Huele mer mol un, Schëppe Siwen wär eng Persoun. De Jojo, Ko-Grënner, Manager, Leadsänger a Violonist gesäit sech kloer als Gehier vun der Band, wat deemno gläichzesetze wier mam Kapp vu Schëppe Siwen. D’Häerz dervunner gesäit hien am Lionel, dee Gittarist, Grafiker a Matgrënner vun der Museksband ass. „Hien ass immens kreativ, artistesch begaabt a bei him spruddele gläichzäiteg dausend Iddien“, erzielt de Jojo mir. Hie mécht d’Grafike vun den Alben, T-Shirten, Affichen an all aner Zort vu Layouten. „Schliisslech ass dat a sengem anere Liewen och säi Beruff.“
Am Ganze besteet Schëppe Siwen aktuell aus zéng Museker*innen. „De Kierper huet jo net nëmmen e Gehier an en Häerz, mee ganz vill aner Deeler, déi genausou essenziell sinn“, erkläert de Jojo. „Déi Metapher mam Kierper fannen ech guer net esou schlecht“, seet hien. „Schliisslech mécht bei eis jiddereen iergendeppes.“ Deen een ass fir den Onlineshop zoustänneg, deen anere fir de Booking, erëm een anere fir de Sponsoring, de Merch oder d’Kooperatioun mat anere Partner. Anerer bedeelege sech un der Kompositioun vun de Lidder. „Sou huet u sech jidderee seng Roll.“ Hien erkläert, datt Verschiddener awer bewosst just Museker sinn: „Si spillen hiert Instrument a suerge fir eng gutt Stëmmung. Si droen domadder hiren Deel zum Ganze bäi.“
De Jojo fënnt am Laf vum Gespréich awer nach weider Metapheren, fir seng Band ze beschreiwen. Hie schwätzt vun engem Ameisebau, wou net ganz vill Plaz fir individuell Emanzipatioun ass, mee éischter fir de Kollektiv, well se alleguer un engem Strang zéien a jiddereen deem grousse Ganzen zouschafft. Wann et ëm d’Opstellung op der Bün geet, da schwätzt hie vun enger Opstellung, déi un eng Fussballsekipp erënnert a wou jidderee seng prezis Funktioun huet. „Natierlech ass de Sänger op der Bün duerch seng Roll e bësse méi exposéiert“, gëtt hien zou. „Trotzdeem si mer awer zu dräi an der éischter Rei. An der zweeter Rei stinn der zwee an hannendrun nach eemol véier Leit an d’Batterie.“ De Jojo seet awer och, datt dëst keng fix Opstellung ass, schliisslech ass Schëppe Siwen jo bekannt fir hir Choreografien op der Bün. „Ëmmer erëm kënnt et wärend engem Concert zu Wiessele bei der Opstellung.“
Schëppe Siwen ass Folk-Punk, e bësse Reggae, souguer Ska, och Rock a Pop an heiansdo och eng Grëtz Schlager a Polka. An dat Ganzt entsteet duerch d’Zesummespill vun enger ganzer Panoplie vun Instrumenter, wou niewent der Gei, der Gittar an der Batterie och d’Ziharmonika, d’Flütt a weider Blosinstrumenter fir de bekannte Schëppe–Siwen-Sound suergen. Dee fir d’Band typeschen Irish-Folk-Aschlag erkläert de Jojo sech duerch ee vun hiren éischte Concerten am Vis-à-Vis an der Stad, wou d’Band fir den iresche Saint Patrick’s Day e groussen Optrëtt hat, dee sou gutt ukomm ass, datt dësen iwwert laang Joren zur Traditioun vun der Band gehéiert huet.
Wa mer an eiser Metapher vun der Persoun weiderdenken, dann ass Schëppe Siwen e richtege Punk: Déi immens héich Energie, souguer eng gewëssen Aggressivitéit kann ee carrement spieren, wann d’Band d’Bün betrëtt. „An der Essenz ass Punk eng Protestbeweegung, déi sech géint eppes opleent a versicht, den diskriminatoresche System, deen en place ass, ze zerbriechen, fir eng méi gerecht Welt ze schafen“, erkläert de Jojo. „Mir wëllen eppes änneren an d’Welt e Stéck besser maachen.“ Mee hie seet awer och, datt Schëppe Siwen kee renge Punk ass, mee Folk-Punk. „Dee folkloristeschen Aspekt ass fir eis Musek immens wichteg, well mer doduerch d’Leit wëllen zesummebréngen; Leit, déi sech net kennen, stinn niewenteneen a feieren zesummen.“ De Jojo nennt dat Barriären ofbauen. „Et feiert an danzt een zesummen an et wërft een dobäi seng Differenzen iwwer Bord.“
Schëppe Siwen huet och e staark ausgepräägtent soziaalt Gewëssen. „Dat kënnt dohier, datt mer an der Band alleguer engem soziale Beruff noginn“, sou de Frontmann. „Mir sinn zimmlech idealistesch gepräägt a wëllen déi Iddien dann och onbedéngt mat deene Moyenen, déi mer hunn, ëmsetzen.“ De Jojo fënnt seng Ausso „d’Welt e Stéck besser ze maachen“ zimmlech patheetesch, mee et wier awer dat, wat d’Band undreift. Heimadder wëlle si niewent dem kulturelle Volet der Gesellschaft eng weider Plus-value ginn.
