A menger Jugend waren déi eenzeg Seefekëschten, op déi mir eis als Kanner gefreet hunn, déi mam Wäschmëttel Bonux, well do als Marketinggag ëmmer eng Spillsaach iergendwou tëschent de Seefeflacke verstoppt war. Dat war alt emol e Plastiksauto, e Plastiksbijou oder soss Plastiksplastiker. Ech hunn nach ëmmer am Kapp, datt um Pak stoung « ne secouez pas Bonux » – vläicht, well de Plastik sech soss an Eenzeldeeler opgeléist hätt?
Seefekëschte gëschter, haut an iwwermuer
Wann dës Aart vun der Fortbeweegung och heizuland nach bis virun ettlech Joer zimmlech onbekannt war, sou fanne mer awer an der amerikanescher Geschicht schonn esou Vehikelen zënter 1933. Deemools hat de Fotograf Myron E. Scott am US-amerikanesche Staat Ohio Kanner beim Baue vu Fantasiegefierer geknipst an deenen den Numm soap box ginn. Se waren aus Holz, ausrangéierte Kannerkutschen oder Buedbidden aus Blech an déi éischt offiziell Course war den 19. Mäerz 1933 zu Dayton ënner dem Numm Soap Box Derby, wou 362 Kanner dermat gerullt sinn, an zwar op enger permanenter Rennstreck, déi den Haaptsponsor an Autosbauer Chevrolet finanzéiert hat.
Nom 2. Weltkrich huet dunn Opel, deemools – grad wéi Chevrolet – Deel vun General Motors, dës Traditioun och an Däitschland agefouert a bis 1972 souguer d’Rieder an d’Steierung vun deene skurrille Spillmobille geliwwert. A well eis Nopere vun där anerer Säit vun der Musel nach ëmmer Weltmeeschter an deene verschiddenste Reglementatioune waren, ass dat Ganzt bis op de klengsten Detail gereegelt ginn. Piste vun 250-500 Meter mat engem liichte Gefäll huet et musse sinn, d’Autoen hunn net méi wéi 60 km/h däerfen erreechen, de Radstand, d’Längt an d’Gewiicht ware streng iwwerwaacht an den Helm war Flicht fir d’Piloten. Egal wat fir eng Zort Motore waren natierlech verbueden, den Auto huet eleng duerch seng eege Gravitatiounskraaft däerfe beweegt ginn.
Deemools war et schonn e richtegt Handwierk, fir an der Garage tëschent Béierkëschten, Bonux-Päck an enger verstëbster Huwwelbänk esou Maschinnen zesummenzebauen (ech froe mech, wéi vill Pläng dofir heemlech wärend der Aarbechtszäit op der Schmelz gezeechent gi sinn), a wann de Papp (oder de Monni, deen ëmmer alles besser wousst) sech da mam Hummer op den Daum geschloen huet, huet de Bouf sech vrecktgelaacht an huet nawell eppes bäigeléiert (a wann et nëmme war, net ze laachen, wann en Erwuessenen op déi falsch Plaz geschloen huet). D’Kanner vu menger Generatioun hunn allerdéngs nach guer näischt gewosst vun esou Courssen; dat Seefekëschtenänlëchst fir mech war allerhéchstens de Phenomeen Bobbycar: kleng, bal ëmmer rout Rutschautoen aus Sprëtzplastik, déi – sou behaapte béis Zongen – vun der Kannerschong-Industrie gesponsert waren. Spéitstens no engem intensiven Nomëtteg Bobbycar-Beweegung an der gesonder, frëscher Loft („Do em trotzdeem e Pullover un, soss gëtt et em awer vläicht kal!“) waren nämlech d’Schong vun de Kanner an der Reegel Huddel a Fatz, an zwar als éischt op de Koppen, derno och an den Däller.
Hei zu Lëtzebuerg ginn, menges Wëssens, eréischt zënter 7 oder 8 Joer esou richteg Seefekëschtecourssen organiséiert, awer gréisstendeels aus Furri an aus Spaass un der Freed, zum Beispill zu Wuermer, Déifferdeng, Réiser oder Biissen. Trotzdeem sinn och do streng Reegelen erfuerdert: Sou gëtt et zum Beispill, wéi bei aneren Autossportaarten, eng technesch Kontroll vun de Boliden an och Coursecommissairen, déi drop oppassen, datt d’Reegelen agehale ginn.
Ware fréier déi blëtzséier Seefekëschten nach zimmlech rustikal opgebaut, sou kéint ech mir virstellen, datt an deenen nächste Joren och hei eng technesch Revolutioun kéint geschéien. Wann ech owes ze vill an ze spéit giess hunn, dann dreemen ech vu Super-Flëssëgseef-Bolide mat karbonfaserverstäerkter Karosserie, hydropneumatescher Ophänkung, servoverstäerkter Brembo-Vitessverzögerung, Laserluuchte mat automatescher Ofblend-Technologie, Spuerhal-, Middëgkeets-, Park- an Assistenz-Assistenten, mat platzgeschützten All-Weather-Pneuen, engem gehëtzte Pilotesëtz mat integréierter Massagefunktioun an enger duebel-gemoppelter Quantverzippung, fir wann d’Wanterzäit an d’Summerzäit elektronesch ausgetosch ginn (och wann e Lëtzebuerger Kommissiounspresident emol versprach hat, „wann d’Leit se net méi wëllen, da schafe mer se of“). An amplaz vun enger graffer, moschterfaarweger Kouschnouer ass da vir um Parechoc eng mat Magnéit-Technologie geimpft Oofschleef-Virriichtung implementéiert.
A wa mer fréier och an de Cornflakes-Päck (déi konnts de rëselen, et stoung jo näischt op der Këscht drop) Kaddoe geliwwert kruten, haaptsächlech Plastiksautoen, da kréie mer elo Plastiksautoe mat Cornflakes oder Honey-Smacks dran … a wann ech da wakereg ginn, da geet et mir duck, ganz duck!
En Artikel vum Sully Prud’homme