Schumacher, Wagener, Becker

d’Handwierk am Familljennumm

D’Familljennimm sinn an de Stied am 14. Joerhonnert aus Ruffnimm a Virnimm, fir d’Leit besser ënnerscheeden ze kënnen, entstanen. Als Resultat huet sech eng grouss Zuel vu Bezeechnungen erauskristalliséiert, déi sech stänneg verännert hunn an déi d’Originne vun eisen haitege Familljennimm sinn.

1794, ënner dem Napoleon, ass gesetzlech niddergeschriwwe ginn, datt d’Familljennimm an Zukunft verierft musse ginn. Dowéinst hunn d’Nimm an där Zäit hir Bedeitung verluer an et sinn och keng nei Familljennimm derbäikomm.

Et gi 5 Grondmotiver, aus deenen d’Familljennimm entstane sinn:

  • de Virnumm, z. B. Thill, Hansen;
  • d’Originn (Hierkonft), z. B. Flammang, Trierweiler;
  • de Wunnuert, z. B. Bach, Kirch;
  • de Beruff, z. B. Schmit, Weber, Muller;
  • d’Charakter- oder Kierpereegenschaften, z B. Klein, Lang.

2016 koum d’Luxemburger Familien-namenbuch vum Cristian Kollmann, Peter Gilles a Claire Muller eraus. Et ass e Referenzwierk fir 2.500 Lëtzebuerger Familljennimm.

Ob Ären Numm och engem Hand-wierksberuff entstaamt, dat kënnt Dir an eisem klenge Spill erausfannen.

Vill Spaass!

Quiz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.