Fussball-Fan bis an déi déck Zéif

Fotoen: ©Editpress/Archiv

Wärend déi eng nëmme bei schéinem Wieder de Wee an de Stadion fannen, ënnerstëtzen déi aner hir Spiller mat Leif a Séil – egal bei wéi engem Wieder. D’Fankultur am Fussball ass wuel déi, déi international am meeschten ze radetten huet an och zu Lëtzebuerg ginn et déi richteg Hardcore-Fans, déi mat vill Leidenschaft an Teamgeescht op an ausserhalb vun der Tribün Fussball liewen.

„Roude Léiw, huel se!“ – wann d’M-Block Fanatics 95 am Stadion de Gesang ustëmmen, ass d’Ambiance op der Tribün garantéiert. Zanter bal 30 Joer feiert de Fanclub vun der Lëtzebuerger Fussballnationalekipp déi beschte Spiller um Terrain un, an dëst egal wou de Match gekickt gëtt. „All Match si mir do fir Vollgas ze ginn, mee wat bei Auswäertsmatcher natierlech extra flott ass, ass dass een aner Länner a Kulture kenne léiert“, esou de Bob Gebele, deen zënter siwe Joer de Capo vum Fanclub ass. Déi ronn 50 Stammleit vum Club beschreift hien als richteg Fussball-Fanatiker – den Numm vun den M-Blockler gëtt hirer Leidenschaft also definitiv gerecht.

Mat zwee Trommeler an zwee Leit um Megafon gi bei all Spill déi traditionell Lidder ugestëmmt, vum Klassiker „Stitt op, wann Dir fir d’Léiwe sidd” bis hin zum animéierte Wiesselgesang mat der „Tribune de face“. „Wa bis een ufänkt, da wëssen d’Leit, wat ze maachen ass“, esou de Bob. Verschidde vun de Grënnungsmemberen, also d’vieille garde, sinn haut nach am Club aktiv a suerge mat deene méi Jonken dofir, dass d’Stëmmung am Stadion konstant topp ass. „Mir sinn zoustänneg fir alles, wat d’Akustik ugeet. Am Vierdergrond steet awer ëmmer d’Ënnerstëtzung vun der Ekipp“, esou den Haaptmann a Virsänger.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
©Editpress/Archiv

Eng intern Grupp géif sech dobäi ëm d’Organisatioun vun de Club-Aktivitéite këmmeren, sief et déi gemeinsam Auswäertsreesen, d’Treffe virum oder Iessen no de Matcher oder Entrevuë mat der FLF (Fédération Luxembourgeoise de Football). Wat d’M-Block Fanatics 95 bei allem ausmécht? „Eis Oppenheet“, erkläert de Bob. D’Membere vum Club géifen aus allen Ecker a Veräiner vum Land kommen a wiere „quer durch den Garten“ gemëscht: „Bei eis ass wierklech jidderee wëllkomm, well mir sinn alleguer hei, fir eis Léiwen ze ënnerstëtzen.“ Erkennbar sinn d’Ultra-Fans dobäi net just iwwer hir fix Plaz op der Tribün, mee och d’T-Shirten a Pulloveren, déi deels der aktueller Campagne no designt sinn. „Fir d’UEFA Nations League hate mer zum Beispill en T-Shirt mat all de Länner drop, an déi mir gereest sinn“, esou de Capo.

D’Reese si fir hien dann och ëmmer besonnesch Highlights an d’Geleeënheet, och mat anere Fussball-Fans a Kontakt ze kommen: „D’Supporter vun de Färöer-Inselen haten eis zum Beispill scho virum Match bei sech an d’Zelt invitéiert. Dat war e mega Trip, virun allem, well mir zu esou vill waren. Ech freeë mech och schonn op Island.“ Ma och heiheem ass ëmmer eng lass, zemools wann d’Adversairen och gäre feieren. „Wéi Irland hei gespillt huet, hate mir e Frëndschaftsmatch géint hir Fans organiséiert. Dat war wierklech phenomenal!“, erënnert sech de Bob. An, anescht wéi et vläicht an anere Länner alt de Fall ass, géif et zu Lëtzebuerg och ëmmer friddlech bleiwen: „Gewalt ass bei eis guer keen Thema, au contraire, beim Match géint d’Tierkei ware mir nach déi, déi geschlicht hunn.“

