VDL Feld

D’Lëtzebuerger Fussballstadionen

Spillwise mat grousser Traditioun

Fotoen: © VDL – © Editpress/Archiv

D’Anfield Road zu Liverpool, de Signal-Iduna-Park zu Dortmund, de Camp Nou zu Barcelona oder de Maracana zu Rio de Janeiro: Bei dësen Nimm kënnt all Fussballfan an d’Schwäermen. Déi speziell Atmosphär an hiren eenzegaartegen Design maachen en Erliefnes an dëse risege Stadionen onvergiesslech. Souguer am klenge Mikrokosmos vun der Lëtzebuerger Fussballwelt ginn et Stadionen, déi virun allem ville Sportbegeeschterten e Begrëff sinn. Mee wat mécht dës Lëtzebuerger Spillwisen esou besonnesch a bekannt?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Ganz einfach gefrot: Wat brauch e Fussballsveräin, fir Fussball spillen ze kënnen? D’Äntwert ass ganz simpel: En Terrain, op deem ee ka spillen. Vill Stied an Dierfercher hei zu Lëtzebuerg hunn hiren eegene Fussballsstadion. Si ënnerscheede sech awer vun hirer Gréisst an hirem Alter. Verschiddener vun dëse Sportplaze si esouguer schonn iwwer 100 Joer al. Eng dovun ass de Stadion op der Grenz zu Esch-Uelzecht, sécherlech ee vun de bekanntste lëtzebuergesche Fussballterrainen. En ass an engem Aarbechtervéierel entstanen, am ale Quartier vun der Hiehl. Ëmgi vun de roude Fielsen an de Reschter vun den ale Stolwierker vun der ARBED begréisst d’Jeunesse Esch och nach hautdesdaags seng trei Fans. Eréischt viru Kuerzem, am Joer 2020, konnt de Stade de la Frontière säin honnertjäregt Jubiläum feieren. Et war dunn awer och un der Zäit, dass decidéiert gouf, déi al Stéiplazen ze sanéieren an duerch neier ze ersetzen. Fir den Optakt vun der Réckronn vum lëtzebuergesche Fussballchampionnat am Februar 2023 sollen déi nei Gradinen da stoen. Et sief, et géife Problemer bei der Materialliwwerung optauchen. Bis dohinner genéisst den Escher Stadion awer nach säin typesche Charme.

De Stadion um Thillebierg zu Déifferdeng dierf an dëser Opzielung vun de legendäre Fussballsitten net vergiess ginn. Tëschent 1921 an 1922 gouf de Stade du Thillenberg, deen deelweis vun der ARBED finanzéiert gouf, vu Supporteren, Spiller a Memberen – haaptsächlech Biergaarbechter – vun der Red Boys Déifferdeng gebaut. Wat dëse Stadion fir d’Zuschauer sécherlech speziell gemaach huet, war déi eenzegaarteg Vue op déi zéng Héichiewen, déi een als Zuschauer erhasche konnt. Am Joer 2012 huet deen deemools relativ nei fusionéierten FC Déifferdeng da seng lescht Partie do gespillt. Säitdeem ginn d’Matcher am Stade Municipal de la Ville de Differdange ausgedroen, deen am südleche Staddeel vun Uewerkuer läit. Am Joer 2022 hat den ale Stadion awer nach eng Kéier vu sech schwätze gedoen, wéi am Kader vu sengem honnertjäregen Anniversaire e Concert a weider Feierlechkeete stattfonnt hunn. Wéinst senger Authentizitéit an de charakteristesche Bauelementer vun der deemoleger Zäit gehéiert dëse Stadion zu den Unikume vun der Lëtzebuerger Fussballlandschaft.

Stade Josy Barthel
© Editpress/Archiv

Wann een elo net weider am Minett sicht, an e bëssi uechtert eist Ländche kuckt, da muss ee sécherlech de Stade op Flohr zu Gréiwemaacher ernimmen. Eleng seng eenzegaarteg Lag, ëmgi vu lauter Wéngerten, ass e Besuch wäert. Virun allem an deene Joren, wou d’Miseler ëm de Championstitel matgespillt hunn, huet de Stade op Flohr als Festung gegollt, well fir d’Auswäertsekippe meeschtens näischt ze huele war. Am Joer 2006 hat den Terrain vum CS Gréiwemaacher déi grouss Éier, Deel vun der Fussball-EM vun der U17 ze sinn.

An dann zu gudder Lescht dierf de Josy Barthel-Stadion op der Areler Strooss net feelen. E war iwwer vill Joerzéngten d’Heemecht vun der Lëtzebuerger Fussballnationalekipp, déi op dësem Buedem grouss Fussballnatiounen ewéi zum Beispill Däitschland oder Frankräich empfaangen huet. Och déi portugisesch Nationalekipp ëm de Weltstar Cristiano Ronaldo war gläich e puermol am Grand-Duché zu Gaascht. Dem Portugis seng Ausso, datt d’Spillfeld engem „Gromperestéck” gläiche géif, dierften nach ville Fussballfans an Erënnerung bliwwe sinn, well esouwuel national wéi och international doriwwer bericht gouf. Och den deemolegen UEFA-President Michel Platini huet kee gutt Hoer um alen Nationalstadion gelooss. A sou koum et, datt d’Diere vum Stadion de 27. Mäerz 2021 fir déi leschte Kéier opgemaach goufen an ongeféier véier Méint méi spéit konnten d’Rout Léiwen, wéi d’Lëtzebuerger Nationalekipp am Volleksmond genannt gëtt, hiren neie Fussballtempel zu Gaasperech entdecken. Sief nach derbäi ze erwänen, datt d’Areal, wou déi al Sportarena läit, an der Zukunft komplett ëmgewandelt gëtt. Op dësem Site wäert e klenge Park entstoen, wou ronderëm Geschäfter, Appartementshaiser an eng Schoul gebaut solle ginn.

Bei der offizieller Gebuertsstonn vum fonkelneie Stade de Luxembourg konnt Lëtzebuerg eng 2:1-Victoire géint den Aserbaidjan feieren. Iert de Stadion awer offiziell ageweit gouf, hat den neien Tempel vun de Roude Léiwen awer mat där enger oder anerer Kritik ze kämpfen. Den Numm, Stade de Luxembourg, ass sou munchem Fussballfanatiker béis opgestouss. De Käschtepunkt war nach en anere Punkt, dee fir e puer Diskussioune gesuergt huet. De ganze Projet war schliisslech ëm 18 Millioune wéinst neie Fuerderunge vun der Police an dem europäesche Fussballverband (UEFA) méi deier ausgefall wéi dat ursprénglech geplangt war an huet schlussendlech 80 Millioune kascht. Trotzdeem ass de Gros vun de Stëmmen elo extrem positiv. A puncto Komfort, Akustik, Accès, Spillwiss a VIP-Beräich kann de Stade de Luxembourg grouss optrompen. Ausserdeem ass et e rénge Fussballstadion, wat beim Josy-Barthel-Stadion duerch d’Liichtathletiksbunn jo net de Fall war. Dem Zuschauer gëtt doduerch e ganz anert Erliefnes ugebueden. „Et ass definitiv dee beschte Stadion, dee Lëtzebuerg jee hat”, ass d’Ausso vu gläich villen Experten. Elo bléift just ze hoffen, datt op dësem Stadion e weidert Kapitel Lëtzebuerger Fussballgeschicht geschriwwe ka ginn. Domadder hätt e sech da ganz séier säin „Legendestatus“ verdéngt.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.