D’Handwierk e Beruffswee mat gëllenem Buedem

„Géi an d’Schoul, maach d’Première, da brauchs de der derno d’Hänn net knaschteg ze maachen an däi Brout ass gebak.“ Dës Ausso kënnt bestëmmt esou muencherengem bekannt vir. Elteren, déi op der Schmelz oder an enger Fabrick geschafft hunn, wollten, dass aus hire Kanner „eppes Besseres“ gëtt. Um Büro schaffen, op der Bank oder beim […]

D’Handwierk ass et wäert

Bäcker-Pâtissier, Coiffer, Elektriker – et ginn eng etlech Beruffer am Handwierk. 2020 huet de Secteur 99.579 Leit beschäftegt, dorënner 1.813 Léierjongen a -meedercher an 8.031 Betriber. Mir ënnerhalen eis mat zwee Geschäftsleit iwwer d’Erausfuerderungen, déi sech haut an an der Zukunft, déi duerch d’Digitaliséierung gepräägt ass, stelle wäerten. 1980 huet deen haut 74-järege Lucien Schweitzer säin Usträicherbetrib Maison Lucien […]

Ënner Gewënner: Dat sinn eis beschte Cheffe vum Handwierk

Am Handwierk kritt een eigentlech quasi all Dag eng direkt Belounung: e gelongene Produit, eng uerdentlech Aarbecht, en zefriddene Client. Mee de Secteur u sech huet awer oft éischter mat negative Virurteeler ze kämpfen a struewelt dacks ëm d’Iwwerliewen. E Präis wéi de „Prix du Meilleur Créateur d’Entreprise dans l’Artisanat“ rappt zwar do keng Beem […]

De Congé collectif, eng Lëtzebuerger Spezialitéit

Lëtzebuerg ass e Land mat vill Trafick an enger Abberzuel Chantieren. Ëmsou méi grouss ass de Kontrast, wann an de Summerméint de Congé collectif ugeet an ee Lëtzebuerg vun enger anerer Säit kenne léiert. Ëm déi 49.000 Salariéen (Stand: 2020) aus dem Bau-Secteur hunn zur selwechter Zäit Congé. Vun deene ginn der eng ganz Rëtsch […]

Schumacher, Wagener, Becker

D’Familljennimm sinn an de Stied am 14. Joerhonnert aus Ruffnimm a Virnimm, fir d’Leit besser ënnerscheeden ze kënnen, entstanen. Als Resultat huet sech eng grouss Zuel vu Bezeechnungen erauskristalliséiert, déi sech stänneg verännert hunn an déi d’Originne vun eisen haitege Familljennimm sinn. 1794, ënner dem Napoleon, ass gesetzlech niddergeschriwwe ginn, datt d’Familljennimm an Zukunft verierft musse […]

International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

Zënter 1981 organiséiert de Syndicat d’initiative vu Jonglënster all Joer d’Konschthandwierkerdeeg zu Buerglënster. Gewéinlech sinn dës Konschthandwierkerdeeg am Juni wärend zwee Deeg. Hei stellen international Konschthandwierker hir Aarbechten, déi een natierlech och op der Plaz kafe kann, am Duerf an am Schlass vu Buerglënster aus. Et kann een de verschiddene Konschthandwierker bei hirer Aarbecht iwwer […]

E Stéck Fleesch fir de Bëschaarbechter

Et fënnt een esou muench Geschichten, wann ee probéiert erauszefannen, wouhier eigentlech den Holzfällersteak kënnt. Eng vu deene sëllegen ass et, datt en dem Bëschaarbechter erëm Kraaft soll ginn, fir weider Beem ëmzehaen! Eng Hellewull vu Geschichten a Mythen, mee genee esou vill Rezepter, fënnt ee fir den Holzfällersteak. Mir presentéieren Iech hei eng ganz […]

Motorsport ouni Motor

A menger Jugend waren déi eenzeg Seefekëschten, op déi mir eis als Kanner gefreet hunn, déi mam Wäschmëttel Bonux, well do als Marketinggag ëmmer eng Spillsaach iergendwou tëschent de Seefeflacke verstoppt war. Dat war alt emol e Plastiksauto, e Plastiksbijou oder soss Plastiksplastiker. Ech hunn nach ëmmer am Kapp, datt um Pak stoung « ne secouez […]

Konschthandwierk an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz

Fielsen, Baachen, Laftrail, Wanderweeër an e Waasserfall ewéi aus dem Billerbuch. De Mëllerdall, déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz. Do, wou et esou muencher Lëtzebuerger oder Tourist hinzitt, fir e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen, Vakanz ze maachen, d’Natur ze genéissen oder mol erëm d’Lafschong erauszehuelen. Dertëschent dat eent oder anert, net onbedéngt verschlofent, Nascht. Esou muenches […]

Lycée des Arts et Métiers

„Eng Schoul, wou d’Handwierk geléiert gëtt, dat wier et dach“, duecht sech bestëmmt den deemolege Staatsminister Paul Eyschen, duerch deen 1896 d’Gesetz fir esou eng Schoul, méi genee e Lycée, initiéiert gouf. Passend zur Thematik huet en se och direkt d’Handwierkerschoul genannt. Niewent der Beruffsausbildung, déi bis zu deem Dag ausschliisslech an de Betriber gemaach […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.