Et ass wierklech e besonnesche Moment. D’Atmosphär ass esou idyllesch, datt ech kuerz d’Gefill hunn, d’Zäit wär stoe bliwwen. Ech befanne mech nieft dem Monique op enger spezieller Kutschekonstruktioun, déi vun zwee Päerd gezu gëtt. D’Monique huet d’Léngten an der Hand an dréint mat eis e puer Ronnen um Terrain vun der ASBL Leederwon, deen hannert dem Haff läit. Déi aner Säit vum Monique sëtzt ee vun eisen encadréierte Mataarbechter. Seng Hand läit um Kapp vum Laika. Dat erstaunt mech a mécht mech ëmsou méi frou, well d’Laika ass de Mupp, deen um Haff lieft, an eise Mataarbechter hat nach viru Kuerzem gesot, datt hien Angscht virun Déieren hätt an net mat hinne wéilt a Kontakt trieden. Elo heemelt en esouguer duuss dem Laika säi Kapp an huet e selbstbewosst Laachen am Gesiicht.
Virun eiser Véierer-Ekipp läit e weideren encadréierte Mataarbechter op enger dënner Matrass. En huet d’Aen zou a genéisst et, sech vun deenen zwee Päerdsrécker, déi sech ënner him beweegen, masséieren ze loossen. D’Uspanung ass fort a säi Kierper gëtt richteg hin- an hiergerëselt. Och op sengem Gesiicht erkennen ech e Laachen, dat en Ausdrock vu senger ënnerlecher Entspanung ass. Eis Faart gëtt net nëmme vun dräi Geesse flankéiert, déi fräi um Haff ronderëmlafen, mee och vun enger meditativer Musek, déi d’Monique iwwer eng kleng Box ofspille léisst. Et sinn all dës kleng Elementer, déi zesumme geholl de Moment a senger Ganzheet esou memorabel maachen. D’Laachen an déi allgemeng Entspanung beréiere mech – esou staark, datt mir bal d’Tréine kommen. Mäi Kapp gëtt ganz roueg, ech weess guer näischt méi ze soen, hu keng Froe méi ze stellen a loosse mech einfach vum Monique an den zwee Päerd guidéieren.
Wann een d’Monique freet, wéi een dann drop kënnt, fir esou e seelent Handwierk ze léieren, dann äntwert déi jonk Fra, datt si schonn ëmmer Interessi un der handwierklecher Beschäftegung gehat hätt: „Ech hunn dermat ugefaangen, Schmuck ze maachen. Dono hunn ech Raumfänger gebastelt. Saachen hierstellen, kreativ sinn, dat begeeschtert mech, zënter datt ech denke kann.“ Besonnesch d’Lieder an d’Aarbecht mat dësem Material huet et hir ugedoen. Dat kënnt dohier, datt si vu Klengem u mat Päerd ze dinn hat an dobäi ëmmer d’Liederausrüstung bewonnere konnt. „Ech hunn et e schéint Material fonnt, och fir Poschen ze maachen, fir Polsteren ze bezéien, et ass immens villsäiteg“, seet d’Reitsportsuedlerin.
Allerdéngs si Liederhäit zimmlech deier an et brauch een och vill verschiddent Handwierksgeschier, fir kënnen adequat mam Material ze schaffen. Den Interessi war also do, mee d’Monique wosst nach net genee, wat déi bescht Optioun wär, fir hirer Passioun fir d’Lieder-Aarbecht geziilt nozegoen. Heiansdo spillt d’Liewen engem an esou Situatiounen an d’Hänn. Nom Lycée hat déi jonk Fra e fräit Joer, ier se mat der Uni sollt ufänken. Well si net doheemsëtze wollt, huet se sech beim Service national de la jeunesse gemellt, fir kënnen e „Service volontaire“ bei enger ASBL oder enger Fondatioun ze maachen. Tatsächlech huet den Haff zu Betzder deemools no enger Persoun gesicht, déi mat de Päerd aushëlleft, an esou ass de Kontakt mam Peter Aendekerk entstanen, deen de Leederwon-Projet initiéiert an opgebaut huet.
„Ech hunn einfach do matgehollef, wou ech gebraucht gi sinn. Ech hunn de Stall gemëscht, d’Päerd gefiddert a se preparéiert, wann d’Clientë fir d’Huffbett-Reide komm sinn“, erënnert sech d’Monique un déi éischt Zäit beim Leederwon. „Wou vill Päerd sinn, ass och vill Geschier, wat muss ënnerhale ginn. Ech hunn ugefaangen, mech ëm dat ze këmmeren an et ze botzen.“ Hir ass opgefall, datt verschidde Saachen e bësse futti waren, datt z. B. eng Nout lass war. A well de Peter Handwierksgeschier parat hat, fir am Lieder ze schaffen, huet si einfach probéiert, kleng Fléckereie selwer ze maachen.
