Nei Informatiounskultur

Aus deem Zäitalter wéi dat, wat an der Zeitung stoung, als absolut an eenzeg Wouerecht ugeholl gouf, si mir wuel eraus. Mam Opkomme vum Internet krut d’Press déi eenzegaarteg Roll fir ze informéieren ewechgeholl. Mëttlerweil gëtt et eng ganz Rei vun ënnerschiddleche Méiglechkeete fir un Informatiounen ze kommen, dorënner och iwwer déi sozial Medien.

Foto - bloomicon - stock.adobe.com
[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Geschitt op der anerer Säit vun der Äerdkugel eppes, gëtt een dat net vill méi spéit och scho bei eis gewuer. Dobäi spillt d’Press fir dat, wat mir wouer huelen a wat net, nach ëmmer eng wichteg Roll. Ergänzt gëtt se awer duerch Privatleit op de soziale Plattformen.

Dat hunn eis viru Kuerzem d’Protester an de Stuerm op de Kapitol an der US-amerikanescher Haaptstad Washington D.C. gewisen. Géint eng Auer am Nomëtteg (Uertszäit) hu sech déi zwou Kummeren aus dem US-Kongress versammelt, fir d’Walresultater ze certifiéieren. Kuerz virdrun hat de viregte President Donald Trump eng Ried beim Wäissen Haus gehalen, wou sech schonn eng ganz Partie vu sengen Unhänger versammelt haten. Bei eis war et zu deem Zäitpunkt hallwer siwen owes, an d’Luxemburger Wort zum Beispill huet an hirem USA-Live-Ticker a just engem Saz iwwer dem Trump seng Ried geschriwwen. Allgemeng huet een zu dësem Zäitpunkt an de lëtzebuergesche Medien nëmme vereenzelt kuerz Meldungen aus de States fonnt. Méi spéit ass dem Trump seng Ried, iwwer déi also am Ufank net vill bericht gouf, awer als eng Zort Erklärung geholl ginn, firwat de Kapitol gestiermt gouf. An engem neie Kontext krut dës Ried also méi Gewiicht an ass dowéinst méi beuecht ginn.

Wéi et geheescht huet, datt déi zwou Kongress-Kummeren hu mussen evakuéiert ginn, hu sech d’Informatiounen iwwerschloen. A verschiddene Live-Ticker vu lëtzebuergesche Medie sinn d’Meldunge vun deem Moment u vill méi heefeg aktualiséiert ginn. Dat ass engersäits normal, wann een d’Ausmooss vun der Situatioun consideréiert, anerersäits ass et awer interessant, datt op eemol vill méi Leit matkruten, wat op der anerer Säit vum Atlantik geschitt war, well méi doriwwer geschriwwe gouf. Derbäi koumen déi sougenannte „Push notifications“, mat deenen d’Press d’Opmierksamkeet vun de Benotzer a Benotzerinne verstäerkt op ganz bestëmmt Contenue lenke kann. D’Muecht vun de Medien an d’Méiglechkeeten, déi si hu fir verschidden Informatioune geziilt ze instrumentaliséieren, ass net ze negligéieren a weist sech un dësem Beispill ganz gutt.

Well d’Medien allgemeng an och zu Lëtzebuerg awer un en Deontologie-Kodex gebonne sinn, kann ee sech erwaarden, datt d’Selektioun vun den Noriichten no beschtem Wëssen a Gewësse geschitt. Wann dat net de Fall ass, kënne Medien dofir juristesch ugesicht ginn.

D’Press ass also ganz kloer reguléiert; dat ass eppes, wat an de soziale Reseaue feelt, respektiv net ëmmer ganz transparent gereegelt ass. Prinzipiell bitt d’Méiglechkeet, sech op méi Plattforme kënnen ze informéieren, och méi divers Informatiounen. An de soziale Medien ass zum Beispill scho virun den offiziellen Noriichtesender iwwer de Stuerm op de Kapitol getweet a gepost ginn.

Dacks entstinn och Protestaktiounen – egal aus wéi enge Reien – op de sozialen Netzwierker. Zum Beispill huet d’Black-Lives-Matter-Beweegung hiren Ursprong am Joer 2013 duerch en Hashtag an der virtueller Welt fonnt. Sech dezentral kënnen auszetauschen ass also an enger fräier Demokratie net nëmme wichteg, mee och onbedéngt noutwendeg.

