Lycée des Arts et Métiers D’Handwierkerschoul 

„Eng Schoul, wou d’Handwierk geléiert gëtt, dat wier et dach“, duecht sech bestëmmt den deemolege Staatsminister Paul Eyschen, duerch deen 1896 d’Gesetz fir esou eng Schoul, méi genee e Lycée, initiéiert gouf. Passend zur Thematik huet en se och direkt d’Handwierkerschoul genannt. Niewent der Beruffsausbildung, déi bis zu deem Dag ausschliisslech an de Betriber gemaach gouf, gëtt dem Léierbouf oder Léiermeedchen elo, niewent der praktescher Ausbildung an engem Betrib, och en theoreeteschen Deel ugebueden, wou allgemengt Wësse vermëttelt gëtt, dat dono am Beruff nëtzlech ka sinn.

Ugefaangen huet et am Joer 1897/1898 mat enger provisorescher Klass ënner der Leedung vum Antoine Hirsch, dee spéider och Direkter gouf. Jonk Fraen ewéi Männer konnten sech mellen, fir hir Léier hei ze maachen. Am Joer 1905 sinn duerch nei Ausbildungsfächer an den Undrang vun neie Schüler an der deemoleger Dafstommeninstitutioun Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt ginn. Ugebueden Ausbildunge waren d’Beruffsbiller vum Bau-, Metall- a Konschthandwierker, ewéi zum Beispill de Schlässer, den Dekoratiounsmoler, de Sculpteur, den Zammermann an de Schräiner.

1911 war et endlech esou wäit an d’Handwierkerschoul, dat deemolegt Jesuittenheem um Lampertsbierg, huet hir Dieren opgemaach. Deemools huet nach all Schüler misse 40 Frang pro Joer als Ausbildungskäschten opbréngen. D’Ausbildung huet hei 3 Joer gedauert, mat engem véierten, fakultative Joer, fir d’Léier ze festegen an e bessere Start an d’Beruffsliewen ze garantéieren. Virun allem d’Maschinneschlässerei huet duerch d’Zesummenaarbecht mat der deemoleger Reichseisenbahn dovu profitéiert; hei war den Antrëtt besonnesch einfach, wann een e véiert fakultatiivt Joer besicht huet. 1926, also 18 Joer nodeems d’Regierung sech mam Gesellebréif beschäftegt huet, ass dëst Gesetz och endlech gestëmmt ginn, esou datt d’Beruffsausbildung op engem gereegelten an nationalen Niveau konnt oflafen. Heiduerch ass d’Beruffsausbildung fir jidderee gläichgesat, onofhängeg dovun, a wéi engem Betrib oder a wéi enger Schoul d’Fachausbildung stattfënnt.

Hei war d’Handwierkerschoul elo an 2 Beräicher opgedeelt, dem techneschen an dem Konschtdeel. An de Joren derno sinn nach weider Beruffer derbäikomm, ewéi d’Beruffsbiller vum Elektrotechniker an dem Informatiker. Relativ schnell huet sech d’Handwierkerschoul e gudden Numm an der Betribswelt opgebaut, esou datt den Diplom, deen een derno an der Hand gehal huet, e Versprieche war, fir eng Plaz um Marché ze fannen. „D’Patronen hunn eis quasi Gesellen an Techniker aus dem Grapp gerappt“, esou den deemolegen Direkter Charles Roger an enger Publikatioun aus dem Joer 1956.

D’Handwierkerschoul ass op internationalem Niveau och e puer Mol ausgezeechent ginn. 1905 an 1910 krut se de Grand prix ob der Weltausstellung iwwerreecht an 1925 den Diplôme d’honneur vun der internationaler Ausstellung fir dekorativ Konscht zu Paräis. Fir eng ausgestallte Schülerzeitung an d’Aarbechten an den Atelieren ass der Schoul och eng gëlle Medail op der Weltausstellung zu Paräis iwwerreecht ginn. Iwwer d’Joren a bis haut sinn nach vill Auszeechnungen an Éierunge fir d’Aarbecht, déi geleescht a vermëttelt gouf a gëtt, iwwerreecht ginn.

Nieft der Handwierksausbildung ass och den Technikum ze ernimmen. Dëse gouf 1916 um selwechte Site ewéi d’Handwierkerschoul an d’Liewe geruff, fir d’Lach tëschent dem klasseschen Handwierker an dem Akadeemiker ze fëllen. Hei schwätze mer no 3 Joer Ausbildung an enger Ofschlossaarbecht vun engem „Techniker“, spéider ëmbenannt an „Ingénieur Technicien“. An de Joren 41-44 ass den Technikum provisoresch op Esch-Uelzecht verluecht ginn, bis en dunn 1976 an engem neie Gebai um Kierchbierg fäerdeg amenagéiert gouf, wou en haut Deel vun der Uni Lëtzebuerg ass.

Den 3. August 1958 ass iwwer e Vott an der Chamber den Institut d’Enseignement Technique (IET) geschaf ginn, opgedeelt op zwou Schoulen, d’École des Arts et Métiers, d’Handwierkerschoul, an d’École Technique, den Technikum. No der Reform iwwer déi technesch a professionell Ausbildung huet d’Handwierkerschoul den Numm Lycée Technique des Arts et Métiers (LTAM) kritt, deen 2015 duerch d’Integréiere vum Uelzecht-Lycée zum Lycée des Arts et Métiers ginn ass. Heiduerch kann elo och de „cycle inférieur classique“ ugebuede ginn.

Haut ass déi al Handwierkerschoul vill méi ewéi just eng Handwierkerschoul. Vum Lycéesalter u ginn d’Schüler virbereet, ob se spéider eng professionell Ausbildung oder eng generell Preparatioun fir déi spéider Studie solle kréien – hei gëtt jiddereen zerwéiert. Bannent de leschte Joren hunn sech virun allem och vill weiderféierend Studien agebiergert, de sougenannte Brevet de Technicien Supérieur (BTS). „Hei si mir besonnesch stolz, esou eng enk Zesummenaarbecht mat de Patrone kënnen ze hunn, fir d’weiderbildent Ausbildung unzebidden an eis jonk Studenten nach besser op déi berufflech Karriär kënne virzebereeden“, seet eis den aktuellen Direkter Fabrice Roth. Virun allem an de Beräicher Konscht an Informatik gi vill verschidde Studien ugebueden. Esou ass den Animatiounsgrafiker oder de Spilldesigner/-programméierer just e Beispill fir eng méi konkret Bildung, fir an den zukünftege Beruff eranzeklammen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.