De Peter huet dem Monique säin Interessi an Talent fir d’Lieder-Aarbecht erkannt an him e Stage bei engem Geschiermécher an der Belsch vermëttelt. Bei dësem Handwierker, dee virun allem Kutschegeschier hiergestallt huet, war déi jonk Fra eng Woch an huet hei, wéi si et nennt, „déi elementar Basics“ geléiert. Dës Erfarung war de Startpunkt, deen alles un d’Rulle bruecht huet: D’Monique huet sech zu Stuttgart an d’Beruffsschoul ageschriwwen, huet gläichzäiteg an der Géigend vu Köln bei enger Reitsportsuedlerin geschafft an och ëmmer erëm de Geschiermécher an der Belsch besicht, fir sech weiderzebilden – natierlech huet si dobäi ni de Leederwon aus den Ae verluer.
„Du koum Corona an ech konnt net méi iwwer d’Grenz fueren. Dat huet alles méi schwéier gemaach. Ech wollt awer net opginn an hu mir en Atelier hei beim Leederwon ageriicht. Ech hu kontinuéierlech mäin Handwierk geüübt a mer villes selwer bäibruecht“, esou d’Monique. Hir Ausbildung huet se schliisslech mat der Geselleprüfung ofgeschloss. Am Réckbléck hält d’Reitsportsuedlerin fest, datt et keen einfache Wee war – an dat net nëmme wéinst der Covid-Pandemie, déi se als Zäsur erlieft hat: „Ech krut wierklech vill Steng an de Wee geluecht, well de Beruff zu Lëtzebuerg net méi op der Ausbildungslëscht stoung an deementspriechend eng Léier bei eis net méiglech war.“ Hir ass et wichteg, ze betounen, datt ee sech net vun Erausfuerderungen ënnerkréie loosse soll, et wär wichteg, fir seng Passioun ze kämpfen, well da kéint een dono och houfreg op d’Resultat sinn.
Fir d’Monique ass dat Besonnescht um Beruff vun der Reitsportsuedlerin, datt en zwee eigentlech getrennte Beräicher kombinéiert: Op där enger Säit ass et nämlech en Handwierk, dat spezifesch Fäegkeeten erfuerdert, op där anerer Säit huet een de Kontakt mam Déier, fir dat een z. B. en Halsband oder e Suedel hierstellt. Ech gi gewuer, datt e Suedel en héich individualiséierten Handwierksproduit ass, dee souwuel un d’Statur vun de Päerd ewéi och un d’Besoine vun de Reider*innen ugepasst muss sinn. Am Kader vum Leederwon géif et allerdéngs kee Sënn maachen, Siedel selwer hierzestellen, den Opwand wär ze grouss, well alles vun Hand misst gemaach ginn, an dofir kéint een net mat grousse Betriber mathalen, déi op spezialiséiert Maschinnen zeréckgräifen.
Tatsächlech mécht d’Monique immens vill mat der Hand – dat gëllt beispillsweis fir d’Hierstellung vun enger Trens[1] oder engem Halfter[2]. Esou Stécker kënnen deelweis guer net mat der Bitzmaschinn gemaach ginn, well d’Schnallen am Wee sinn – d’Reitsportsuedlerin verréit awer nach e weidere Grond, firwat d’Handaarbecht bei dësen Objeten essenziell ass: „Alles, wat mat der Hand gebitzt gëtt, ass vill méi resistent ewéi d’Nout vun der Maschinn. E Päerd ass en Déier, dat eng enorm Kraaft huet, dofir ass et wichteg, datt d’Handnout hält, wann d’Päerd eemol fest dru rappt. Am schlëmmste Fall ass just ee Segment betraff, mee et ass net esou wéi bei de maschinell hiergestallte Kleeder, wou een dann de ganze Fuedem kann erauszéien.“
Et ass kloer, datt esou eng Handaarbecht, virun allem d’Bitzen, awer och d’Schneide vun de Liederstécker an déi kreativ Iwwerleeungen am Virfeld, nawell eng gutt Portioun Gedold erfuerderen. Stonnelaangt Bitze verlaangt Ausdauer a Prezisioun, e Kramp am Fanger ass keng Seelenheet. D’Monique huet sech e klenge Fangerschutz gebaut, fir datt de Fuedem net an d’Fleesch schneit. Och d’Kreativitéit wär e wichtegen Aspekt, dee bei dësem Beruff net dierft vernoléissegt ginn: Bei der Hierstellung vu Päerdsgeschier, awer och bei anere Liedersaarbechte wéi Poschen, Rimmer oder Halsbänn, géif et ëmmer erëm dorëm goen, sech mat Materialfroen, Faarfkombinatiounen an der Formästheetik auserneenzesetzen. Besonnesch de Prozess vun der éischter Iddi bis bei de fäerdege Produit begeeschtert d’Monique: „Ech hunn immens vill Spaass dobäi – wann ech ufänken ze bitzen, déi eenzel Stécker zesummesetzen an dat Ganzt lues a lues Form unhëlt.“
Dem Monique seng Aarbecht beim Leederwon besteet aus vill méi wéi der reng handwierklecher Tätegkeet. D’Reitsportsuedlerin schafft nämlech an engem ganz speziellen Ëmfeld, engem pedagogeschen Haff, deem seng Haaptaktivitéit nieft der päerdsgestëtzter Pedagogik – och d’Laika gëtt geschwënn zu engem pedagogesche Begleethond ausgebilt – an éischter Linn dat sougenanntent Huffbett-Reiden ass. Fir d’Clienten, déi den Haff besichen, adequat betreien ze kënnen, huet déi jonk Fra am Laf vun hirer Karriär beim Leederwon eng Ausbildung als Reitpedagogin gemaach an am Dezember 2025 schliisslech och nach e Fernstudium an der sozialer Aarbecht absolvéiert. Hir Bachelor-Aarbecht huet si, wéi kéint et aneschters sinn, iwwer d’Huffbett-Reide geschriwwen, esou datt si elo och en theoreeteschen Zougang zu der päerdsgestëtzter Interventiounsmethod huet.
