Placeholder Dummy template

De Congé collectif, eng Lëtzebuerger Spezialitéit

Lëtzebuerg ass e Land mat vill Trafick an enger Abberzuel Chantieren. Ëmsou méi grouss ass de Kontrast, wann an de Summerméint de Congé collectif ugeet an ee Lëtzebuerg vun enger anerer Säit kenne léiert.

Ëm déi 49.000 Salariéen (Stand: 2020) aus dem Bau-Secteur hunn zur selwechter Zäit Congé. Vun deene ginn der eng ganz Rëtsch mat der Famill an d’Vakanz an da kommen nach déi derbäi, déi souwisou scho fort sinn. Dann ass et och net weider verwonnerlech, datt quasi keen Trafick op de Stroossen ass an d’Land sech, deemno wou ee sech grad ophält, e wéineg eidel ufillt. Et ass all Joer erëm e skurrillen Ubléck an dat, obwuel de Congé collectif näischt Neies ass. Jiddefalls fir Lëtzebuerg net, well bei eisen Nopere gëtt et esou eppes net. Da kënnt et alt emol vir, datt eng auslännesch Entreprise, déi zu Lëtzebuerg baue wëll, net schlecht staunt, wann et zur beschter Bauzäit op emol Congé collectif heescht. Wärend dëser Period mussen nämlech all d’Entreprisen am Bau-Secteur hir Aktivitéiten astellen. Dat gëllt esouwuel fir lëtzebuergesch Firmaen, déi am Ausland agéieren, ewéi fir auslännesch Firmaen, déi hei zu Lëtzebuerg aktiv sinn.

E ganze Grapp Beruffer däerfen an de Summerméint hirer Aarbecht net nogoen, ënner anerem all d’Aarbechter vum Bau. Am Gesetzestext ass dëst nach méi genee definéiert, hei gi konkreet follgend Beruffer opgezielt: Entrepreneur de construction; Entrepreneur de voirie et de pavage; Confectionneur de chapes; Entrepreneur de terrassement, d’excavation de terrains et de canalisation; Entrepreneur d’asphaltage et de bitumage; Poseur de jointoiements; Ferrailleur pour béton armé an Entrepreneur de forage et d’ancrage.

D’Schaffe wärend dem Congé collectif ass just mat enger spezieller Geneemegung erlaabt. Dofir muss een am Viraus eng Demande de dérogation au congé collectif bei der ITM (Inspection du travail et des mines) areechen. Valabel Grënn fir eng Ausnam si Renovatiounsaarbechten un oder a Schoulen oder a Fabricken, wärend engem Produktiounsstopp, oder soss dréngend Aarbechten.

De Congé collectif ass scho bal eng Traditioun an existéiert zanter dem 1. Januar 1975. En ass d’Resultat vun der Convention collective de travail pour le bâtiment oder, op Lëtzebuergesch, dem Kollektivvertrag fir de Bau-Secteur. D’ Zil war et, den Aarbechter ze erméiglechen, d’Famill aus hirem Heemechtsland méi oft ze gesinn. Hei muss ee berücksichtegen, datt deemools e groussen Deel vun den Aarbechter aus Portugal an Italie koumen an et dacks keng Méiglechkeet ginn ass, d’Famill an der Heemecht ze besichen. Esou huet de Kollektivvertrag zwou Periode Congé virgesinn: 15 Deeg Congé am Summer an 10 am Wanter.

De Congé collectif am Summer start ëmmer um leschte Freideg vum Juli. En Zäitraum, deen dacks kritiséiert gëtt. Esou argumentéiere Kritiker, zum Beispill via d’Chamberpetitioun Nummer 1208 aus dem Joer 2019, datt an dëser Period d’Wiederkonditiounen et erlaben, dee gréisste Fortschrëtt um Bau ze maachen. De Congé kéint jo, wéi an deene meeschte Betriber, vum Aarbechter selwer gewielt ginn oder einfach an d’Wanterméint geréckelt ginn, an deene schlecht Wieder souwisou dacks d’Schaffe verhënnert. Dat géif allerdéngs erëm fir aner Problemer suergen, wat warscheinlech och ee vun de Grënn war, firwat datt d’Petitioun et net bis an d’Chamber gepackt huet. Besonnesch kleng Entreprisen am Bau-Secteur profitéieren nämlech vum kollektive Congé. Esou ass et zum Beispill fir si just duerch de Congé collectif méiglech, iwwerhaapt emol fräi ze hunn, ouni gréisser Verloschter mussen a Kaf ze huelen. Kleng Ekippe kënnen oft net op d’Expertis vun den eenzele Mataarbechter verzichten an esou bleift dann als eenzeg Méiglechkeet, jidderengem zur selwechter Zäit Congé ze ginn oder duerchzeschaffen. Mee wa souwisou kee schaffen däerf, mécht een och kee Verloscht, wann ee Vakanz mécht.

Ausserdeem ass d’Woch virum Congé collectif ganz praktesch, fir organisatoresch Aufgaben ze erleedegen. Oft ginn hei d’Maschinne propper an den Entretien gemaacht. Ënner anerem ginn och nach Maschinne vun engem Chantier op deen anere gefouert, Rechnunge gi bezuelt an d’Budgete ginn nach emol kontrolléiert. Esou kann et nom Congé collectif och direkt weidergoen.

En Artikel vum Jo Schneider

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.