Et wéilt een eng gutt Zäit ënner Supporter a Spiller verbréngen, well och mat dësen hätt een e gudde Kontakt: „A Litaue ware mir am selwechten Hotel wéi d’Ekipp an hu vill Zäit matenee verbruet. Generell hu mir do eng gutt Relatioun. Wéi mir géint Frankräich gläichgespillt hunn, hu mir och zesumme gefeiert, wéi wa Lëtzebuerg Weltmeeschter gi wier.“ Den eenzege Bemol, deen d’M-Block Fanatics ze bemängelen hunn, ass den neie Stadion – net wéinst der Infrastruktur selwer, ma wéinst senger Lag, esou de Bob: „Fréier hu mir eis ëmmer virun de Matcher an engem Café getraff a sinn dann zu Fouss an de Stade Josy Barthel getrëppelt. Dat geet elo guer net méi, well näischt ronderëm de neie Stadion ass, wat fir eis wierklech schued ass.“

©Editpress/Archiv

Ma dovu géifen sech d’Supporter awer net erofzéie loossen, well: „Eng Fankultur, sou wéi mir se hunn, muss ee wierklech liewen. Ech selwer gouf do duerch mäi Papp quasi era gebuer an et war schonn ëmmer nëmme Fussball, Fussball, Fussball.“ Déi selwecht Mentalitéit, just am méi Klengen, erlieft de Bob och zu Kielen, wou hien och als Virsänger beim Fanclub Black Lions Kielen aktiv ass. „Do si mir zwar just zu enger 15 Leit, mee de Veräin an d’Ekipp sinn dem Duerf nach vill méi no, well déi meescht wierklech aus der Ëmgéigend kommen a jidderee jidderee kennt.“ No de Matcher géifen d’Spiller gäre mol bei hir Supporter op d’Tribün klammen, oder dës kéime fir de Patt dono bei si an d’Kabinn.

©Editpress/Archiv

„Et ass alles vill méi familiär a mir hëllefen och gäre bei Eventer oder an der Buvette. Do, wou Nout um Mann ass, si mir als Fans do.“ E puer mol am Joer géif e Partybus organiséiert ginn, fir e Match erop an de Norden ze fueren a genee wéi bei den M-Block Fanatics wier een och hei bei all Auswäertsmatch dobäi. Uerdentlech vollgepaakt mat Fussball sinn och dem Chris Baltes seng Deeg. Vu Klengem u war den Escher an der Jeunesse aktiv, fir d’éischt a sämtleche Jugendekippen, dunn an der zweeter an drëtter Ekipp a mëttlerweil als Comitésmember a fixe Supporter. „Fir mech ass et ni en anere Veräi ginn“, esou de Chris. Ma dëst stëmmt net esou ganz, well wann een iwwer d’Lëtzebuerger Landesgrenz erausgeet, da steet fir hie Borussia Mönchengladbach op der Nummer Eent.

„Mäi Monni a mäi Bop waren ëmmer grouss Bayern-Fans an ech sinn och alt e Match mat kucke gaangen, mee dat war net esou dat. Wéi ech meng Fra du kenne geléiert hunn, sinn ech op Gladbach gestouss, well d’ganz Famill si fanatesch Fans vum Veräin.“ Zënter 2009 geet de Chris all eenzele Match vum däitsche Fussballclub kucken – wann en emol ee Spill verpasst, ass dëst wierklech aussergewéinlech. „Als Beispill: E Sonnde war ech op Berlin Gladbach géint Union Berlin an der Bundesliga kucken, en Dënschden dunn als Tourist den FC Bayern München géint Inter Mailand, e Mëttwoch AC Mailand géint den FC Salzburg an e Freiden ass nees de Flichttermin Gladbach géint de VfB Stuttgart“, esou de Chris.

