Ankle pain in detail

Wéi kommen ech no enger Sportverletzung erëm op d’Been?

Mir hunn eis Gedanke gemaach, wéi e Leeschtungssportler eng Verletzung erlieft, wéi eng Reha gemaach muss ginn a wéi séier en erëm op d’Bee kënnt.

Dofir huet eis d’Kimberly Nelting Ried an Äntwert gestanen.

Fir déi, déi säi Parcours net kennen, d’Kimberly huet mat 6 Joer zu Nidderaanwen mam Karate ugefaangen, ass du mat 9 Joer schonn an den Nationalkader komm, well hatt an deem jonken Alter national schonn e puer Turnéier gewonnen hat.

2015 war hatt mat nëmme 14 Joer schonn op senger éischter EM zu Zürich a koum direkt op déi 7. Plaz. 2017 ass hatt du bei de Junioren an der Kategorie -59 Kg Karate-Weltmeeschterin ginn an huet am Joer 2021 nach eng Kéier d’Europameeschterschaft zu Tampere a Finnland bei den U21 an der Kategorie -61kg gewonnen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Moie Kimberly, mir schwätzen haut iwwer deng Verletzung a wéi s du dat erlieft hues. Wéini hues de dech verletzt a wat genee war d’Diagnos?

Am Ganzen hunn ech mech dräi Mol un de Foussbänner verletzt. Zwee Mol riets an eng Kéier lénks. Déi éischte Kéier war 2015, déi zweete Kéier 2018 an dunn erëm ufangs 2020.

Allkéiers war ech ëmgeknéckst a meng Bänner waren entweder ugerass oder komplett duerchgerass.

KImberly

Ass dat wärend dem Training geschitt oder wärend engem Kampf?

Déi éischte Kéier war et am Sport an der Schoul, déi zweete Kéier ass et wärend engem Match geschitt an déi drëtte Kéier um Training virun engem groussen Turnéier.

Wéi laang hues du musse pauséieren?

Allkéiers hunn ech missten domat rechnen, op d’mannst 1-2 Woche guer kee Sport kënnen ze maachen an eréischt no 2-3 Méint erëm kënne richteg un engem Turnéier deelzehuelen. Virun allem an der éischter Woch hunn ech misste mat Krätsche ronderëmlafen an duerft de Fouss guer net belaaschten.

Wéini hues du mat der Reha ugefaangen? Waars du am Rehazenter um Kierchbierg?

Ech muss soen, déi éischte Kéier wosst ech nach net genee, wat ech maache soll. Mir sinn net direkt bei den Dokter gaangen, well mir nach net esou familiär mat allem waren a mäi Sportsproff mir deemols gesot hat, et wier just eng kleng Verstauchung. D’Reha war och net ganz professionell an et huet sech laang gezunn.

Duerno wosste mir direkt, datt mir an d’Sport-Urgence an de CHL ginn, an do goufe mir da gutt encadréiert. Den Dokter huet sech alles ugekuckt, mir déi noutwendeg Saache verschriwwen a mech bei de Kiné geschéckt. Do hu mir dann och direkt d’Reha ugefaangen, soubal mäi Verband vum Fouss erofgeholl gouf.

Wat genee ass do gemaach ginn, wéi eng Therapien, wéi laang huet dat gedauert, wéi oft hues du missen dohin?

Meng Therapien hu meeschtens 1 Stonn gedauert an ech sinn am Ufank op d’mannst zwee Mol d’Woch dohinnergaangen. Am Ufank ass éischter mäi Fouss behandelt ginn, well ech nach net ze vill optrëppelen a belaaschten duerft. Mir hunn duerno lues a lues mat Übungen ugefaangen, bis d’Übungen dunn och ëmmer méi schwéier gi sinn. No enger Zäit konnt ech och erëm op den Training goen a sinn awer fir eng Zäit och nach weiderhin an d’Reha gaangen.

Ankle pain in detail

Waars du zefridde mat der Reha?

Ech war ganz zefridde mat der Reha. Ech gouf gutt encadréiert an d’Leit, déi mat mir geschafft hunn, ware mega fei mat mir. Obwuel et am Ufank méi lues virugaangen ass, gouf ech ëmmer gutt gefuerdert an encouragéiert. Wat besonnesch gutt war, ass, datt si sech ëmmer u mech ugepasst hunn, dat heescht, wann ech eng Kéier vill ze midd war, hu si och do den Training an d’Reha u meng Form ugepasst.

Wéi séier konnts du erëm mam Karate-Training ufänken?

Ech géif soen, no engem Mount konnt ech mech erëm lues un de Karate-Training eruntrauen. Mam Kraafttraining kann ee scho vill éischter erëm ufänken. Den Training gëtt dann un engem seng Form ugepasst. Mee dat hänkt och ëmmer dovun of, wéi schlëmm d’Verletzung ass. Natierlech kann een och schonn éischter op de Karate-Training goen, mee da muss een op ganz vill Übunge verzichten an éischter fir sech eleng trainéieren, well et mat engem Partner nach vill ze geféierlech ass. Den Training gëtt och do dann etappeweis méi schwéier. Ech géif soen, eréischt nodeem de Fouss gutt geheelt ass a mat enger Schinn geschützt, däerf een erëm richteg mat engem Partner trainéieren. Virdru muss ee sech och onbedéngt richteg waarm maachen (esouguer méi wéi déi aner). Dofir kann een d’Übungen, déi een an der Reha geléiert huet, gutt benotzen.

KImberly

Koums du erëm op dee selwechten Niveau no der Verletzung a wéi laang huet dat gedauert?

Nodeems ech erëm mam Karate ugefaangen hat, huet et e Stéckche gedauert, bis datt ech mech erëm voll a ganz getraut hunn, mäi Fouss ze benotzen. Virun allem, well mir vill Féissschléi maachen. Mee doru gewinnt ee sech och ganz séier an dofir géif ech soen, datt dat ongeféier eng Woch dauert, bis een erëm erakënnt. Op ee vun der Konditioun hier um selwechten Niveau ass, hänkt dovun of, wéi ee bis dohinner trainéiert huet.

Hues du mam Gedanke gespillt, mam Karaté opzehale wärend oder wéinst där Verletzung?

Obwuel ech schonn dräi Verletzungen hat, hunn ech ni dru geduecht, wéinst enger Verletzung opzehalen. D’Zil war, direkt erëm esou séier ewéi méiglech op d’Been ze kommen, well ech all Kéier eng grouss Saison viru mir hat.

Mir soen dem Kimberly fir dëst Gespréich villmools Merci a wënschen him alles Guddes fir d’Zukunft an och all anere Sportler eng gutt Reha.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.