Bäcker-Pâtissier, Coiffer, Elektriker – et ginn eng etlech Beruffer am Handwierk. 2020 huet de Secteur 99.579 Leit beschäftegt, dorënner 1.813 Léierjongen a -meedercher an 8.031 Betriber. Mir ënnerhalen eis mat zwee Geschäftsleit iwwer d’Erausfuerderungen, déi sech haut an an der Zukunft, déi duerch d’Digitaliséierung gepräägt ass, stelle wäerten.

1980 huet deen haut 74-järege Lucien Schweitzer säin Usträicherbetrib Maison Lucien Schweitzer gegrënnt. Sechs Méint huet hien eleng geschafft, éier hien säin éischte Léierbouf agestallt huet. „A 40 Joer Existenz hunn ech 35 Gesellen a menger Firma ausgebilt“, ënnersträicht de Lucien Schweitzer. Vill vun hinne si bliwwen, anerer si fortgaangen, entweeder fir hiren eegene Betrib opzemaachen oder an ënnerschiddlechen ëffentleche Servicer ze schaffen.

„En Handwierksbetrib ass wéi eng Famill an e Betrib ze hunn an heescht all Dag op en Neits, gutt a schlecht Erfarungen ze erliewen. Mee et ass derwäert“, seet hien. Fir de Lucien Schweitzer ass dat Wichtegst, all Client zefridden ze hannerloossen. Seng Erfarung erméiglecht et him, an enger Diskussioun mam Client ze verstoen, wat dësen sech wënscht a wat dem Client kéint gefalen. „Dat Schéinst fir mech ass et, dem Client ze hëllefen, säin Nascht ze bauen.“

„E gudde Wee, fir eng grouss Karriär ze maachen“

D’Firma, déi de Lucien Schweitzer zesumme mat senger Fra Doris um Houwald gegrënnt huet, ass 2008 zu engem renge Familljebetrib ginn, wéi hir dräi Diechter Isabelle, Anne an Tammy, déi Innenarchitektur, Design a Betribsmanagement studéiert hunn, mat an de Betrib koumen.

„Doheem war et fir mech ëmmer wichteg, positiv ze bleiwen, an hinnen déi positiv Säite vum Handwierk ze weisen. Dir musst mat Begeeschterung iwwer Är Aarbecht schwätzen“, ënnersträicht de Lucien Schweitzer.

Jonk Leit fir d’Karriäre vum Handwierkssecteur ze begeeschteren, ass net einfach. „Et muss een oppassen, wat se an der Schoul maache wëllen. D’Handwierk bitt méi Beruffsperspektiv, wéi et am éischten Abléck schéngt, a ka verhënneren, datt verschidde Jugendlecher de Schoulsystem ouni Ausbildung verloossen an sech doduerch d’Diere fir eng qualifizéiert Aarbecht zoumaachen. Och am Handwierk ginn et Weeër, sech eng Karriär opzebauen“, seet de Lucien Schweitzer. Mat engem Projet, deen sech un den Uspréch a Wënsch vum Client orientéiert, ass den Erfolleg quasi garantéiert.

Dem Entreprener no ass d’Zukunft vum Secteur „vläicht méi informatiséiert“, mee och wann de Produktiounsprozess méi automatiséiert gëtt, „wäert d’Hand vum Meeschter oder dem Gesell ëmmer nach gebraucht ginn. Dat Fangerspëtzegefill kann net duerch eng Maschinn ersat ginn“, seet de Lucien Schweitzer.

Mënsche wäerten ëmmer um Terrain sinn

De 36-järege Yannick Schuler huet virun 10 Joer d’Baufirma, déi 1976 zu Käerjeng gegrënnt gouf, vu sengem Grousspapp Serge Bressaglia iwwerholl. Och mat him hu mir iwwer d’Schwieregkeeten, mat deenen d’Patrone vun Handwierksbetriber konfrontéiert sinn, geschwat. „Et ass schwéier, gutt a motivéiert Aarbechter ze fannen. Och hautdesdaags gëtt d’Handwierk leider nach ëmmer als Noutléisung fir Kanner gesinn, deenen hir Notten an der Schoul net op engem Topp-Niveau sinn.“

Fir de Yannick Schuler ass et d’Roll vun der Éducation nationale, de Secteur méi attraktiv ze maachen. E Stage an enger Entreprise wärend der Schoulzäit kéint zum Beispill derzou bäidroen, Jugendlecher, déi bis dohin nach net wëssen, wat fir e Wee se aschloe sollen, fir d’Handwierk ze begeeschteren.


Senger Meenung no wäert an Zukunft och weiderhin handwierklecht Geschéck gebraucht ginn: „Dir wäert ëmmer Leit brauchen, déi wëssen, wat se maachen“, seet de Yannick Schuler, „och wann 3D-Drécker ëmmer méi present ginn.“

Dorop ugesprach, wéi hien d’Handwierk a 5 Joer gesäit, seet de Yannick Schuler, datt hien hofft, datt trotz konstant wuessender Digitaliséierung ëmmer nach Leit um Terrain sinn, déi wëssen, wéi se hiert Handwierk maachen.

Fir de Bausecteur gesäit hien awer och nach aner Erausfuerderungen, wéi zum Beispill nohaltegt Bauen, de Materialrecycling oder awer de Building Information Modeling (BIM), eng Method, déi et erlaabt, Prozesser an deene verschiddenen Etappe vun der Konstruktioun ze optimiséieren.

En Artikel vum Aude Forestier

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.