D’Fleesch wäschen an am wäisse Wäin iwwer Nuecht marinéieren. D’Zwiwwelen an de Knuewelek schielen an a kleng Wierfele schneiden. De Rosmarin wäschen, dréche rëselen. De Speck wierfelen, knuspereg ubroden. D’Fleesch aus der Marinad huelen an ofdréchnen.
D’Fleesch am Fett vum Speck vun alle Säiten ongeféier 8 Minutte broden. No 6 Minutten d’Knuewelekswierfelen an d’Hallschent vun den Zwiwwelwierfelen dobäimaachen. Mat Salz, Peffer a Rosmarin wierzen a mat 2 EL Miel bestreeën. D’Geméiszopp an d’Marinad dobäischëdden an opkache loossen.
Schockela a kleng Stécker zerbriechen, dobäimaachen an zougedeckt 1 bis 1 ½ Stonne réischteren. An der Tëschenzäit fir d’Kniddelen 250 g Miel, Eeër a Mëllech zu engem glaten Deeg knieden, bis den Deeg Blose kritt. Mat Salz wierzen an ongeféier 10 Minutte roue loossen. D’Brockelcher botzen, wäschen an a kachendem Salzwaasser ongeféier 15 Minutte kachen an derno an e Sift ofschëdden. 2 Iessläffele Botter am Dëppe schmëlzen. De Rescht Zwiwwelwierfele glaseg dëmpen. D’Brockelcher dobäiginn a mat Salz a Muskot wierzen.
Aus dem Kniddeldeeg mat 2 Läffele Kniddele formen an direkt a kachend Salzwaasser ginn. 1 Iessläffel Botter an enger Pan waarm maachen. Fäerdeg Kniddelen aus dem Waasser huelen, gutt ofdrëpse loossen an am gliddege Botter kuerz broden. Mat Salz a Peffer ofschmaachen. Kanéngchen, Brockelcher a Kniddelen uriichten. Mat Rosmarin garnéieren.