Ech kréien erkläert, wéi d’Huffbett-Reide konkreet funktionéiert: „Mir hunn eng speziell Kutsch, déi extra vum Peter an Holland gebaut ginn ass. Ënner d’Kutschekonstruktioun kommen zwee Päerd stoen an iwwer de Päerd ass eng Decke gespaant, op där eng dënn Matrass läit, déi de Réck vun den Déieren an och dee vun de Clientë soll schützen. D’Huffbett-Reiden ass haaptsächlech fir schwéier beanträchtegt Persoune geduecht, déi am Rollstull sëtzen a guer net mobil sinn. Dofir gëtt et och e Lift, mat deem si kënne mam Réck op d’Matrass tëschent déi zwee Päerd geluecht ginn. Wärend ronn 20 Minutte ginn se dann esou um Réck vun de Päerd transportéiert an hire ganze Kierper kënnt an eng intensiv Beweegung, wat fir eis Clienten och bedeite kann, datt se e klenge Muskelkater kréien.“
D’Huffbett-Reiden erméiglecht also eng essenziell Kierperbeweegung fir Persounen, déi dës Chance an hirem limitéierten Alldag net hunn. Dat ass awer bei Wäitem net deen eenzege positiven Effekt, deen dës Praktik huet. Schläim, deen all Mënsch an de Longen hätt an dee bei mobille Leit duerch d’Alldagsbeweegung lassgoe géif, kéint esou besser erausgehouscht ginn. Ausserdeem géif d’Verdauung duerch d’Beweegung ënnerstëtzt ginn an dëse positiven Effekt kéint bis zu zwee Deeg unhalen. „Natierlech ass d’Huffbett-Reiden eng spannend Ofwiesslung zum gewinnten Alldag. Et ass einfach e Moment, wou eis Clientë sech wuel spieren an och de Kontakt mat den Déiere genéissen“, seet d’Monique. De positive mentalen Effekt wär absolut net ze ënnerschätzen: Et géife Leit kommen, déi sech esou déif entspanen, datt se aschlofen. Souguer Leit, déi onkontrolléiert géife ronderëm sech schloen oder déi d’Tendenz hätten, sech selwer ze verletzen, géife sech oft schonn no nëmmen e puer Ronnen däitlech berouegen. „Da fänke se u mat laachen oder artikuléiere mat hiren Ausdrocksméiglechkeeten, datt et hinne gutt geet.“
Nom Interview an der Erfarung vum Huffbett-Reide sëtzt eis Ekipp um Banzelt op enger Terrass a genéisst déi eng oder aner Fritt, maufelt e Burger oder zitt sech eng Lëtzebuerger Grillwurscht eran. D’Stëmmung ass gutt a mir proposéieren, datt jidderee matdeelt, wéi säin Erliefnis beim Leederwon war. Ech héiere Wierder wéi „flott“, „schéin“, „berouegend“, „spannend“ oder „abenteuerlech“. An dann ass deen encadréierte Mataarbechter un der Rei, deen am Ufank guer näischt mat den Déiere wollt ze dinn hunn, well en Angscht hat. E straalt: „Ech si ganz houfreg op mech an ech hu mech gefillt wéi an engem 5-Stären-Hotel.“ Wann dat keng Auszeechnung fir d’Monique an de Leederwon ass, da weess ech och net méi, wat soen.
En Artikel vum Heng Barone
[1] D’Trens ass d’Kappgeschier, dat benotzt gëtt, fir d’Päerd beim Reiden ze kontrolléieren an ze guidéieren. Bei der Trens huet d’Päerd e Stéck – dat ee „Gebëss“ nennt – an der Maul, mat Hëllef vun deem d’Reider*innen dem Déier besonnesch fei Signaler kënnen iwwer d’Zigele ginn.
[2] Den Halfter ass d’Kappgeschier, mat deem een d’Päerd féiert, wann een net dropsëtzt. D’Päerd huet näischt an der Maul a kann domat och ugestréckt oder sécher festgehale ginn.