Mat engem Grupp Kolleegen huet hien e klenge Fanclub gegrënnt, deen zwar hei net als offiziell ASBL registréiert ass, zu Gladbach selwer awer eng Dauerkaart besëtzt. „Mäi Schwéierpapp an ech hunn néng Dauerplazen zu Gladbach. Heiansdo gi mir zwar just zu fënnef dorop, well net jiddereen esou geckeg ass wéi mir a sech allkéiers Congé hëlt, ma d’Ambiance bei eis ass awer ëmmer gutt!“ Mol géif ee sech mat de Fans vun dohanne virum Match am Biergarten treffen, mol misst seng Fra als Supporter duerhalen an en „Tëschestopp“ am Stadion aleeën: „Et ass scho mol virkomm, dass mir aus der Vakanz aus den USA zu Frankfurt gelant sinn, schnell eng kleng Wallis ëmgepaakt hunn an op Berlin weider gereest sinn, well Gladbach do gespillt huet.“

Mat all de Reeskäschten, déi duerch säi Fan-Sinn zustan kommen, kéint de Chris sech all Joers e klengen Auto leeschten, well egal op Zypern, Manchester, d’Ukrain oder d’Tierkei – dem Supporter ass quasi kee Wee ze wäit. Just d’WM am Katar wäert de Fussball-Fanatiker sech net ukucken, well hei hält fir hien – esou wéi fir d’Membere vum Nationalekipp-Supporterclub och – all Léift fir de Sport op: „Fir d’Finall vun der Weltmeeschterschaft wäerte mir ënner Kolleegen op Hamburg op de Chrëschtmaart goen, well dat Ganzt kënnt fir eis net an d’Tut a gëtt boykottéiert. Ech gi ganz vill d’Lëtzebuerger d’Nationalekipp kucken an och déi däitsch, mee Russland oder Katar gi fir mech guer net.“ Et kéint net sinn, dass een hei misst Energie spueren, wärend an enger Wüüst fir eng Wanter-WM géif e Stadion gebaut ginn, dofir wier d’Net-Organiséiere vu Public Viewingen oder aneren Eventer an dësem Kontext nëmme richteg.

Säi „Groundhopping“, also d’Kucke vu Matcher an esou ville Stadie wéi méiglech, wëll de Chris sech awer och déi nächst Saisonen net huele loossen – op jiddefall net, wat de méi regionalen Niveau ugeet. „Wéi Gladbach zu Manchester gespillt huet, si mir och nach e Match an der Premier League kucke gaangen. Boxing Day ass och scho fest an eisem Programm agedroen, de 26. Dezember wëlle mir entweder an d’Belsch oder a Frankräich.“ Den 11. November géif een esou de Match Gladbach-Dortmund mat engem Tripp bei den FC Eindhoven a Standard Léck II um Heemwee kombinéieren – dono wier et dann Zäit, fir eng Vakanz.

Ma Fan si wier alt e Liewensstil an dee géif och zu Lëtzebuerg voll ausgelieft ginn. „Hei ass natierlech alles proportional gesi manner grouss, mee d’Identifikatioun ass awer déi selwecht, wéi an Däitschland oder anere Länner“, esou de Chris. Et géif natierlech emol Rivalitéite ginn tëschent de Clibb vun den eenzele Veräiner mat deelweis gutt gemengter Provokatioun, ma eng gutt organiséiert Fangemeinschaft géif een awer ëmmer respektéieren – egal, vu wou se kënnt. „Union Berlin ass e super Veräin, dee sengesgläiche sicht. Beim 1. FC Köln si mir awer schonn heiansdo e bësse schadenfro, wann se e Match verléieren, mee dat gehéiert och einfach dozou.“

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.