Et gëtt allerdéngs problematesch, wa falsch Informatiounen oder Contenuen, déi aus dem Kontext gerappt gi sinn, gedeelt ginn. Dobäi kënnt, datt een net ëmmer weess, wien hanner engem Post stécht, respektiv ob et sech iwwerhaapt ëm eng richteg Identitéit handelt, a wéi eng Intentioun dës Persoun oder Organisatioun huet. Gëtt eng Informatioun dann och nach ouni Quell vun anere Leit weiderverbreet, kann den urspréngleche Contenu verfälscht ginn.

Plattforme wéi Facebook, Twitter oder Instagram versichen ëmmer méi ze regulariséieren, wann et zum Beispill ëm Noriichten iwwer d’Corona-Pandemie oder d’US-Wale geet. Eng ganz Rei Twitter-Accounten, dorënner och dee vum viregte President Donald Trump, sinn dowéinst nom Stuerm op de Kapitol vum 6. Januar blockéiert ginn.

D’Roll vun de soziale Medie gëtt duerch esou Regulatiounsversich ëmmer méi onkloer. Engersäits hëlt sech Twitter vir, net ze zenséieren an nëmme géint falsch Informatioune virzegoen, anerersäits brauch sech de Megakonzern net fir d’Blockéiere vu Konten ze rechtfäerdegen, respektiv kann Twitter net zur Verantwortung gezu gi fir seng Decisioun.

A genee dofir huet et och net laang gedauert, bis Kritik aus Europa komm ass. D’EU-Kommissioun huet den 11. Januar d’Decisioun, den Trump ze blockéieren, als „ondemokratesch“ bezeechent. Och déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel huet dës Entscheedung bedauert. D’Muecht vu soziale Plattforme gëtt däitlech, mee och d’Verantwortung, déi domat zesummenhänkt. Gi Konte blockéiert, gëtt dëse Leit d’Méiglechkeet ewechgeholl, sech auszedrécken. An och wann d’EU-Kommissioun sech allgemeng net onbedéngt als grousse Frënd vum Donald Trump gewisen huet, ass d’Meenungsfräiheet nu mol e Grondsteen vun enger Demokratie. E Grondsteen, deen nëmme mat der gréisster Virsiicht sollt ugeschnidde ginn.

An deem Kader huet och déi lëtzebuergesch Medienopsiicht ALIA gefuerdert, datt hir Kompetenzen erweidert ginn. Niewent der Kontroll an der Regulatioun vun traditionelle Medie sollten och aner Acteure speziell an de soziale Reseaue kënne reguléiert ginn. D’ALIA fuerdert dat, wat am Journalismus souzesoen d’Fëllement ass, nämlech eng Garantie fir sécher an zouverlässeg Quellen. Esou géing dës Regulatioun net engem Konzern iwwerlooss ginn, dee méiglecherweis och eegen Intentioune kéint hunn.

Duerch déi verschidden, a virun allem mëttlerweil immens grouss, sozial Plattforme kruten d’Konsumenten eng zousätzlech Méiglechkeet, sech ze informéieren. Si kruten e wichtegen Outil, fir sech auszetauschen an sech selwer eng Meenung ze bilden. Déi traditionell Medie sinn doduerch stänneg gefuerdert, absolut korrekt an neutral ze berichten, fir eventuell falsch Informatiounen aus de soziale Medien novollzéibar opzeklären. Fir d’Press ass d’Presenz op de soziale Reseauen deemno och immens wichteg ginn. D’Dynamik an d’Schnellegkeet, déi vu soziale Plattformen ausgeet, ass nämlech fir ganz vill Leit Alldag ginn, an dëser Realitéit ka sech d’Press net entzéien.

A géint falsch Informatioune geet een am beschte mat Fakte vir. Dobäi soll et awer net en Entweeder-oder tëschent soziale Reseauen an der Press sinn, mee éischter en Zesummeschaffen. Well och d’Press kann nei Stëmmen oder d’Dynamik vun enger Online-Communautéit fir hir Berichterstattung notzen. Ma ganz uewe mussen – natierlech bei gepréiften Informatiounen – awer ëmmer d’Meenungsfräiheet an de Meenungspluralismus stoen.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.