De Roude Léiw weist d’Krallen

Och wann d’Nationalekipp vun eisem klenge Ländchen nach laang net zu den Elitte-Ekippen op der Welt gehéiert, esou huet de Roude Léiw awer méi ewéi eng Kéier dem Géigner d’Kralle gewisen. An och esou muencher Profifussballer aus dem Ausland huet net schlecht gestaunt, wat eis 11 Männer, déi an hirem Alldag meeschtens mussen Aarbecht, Famill an de Sport ënner een Hutt kréien, esou leeschte kënnen. An deene meeschte Fussballsupporter am Land ass et sécher och kloer, datt mir esou bal net Europa- oder Weltmeeschter ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Esou muenche klengen oder groussen Erfolleg bei Qualifikatiounsronnen zur EM oder der WM konnten eis Rout Léiwen dann awer an hire Palmarès aschreiwen a se hunn et esouguer op d’Titelsäit vun där gréisster däitscher Dageszeitung gepackt.

Mat engem klore 4:2 klappen d’Lëtzebuerger Léiwen 1962 bei der WM-Qualifikatioun déi portugisesch Nationalekipp, bei där deemools scho grouss Staren ewéi Eusébio a Coluna um Terrain stoungen. Och den 1:1 am Joer 1989, am Heysel-Stadion zu Bréissel, géint eis belsch Noperen däerf sécher als klengen Erfolleg gezielt ginn. E weideren Onentscheet gouf et mam 0:0 och 2017 géint eis franséisch Noperen. Zougeschloen huet d’Ekipp mam Roude Léiw op der Broscht dann awer schonn e puer Joer virdrun am Letzigrund zu Zürich. 2:1 war deemools d’Resultat, dat dem Jeff Strasser an dem Fons Leweck ze verdanke war.

Och bei de Qualifikatiounsspiller zur Europameeschterschaft housch et oft David géint Goliath, an esou muencher Kéier huet de Goliath de Kierzere géint de Lëtzebuerger David a Form vun eiser Fussballnationalekipp gezunn. 1:1 an 0:0 waren d’Resultater vum Match Lëtzebuerg géint Schweden a Lëtzebuerg géint Schottland an de Joren 1979 an 1987. De Match Lëtzebuerg – Tschechien, deen 1995 gespillt gouf, ka scho méi als Erfolleg niddergeschriwwe ginn. 1:0 stoung no 90 Minutten op der Tafel am Stade Josy Barthel. Och 16 Joer méi spéit, méi genee de 6. November 2011, heescht de Gewënner Lëtzebuerg, dës Kéier mat engem 2:1 géint Albanien.

1990 hunn d’Rout Léiwen et dunn awer esouguer op déi éischt Säit vun esou muencher internationaler Dageszeitung gepackt. „Berti höhnt Weltmeister“, stoung deemools op der Titelsäit vun där gréisster däitscher Dageszeitung. „Guy Hellers a volé la vedette à Matthäus !“, huet een op der Titelsäit vu Les Sports am Frankräich gelies, an de Fachmagasinn Kicker nennt et „Fast Blamage für DFB-Elf gegen Luxemburg“. Ugefaangen hat de Match den 31. Oktober géint déi däitsch Nationalekipp awer éischter wéi gewinnt. Ronn 9.000 Spectateuren hunn deemools gesinn, ewéi et mam Resultat vun 0:3 an d’Halbzeit gaangen ass. Mee d’Rout Léiwen hu sech deemools net entmuddege gelooss, hunn d’Stréckelen un de Fussballschong nach eng Kéier festgezunn a si voller Äifer an déi zweet Halbzeit gestart. An der 69. Minutt haten d’Léiwen du schonn d’Chance op e Gläichspill. Just den däitsche Golkipp Bodo Illgner konnt, mat vill Chance, den Ausgläich op 3:3 verhënneren. An awer huet et d’Fachwelt schockéiert. Dat klengt Lëtzebuerg mat senge Fräizäitfussballer huet déi däitsch Weltmeeschterekipp ferm an d’Schweesse bruecht. Och den Trainer Berti Vogts huet kloer Wierder fonnt: „Wir haben gegen Luxemburg nicht den richtigen Weltmeister gesehen. Einige spielten eher wie Waldmeister.“

E weidere groussen Erfolleg, deen an d’Geschichtsbicher geschriwwe gëtt, ass sécher dat éischt Spill am neie Stadion. 2.000 Spectateure waren derbäi, wéi de Mica Pinto schonn an der 8. Minutt de Ball am Gol vum Géigner Aserbaidjan versenkt huet. Den 2:0 duerch de Gerson Rodrigues an der 28. Minutt war déi logesch Konsequenz. Trotz guddem Spill vun de Roude Léiwe placéiert den Emin Makhmudiv de Ball am Gol vun de Léiwen. Mee de Kapitän Laurent Jans a seng Jonge wiere sech mat Erfolleg géint d’Ugrëff vun der géignerescher Mannschaft. No 4 Minutten Nospillzäit geet d’Partie mat engem 2:1 op en Enn. D’Lëtzebuerger Press huet deemools vun engem „historischen Sieg“geschwat, a mat 6 Punkten aus dräi Spiller ass et dee beschte Start an eng EM- oder WM-Qualifikatioun an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.

Ob deen een oder anere Match aus dësem Artikel elo wierklech als Erfolleg gewäert däerf ginn oder net, dat däerf an enger vun deene sëllegen drëtten Halbzeiten ausdiskutéiert ginn. Sécher ass et awer, datt eis Rout Léiwen et ëmmer erëm an hirer Geschicht fäerdegbruecht hunn, géint grouss Ekippen ze glänzen an d’Kralle vum Roude Léiw ze weisen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.