Sportsfotografie

Wann eng Foto sech beweege kann

Vun 300 Fotoe pro Match sinn der zum Schluss eng 20 Stéck richteg gutt. Ausprobéieren, ob den Ausléiser drécken, wann d’Aktioun grad geschitt, an herno eréischt gesinn, wéi ee Brochdeel vun der Situatioun een agefaangen huet. Dat ass Sportsfotografie. No de Gespréicher mat dräi Freelance-Fotografen ass et kloer: Sportsfotografie ass eng Konscht fir sech, och wann déi dräi Interview-Partner vu sech soen, sech selwer net onbedéngt als Kënschtler ze gesinn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Fotograféiert een eng Kompetitioun, eng Profisportlerin oder e jonken Amateur, da geet et engersäits ëm d’Sportaart, mat engem festen Oflaf a Reegelen, mee awer och ëm vill Emotiounen an ëm Momenter, déi alles kënnen änneren.

Foto: © Ben Majerus

Dowéinst wier et och wichteg, sech mat der Sportaart auszekennen, déi ee fotograféiert, fënnt de Ben Majerus. Dat wier entscheedend, fir eng wichteg Situatioun kënnen ze anticipéieren. Sech mat der Kamera richteg ze positionéieren an dee beschte Wénkel fannen.

Op der Uni hat de Ben Majerus e Fotoscours gemaach an dobäi seng Passioun fir d’Fotografie entdeckt. Zanter 2010 fotograféiert hie fir d’Lëtzebuerger Wort, am heefegste Fussballsmatcher oder nach Basket a Volleyball. Woubäi hie mat senge Resultater vun de Volleyballspiller seelen zefridden ass, wéi hie seet. Fir den Optrag, Dressurreiden ze fotograféieren, hätt hie sech am Viraus probéiert, e bësse virzebereeden. Ma dat wier awer wuel deen aussergewéinlechste Sport, deen hie jee hätt misse fotograféieren.

Huet een e Feeling fir eng Sportaart, wier et och méi einfach, séier ze entscheeden an e gudde Moment anzefänken, esou de Ben Majerus. Allgemeng wier d’Material och immens wichteg; eng Kamera mat besonnesch séierem Autofokus, fir déi entscheedend Millisekonn ze erwëschen.

Den Dëschtennisball, dee genee op der Héicht vum Ae vun der Spillerin ass, de Fussballsball deen an de Gol an och genee op d’Kameraobjektiv zouflitt, e Leefer, deen an Tréinen zesummebrécht, well en nach kuerz virun der Zillinn iwwerholl ginn ass. Alles dat si Momenter a Beweegungen, déi an enger Foto zum Stëllstand kommen. Agefaangen am 2D an awer gesäit een nach d’Vitess an d’Emotiounen derhannert.

Foto: © Roland Miny

D’Plaz hannert dem Gol

Besonnesch de Ball, deen an de Gol an op d’Kamera zouflitt, huet de Roland Miny schonn als Kand faszinéiert. Vu Klengem u wollt hien um Fussballsfeld hannert dem Gol sëtzen. Eng Plaz, déi fir d’Fotografe reservéiert ass. Haut ass de fréieren Infirmier an Anästhesist an der Pensioun an, obwuel hien ni reng vu senger Passioun gelieft huet, huet hie sech scho viru 40 Joer säin Dram vum Sportsfotograf erfëllt. Duerch säin Niewenjob krut hien d’Geleeënheet, d’Welt aus enger ganz anerer Perspektiv ze gesinn. Ënnert anerem huet hien 30 Joer laang fir d’Revue geschafft.

6 Olympiaden, 7 Liichtathletikweltmeeschterschaften a 25 Tour-de-Francen huet hie mat senger Lëns begleet. Bei Leopard Trek konnt hien der Ekipp als offizielle Fotograf ganz no sinn. Och bei der Finall vun der Fussballs-WM zu Berlin am Joer 2006 war hie mat dobäi.

Besonnesch gepräägt – an dat héiert een och a senger Stëmm, wann en dovunner erzielt – huet hien awer den Asaz bei den Olympesche Wanterspiller 1994 an Norwegen. Hie war zu Lillehammer mat dobäi, wéi de Lëtzebuerger Marc Girardelli am Super-G Véierte ginn ass. Ma bis et zu de Fotoe vun der Arrivée koum, huet hie mat aneren internationale Sportsfotografe bei minus 20 Grad misse waarden. Haut seet de Roland Miny, dass dat wuel säi schwéiersten Asaz gewiescht wier, well d’Konditiounen esou aussergewéinlech waren. Mat kale Fanger léisst sech den Ausléiser och manner gutt drécken. Ma dat sinn awer och Momenter, déi an Erënnerung bleiwen.

Foto: © Valentin Wagner

Eng Leidenschaft am Wandel

Fotograféieren huet vill mat Technik ze dinn an d’Technik verännert sech séier. De Valentin Wagner schafft haut och mat ferngesteierte Kameraen, déi an de Gol positionéiert ginn. Ausgeléist ginn déi vun der Haapt-Kamera, déi beim Fotograf ass. D’Fotoe wieren zwar speziell, fënnt de Valentin Wagner, ma vun de Medien awer vill gefrot, seet hien. D’Beaarbechtung duerno wier bei dëser Form vum Fotograféieren awer besonnesch zäitintensiv. Ëm 800 Fotoe géing hie pro Match maachen, fir dann 10 gudder kënnen ze verschécken.

Fréier wier dat anescht gewiescht, erënnert sech de Roland Miny. Do hätt ee sech gutt iwwerluecht, wat ee knipst. Ëmmerhi konnt ee mat engem Film net onendlech vill Fotoe maachen. Dee Wandel matzemaachen, hätt och seng digital Fotoe vun haut gepräägt. „Wann der haut engem mäi Fotoapparat gitt, deen ech 1992 zu Barcelona op der Olympiad hat, kënnen déi Mannsten dee benotzen.“

Hannert enger gudder Foto an der Zeitung stécht deemno vill Zäit a Wëssen. Net nëmme muss ee sech mat der Sportaart auserneesetzen, dohinnerfueren, op déi interessant Momenter waarden an an deiert Material investéieren. Ma virun allem muss een och eng immens Passioun dofir hunn, dat ass an den Erzielunge vun deenen dräi Fotografe Ben Majerus, Roland Miny a Valentin Wagner direkt erauskomm.

Eng Passioun, déi awer ëmmer manner géing wäertgeschat ginn. Zeitungen hu manner Ressourcen a bauen of, et verbreet sech d’Meenung, dass Handye jo och gutt Fotoe maachen, an op den Internetsitte kann een, ouni eng Auswiel ze treffen, quasi all Foto dropsetzen. D’Material, d’Talent an d’Erfarung, fir aus der Sportsfotografie eng Konscht ze maachen, gi just nach vu wéinege Medie bezuelt.

Wat den Nowuess ugeet, wier et aktuell och schwéier, fir motivéiert Jonker ze fannen, bedauert de Ben Majerus, obwuel nei Leit gesicht ginn.

Mee net ëmmer huet een nieft engem Vollzäit-Job Zäit. A wann d’Remuneratioun fir en Optrag mol net duergeet, fir d’Käschten ze decken, gi souguer passionéiert Fotografe verluer. D’Sportsfotografie ass duerchaus eng Konscht, ma dat awer just, well esou vill Leidenschaft derhannertstécht. Mee wa Leidenschaft net wäertgeschat gëtt, kann d’Konscht séier verluer goen.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.