„Géi an d’Schoul, maach d’Première, da brauchs de der derno d’Hänn net knaschteg ze maachen an däi Brout ass gebak.“ Dës Ausso kënnt bestëmmt esou muencherengem bekannt vir. Elteren, déi op der Schmelz oder an enger Fabrick geschafft hunn, wollten, dass aus hire Kanner „eppes Besseres“ gëtt. Um Büro schaffen, op der Bank oder beim Staat, dat war e richtegt Statussymbol.

A laang Zäit war et och esou. Mam Premièresexamen an der Täsch stoungen engem all d’Dieren op an eng gutt Pai war geséchert. Mee lues a lues war ee mat engem Lycéesofschloss nëmmen nach ee vu villen. D’Première war op emol nach just eng Grondlag, eng „Entréesdier“ fir weider Studien. Mat engem Héichschoul- oder Universitéitsofschloss konnt een sech besser um Aarbechtsmaart demarkéieren. Eng Aarbechtswelt, déi jo ëmmer méi no spezialiséierten Aarbechtskräfte rifft. De Staat, an dat net nëmmen hei am Land, ënnerstëtzt dës Denkweis. Fir dass jiddereen sech Héichschoulstudie leeschte kann, ënnerstëtzt de Staat dëse Bildungswee generéis mat Subsiden. Jiddereen, egal wéi säi sozialen Hannergrond ass, soll d’Méiglechkeet kréien, studéieren ze goen. Dës Iwwerleeunge si sécherlech all gutt a richteg, allerdéngs kann een oft den Androck kréien, dass se eis Denkweis op eng Aart a Weis gepräägt hunn, déi derzou gefouert huet, dass mir aner Aspekter aus den Ae verluer hunn.

Esou wéi een et virun 20 bis 30 Joer scho beim Premièresdiplom mierke konnt, esou kann een haut feststellen, dass en Ofschloss vun Héichschoulstudien och net automatesch zu enger garantéierter Aarbechtsplaz oder enger méi décker Pai féiert. A wéi oft kënnt et haut vir, dass jonk Leit e bestëmmten Héichschoulstudium ofschléissen, ouni awer dono an dësem Beräich ze schaffen. Verschidden Universitéitsstudie sinn esou spezialiséiert (fir net ze soen exotesch), dass et schonns wéi e Sechser am Lotto ass, fir genee an dësem Beräich eng Aarbecht ze fannen.

Bei der Adequatioun héijen Diplom = gutt Pai gëtt leider allze oft vergiess, dass et net den Diplom un sech ass, deen eng gutt Aarbecht leescht. D’Bereetschaft, eng gutt Pai ze bezuelen, entsteet dann, wann eng Persoun déi néideg Kompetenz genee do unzewende weess, wou se gebraucht gëtt. Wann engem seng Kompetenz op d’Aufgabe passt, déi ze erleedege sinn, dann entsteet net nëmmen eng gutt Aarbecht, mee ganz oft och eng ënnerlech Zefriddenheet bei deemjéinegen, deen d’Aarbecht verriicht – an dëst ganz onofhängeg dovun, wéi héich de Schoulofschloss ass.

An Zäiten, wou ee feststelle muss, dass en Universitéitsofschloss net méi onbedéngt mat enger Garantie fir eng geséchert Aarbechtsplaz gläichzesetzen ass, a wou a verschiddene Beräicher schonns verzweiwelt no Leit gesicht gëtt (an dat op Plazen, wou ee keen Universitéitsofschloss an der Täsch muss hunn), wär et also wichteg, net nëmmen un engem eenzegen Denkscheema festzehalen.

D’Handwierksberuffer sinn e gutt Beispill. De Wee an eng Handwierksausbildung gëtt a ville Käpp nach allze oft als eng Noutléisung wouergeholl, wann d’Schoulnotten net déi Bescht sinn. Dobäi treffen all d’Iwwerzeegungen, déi ee soss a Verbindung mat engem Héichschoulofschloss hat, haut op d’Handwierksberuffer zou. Wien haut aus Iwwerzeegung en Handwierk léiert, kann sech sécher sinn, no der Ausbildung eng sécher Aarbechtsplaz ze fannen. A kaum engem anere Beruff kann een esou kloer an esou séier gesinn, wat ee mat senger Kompetenz erschafen huet, ewéi am Handwierk. E Resultat vun senger Aarbecht ze gesinn, iwwermëttelt engem Zefriddenheet oder et fillt ee sech ugespornt, et nach besser ze maachen. E gudden Handwierker gëtt esouwuel vum Patron ewéi och vum Client als wäertvoll Pärel ugesinn an dëst léisst sech dann och deementspriechend a Mënz ëmsetzen, woubäi mer dann erëm bei där décker Pai wären.

A sollt den Handwierker, niewent senger eigentlecher Aarbecht, och Freed drun hunn, selbstänneg e Betrib ze féieren, esou kann hie wärend der Meeschterprüfung léieren, wéi ee Mataarbechter féiert, d’Finanze geréiert, de Marketing opbaut, seng sozial Kompetenze vis-à-vis vu Clienten ausbaut an nach villes méi.

Wien sech méi iwwer d’Méiglechkeete vun enger Beruffsausbildung am Handwierk informéiere wëllt, kann sech um Internet ënner www.cdm.lu oder www.winwin.lu schlau maachen.

Esou ënnerschiddlech all eenzele Mënsch ass, esou ënnerschiddlech sinn och d’Weeër zum eegene beruffleche Gléck.

D’Handwierk e Beruffswee mat gëllenem Buedem

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.