Mat Kultur verbënnt de Jojo d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an engem méisproochege Kontext, deen een zu Lëtzebuerg an awer och an Europa virfënnt. D’Sprooch vun der „Persoun“ Schëppe Siwen ass nämlech Lëtzebuergesch, bis op e puer wéineg Ausnamen. „Mir hunn eis Mammesprooch bewosst gewielt, well et eng kleng Sprooch ass, déi hir eege Biller a Metapheren huet, mat deene mer typesch Begrëffer a Gedanken authentesch eriwwerbrénge kënnen.“
Säit fënnef bis sechs Joer huet Schëppe Siwen, déi Enn 2009 d’Luucht vun dëser Welt erbléckst huet, sech enorm professionaliséiert, sou dem Jojo seng Aschätzung. „Se ass vill méi räif ginn“, seet de Jojo. Mëttlerweil ass ronderëm d’Band eng Crew vu ronn 20 Leit. Si reesen ëmmer mat hirem eegene Material un an d’Crew baut virum Concert alles op an dono erëm of. Wärend dem Concert sinn d’Luuchten-, d’Toun- an d’Bünentechniker am Asaz an iwwerpréiwe permanent alles. Fir an der Metapher „Mënsch“ ze bleiwen, schwätzt de Jojo vun enger ganzer Famill a Form vun enger Persoun; et kann ee sech och e Mënsch mat zwanzeg Äerm a Féiss a siwe Käpp virstellen. „Mir verzichten als Museker dacks op eis Gagen an investéieren dofir an eist professionellt Material an an eis Crew.“
„Grad op deem Niveau, op deem mir elo ënnerwee sinn, fannen ech et immens wichteg, d’Lëtzebuerger Sprooch bäizebehalen. Ech wëll wëssen, wéi wäit mer domadder kommen.“ Och bei Optrëtter am Ausland gëtt konsequent op Lëtzebuergesch gesongen. Mam Nodeel, datt vläicht wichteg Messagen an den Texter net verstane ginn. Allerdéngs mécht de Frontsänger virun all Song eng kuerz Ukënnegung an erkläert an der jeeweileger Landessprooch respektiv op Englesch den Haaptmessage. „Sou geet näischt verluer.“
A wéi geet et weider? Wéi den Titel vun hirem leschten Album verroden huet, war Schëppe Siwen bis elo um Wee Richtung Fräiheet. Dës Opbrochstëmmung gëtt elo konsequent weidergefouert a féiert direkt bei den nächsten Album Bohemian Folk Circus, deen de 6. Mäerz 2027 an der Rockhal virgestallt gëtt. „Hei steet no der Sich no der Fräiheet déi gesellschaftlech Entwécklung am Vierdergrond“, erkläert de Jojo. „Méi wëll ech net verroden, fir datt et spannend bleift.“ Just esou vill: „Et wäerte ronn véierzeg Leit op an hanner der Bün stoen. An et gi verschidde Konschtforme matenee vermëscht, dorënner Zirkus an Theater, fir nëmmen déi ze nennen. Den Optrëtt ass ewéi en Theaterstéck a fënnef Akten agedeelt.“
Eis „Persoun“ Schëppe Siwen ass also niewent all hiren anere Rollen och nach Schauspiller, Dichter, Akrobat a Philosoph. Domat weist dës eenzegaarteg Lëtzebuerger Band, datt hire kreativen Honger an hire stännegen Drang, d’Welt ze verbesseren, nach laang net eriwwer ass.
En Artikel vum Eric Rings
De Jojo erkläert dem KONTERBONT, datt d’Iddi vun Ufank un do war, fir déi Lëtzebuerger Kultur nei ze denken an e bëssen ze moderniséieren. „Do hu mer no engem Bild gesicht, wat dat representéiert.“ D’Kaartespill war dofir dat bescht Beispill. „Ganz fréi ware mir an de Scouten an hunn eis zu Gaasperech ganz aktiv am Duerfliewen engagéiert.“ Ëmmer erëm sinn Tombolaen organiséiert ginn, déi unhand vu Kaartespiller ausgeloust goufen. De Jojo nennt dëst „d’Bildnis vun der Lëtzebuerger Dëppefestkultur“. D’Kaarte goufen an zwee Stécker geschnidden, eng Säit konnt ee kafen an déi aner gouf an de Pot geluecht, fir no an no gezunn ze ginn. An d’Kaart mat der Schëppe-Siwen drop war dacks déi, déi déi déckste Corbeille matgeholl huet. „Dat fanne mer als Bildnis ganz schéin, well et un Traditiounen uknëppt an eis an enger gewëssener Selbstironie als Gewënner bezeechent, woubäi mir meeschtens d’Underdogs waren, déi vun der Säit koumen, mat deene kee gerechent hat“, sou de Frontsänger. „Munchereen huet sech scho geduecht, wat sinn dat da fir Clownen, déi do op der Bün ronderëmsprangen an hir Zirkusmusek maachen! D’Ironie huet am Fong gutt gepasst.“