Stärerestaurant iessen ze kënnen, deen iert sech. De KimKevin hält perséinlech net vill vun esou Kleederuerdnungen. Hie selwer deet op esou Plazen eng propper Box an en normaalt Hiem un. „Dat Wichtegst ass, datt ee sech wuel fillt“, sou seng Meenung.

Och vis-à-vis vun anere gastronomesche Käch weist sech de gebiertegen Éisleker immens kollegial. „Wa bei engem eppes an der leschter Minutt feelt an ech hunn et hei leien, dann deelen ech gären“, seet hien. Dobäi sinn déi aner Spëtzekäch fir hie keng Konkurrenten, mee Kolleegen. Dat ass him ganz wichteg. „Mir wëllen zesummen déi Lëtzebuerger Gastronomie op engem héijen Niveau weiderentwéckelen.“

Scho fréi koum de Stärekach mam Kachen a Kontakt. Hien erënnert sech un eng Zeen, wéi hie knapp 2 Joer al war a seng Mamm an der Kiche Grompere geschielt huet. Hien huet a sengem Stillchen op d’Gromper gewisen, bis seng Mamm him se dunn endlech mat engem Schieler ginn huet. Hien huet de Schieler awer net akzeptéiert an ewechgeheit, bis seng Mamm him um Enn dat schaarft Messer huet misse ginn. An de Joren dono huet hie mat senge Geschwëster doheem ëmmer gekacht. Wéi seng Mamm dunn heemkoum, konnte se direkt iessen. Doduerch hate si dono nach Zäit, fir mat hirer Mamm ze spillen.

Wat réit dann de 35-Järegen deene Jonken, déi mam Gedanke spillen, Kach ze ginn? Kann eigentlech jiddereen e KimKevin de Dood ginn? „Jo, ech denken, datt jiddereen dat ka ginn, wann e gewëllt ass, Zäit, Energie, Léift, Tréinen a Schweess an dëse Beruff ze stiechen“, seet hien. „Kach sinn ass zwar en haarde Beruff, mee en extreem flotten, deen awer net fir jiddereen dat Richtegt ass. Et ass wierklech e Beruff, dee mécht een, well ee Freed drun huet, well een et wëll maachen.“ Hie betount och, datt ee verschidden Zorte vu Käch brauch, net nëmme Stärekäch. Déi ginn alleguer gebraucht a jiddereen huet seng eegen Erausfuerderungen.

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.