Football

Fotoen: ©Tageblatt/Archiv

De Lëtzebuerger Fussball:

Nach e wäite Wee bis zur Professionalitéit

D’Bundesliga an Däitschland, d’Premier League an England oder d’LaLiga a Spuenien – alles Beispiller vu Profifussballligaen, déi fir Professionalitéit, Business a Vermaartung stinn. Zu Lëtzebuerg gëtt Fussball um héchsten Niveau an der BGL Ligue gespillt. Mee wéi grouss ass den Ënnerscheed an deene Punkte wierklech? Sinn déi Investoren aus dem Grand-Duché an iergendenger Aart a Weis mat deenen aus dem Ausland ze vergläichen? D’Äntwerten op dës Froe fannt Dir an dësem Artikel.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De Cristiano Ronaldo an de Lionel Messi gi vu ville sportbegeeschterte Leit vergëttert. Mat hirem Liblingshobby a gläichzäiteg och hirer Aarbecht, dem Fussball, verdénge si Milliounen. Mat dësem astronomeschen Akommes kënne si sech Luxusvillaen, Yachten an eng Rei vun deenen deierste Sportsautoe leeschten. Wann een elo op déi kleng Welt zu Lëtzebuerg kuckt, sou fält op, datt et och hei Spiller gëtt, déi hiert Brout mam Fussballspille verdéngen. An der ieweschter lëtzebuergescher Divisioun sinn et ongeféier 60 bis 70 Spiller, déi e Profikontrakt hunn, verréit den Dan Elvinger, Sportjournalist bei der Zeitung Tageblatt. Hir Schaff ass de Fussball. Fir de Groussdeel vun de Spiller am Grand-Duché ass dëst awer net de Fall, well si haaptberufflech eng Aarbecht hunn. Et versteet sech domat och vum selwen, datt d’Veräiner dofir och keng riseg Transferzomme fir dës Spiller bezuelen, fir se u Land ze zéien. Huet Paris Saint-Germain nach 222 Milliounen Euro fir de Brasilianer Neymar op den Dësch geluecht, sou stinn zu Lëtzebuerg e puer Nulle manner bei den Transfertzommen. Och wann dës Chifferen hei am Land manner public sinn, esou gëtt awer gemunkelt, dass och schonns mol 20.000 bis 30.000 Euro fir en Neizougang bezuelt goufen, an eemol sollt esouguer bis zu 100.000 Euro fir e Spiller iwwerwise gi sinn. An der Reegel sinn et awer ëm déi 2.000 bis 4.000 Euro, déi e Veräin fir en Transfert ausgëtt.

„Dës Zommen vun ëm déi 20.000 bis 100.000 Euro si wierklech déi absolut Ausnamen, well déi meeschte Veräiner et sech net leeschte kënnen, sou vill Suen a just een neie Spiller ze investéieren”, verréit de Sportexpert vum Tageblatt.

Déi Clibb, déi dës Transferten awer realiséiert haten, hunn e Budget vun iwwer enger Millioun opweises. Fir dës Ausgabe stemmen ze kënnen, sinn dës Veräiner op Sponsoren ugewisen. Munch BGL-Ligiste kënnen dobäi nach op eng monetär Ënnerstëtzung vun engem Investor zeréckgräifen. Zu Lëtzebuerg sinn et virun allem d’Nimm Flavio Becca a Gerard Lopez, déi an dësem Kontext oft genannt ginn. Wärend de Gerard Lopez seng Funktioun als Fola-Präsident viru fënnef Joer niddergeluecht huet, an elo seng Fangere bei auslännesche Fussballsveräiner wéi Boavista FC (Portugal) a Girondins Bordeaux (Frankräich) am Spill huet, ass de Flavio Becca weiderhin an der Lëtzebuerger Fussballwelt beim Swift Hesper aktiv. Vun de 1990er Joeren un hat sech den Entreprener virun allem als „Mäzen” beim F91 Diddeleng en Numm gemaach. Wärend sengem Engagement konnt de Veräin aus der „Forge du Sud” net manner wéi 15 Meeschtertitele gewannen a sech souguer fir d’Gruppephas an der Europa League qualifizéieren. Wéi vill Suen hie genau an de Veräin investéiert huet, ass nëmme schwéier ze soen. Gewosst ass awer, datt hie kee Profit mat sengem Invest gemaach huet.

„Fir de Flavio Becca ass et sécherlech net profitabel. Fir hien ass et eng schéi Spillsaach. Et kann een duerch de Fussball hei am Land sécherlech deen een oder aneren interessante Kontakt knëppen, deen him och a sengem Geschäftsliewe hëllefe kann, mee d’Ausgabe si méi grouss wéi dat, wat u Recetten erakënnt”, ass sech de Fussballinsider sécher.

Net nëmmen dowéinst wäert déi iewescht lëtzebuergesch Fussball-Liga och an Zukunft eng Amateur-Liga bleiwen. D’Fro, ob mir zu Lëtzebuerg jeemools eng Profiliga wäerte kréien, gëtt vum Sportjournalist mat engem kloren Nee beäntwert. Wann een d’Rechnung mécht, datt bei all Veräin an der Moyenne 25 Spiller am Kader stinn an an der BGL Ligue 16 Veräiner untrieden, sou mierkt ee séier, datt et mat ongeféier 70 professionelle Spiller nach e wäite Wee ass, bis Lëtzebuerg als Profi-Liga ugesi ka ginn. „Bis zur kompletter Professionalitéit an der BGL Ligue si mir nach immens wäit ewech”, seet den Dan Elvinger. „An et wäert och ni derzou kommen, well Lëtzebuerg einfach net d’Strukturen an d’Ëmfeld dofir ka bidden”, fiert hie weider. Eleng duerch d’Gréisstenuerdnung vum Land an de Stied ass et quasi onméiglech, ee professionelle Wee anzeschloen. „Et ginn net genuch Leit oder Firmen, déi sech an de Fussball wëllen investéieren”, stellt den Dan Elvinger kloer. Am Ausland ass dat anescht. Grouss Banken oder Entreprisë si Sponsore vu grousse Veräiner. Domadder versprieche sech dës Sponsoren niewent dem finanziellen Aspekt och sécherlech en entspriechenden Imagegewënn. Zu Lëtzebuerg hätt dat keen Effekt, wëll dat wirtschaftlech nimools kompenséiert kéint ginn. Dofir ass och nëmme verständlech, datt hei kee Sponsor einfach mol 500.000 oder 1.000.000 Euro op den Dësch leeë wäert. Mee souguer wann dësen Zenario eng Kéier géif antrieden, hätt e Reglement vun der Lëtzebuerger Fussballsfederatioun eppes dergéint. D’Fussballveräiner ginn nämlech als ASBL gefouert. Dat setzt also viraus, datt de Club kee finanzielle Profit dierf erwirtschaften.

E Fussballromantiker ka sech definitiv iwwert dësen Aspekt freeën, datt de Sport an der Zukunft wuel an dëser Liga weiderhin am Zentrum steet. Mee an enger Sportswelt, wou d’Tendenz a Richtung Business geet, réckelt eng vun de schéinsten Niewesaache vun der Welt ëmmer méi an de Schied. Et bleift awer ze hoffen, datt den Amateurismus ëmmer am Fussball vertruede bleift. De Spaass um Spill dierf ni verluer goen.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.