E Stéck Fleesch fir de Bëschaarbechter

Et fënnt een esou muench Geschichten, wann ee probéiert erauszefannen, wouhier eigentlech den Holzfällersteak kënnt. Eng vu deene sëllegen ass et, datt en dem Bëschaarbechter erëm Kraaft soll ginn, fir weider Beem ëmzehaen! Eng Hellewull vu Geschichten a Mythen, mee genee esou vill Rezepter, fënnt ee fir den Holzfällersteak. Mir presentéieren Iech hei eng ganz […]

Motorsport ouni Motor

A menger Jugend waren déi eenzeg Seefekëschten, op déi mir eis als Kanner gefreet hunn, déi mam Wäschmëttel Bonux, well do als Marketinggag ëmmer eng Spillsaach iergendwou tëschent de Seefeflacke verstoppt war. Dat war alt emol e Plastiksauto, e Plastiksbijou oder soss Plastiksplastiker. Ech hunn nach ëmmer am Kapp, datt um Pak stoung « ne secouez […]

Konschthandwierk an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz

Fielsen, Baachen, Laftrail, Wanderweeër an e Waasserfall ewéi aus dem Billerbuch. De Mëllerdall, déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz. Do, wou et esou muencher Lëtzebuerger oder Tourist hinzitt, fir e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen, Vakanz ze maachen, d’Natur ze genéissen oder mol erëm d’Lafschong erauszehuelen. Dertëschent dat eent oder anert, net onbedéngt verschlofent, Nascht. Esou muenches […]

Wou fannen ech dann elo en Handwierker?

Just eng kleng Reparatur oder awer e gréissere Schantjen. Ass emol eppes um Haus futti oder muss eppes ersat ginn, oder erfëllt ee sech gär en Dram. Eng futtis Bier am Lüster kréien déi meescht vun eis selwer gefléckt, mee de ganze Gaart amenagéieren, eng Viischt Dier ersetzen, d’Fassad nei usträichen oder direkt e ganzt […]

Zwou Institutiounen am Déngscht vum Handwierk

D’Chambre des Métiers an d’Fédération des Artisans sinn déi zwou Organisatiounen, déi sech fir d’Handwierk zu Lëtzebuerg engagéieren. Jiddwereen huet seng eege Missiounen, se hunn awer alle béid e gemeinsaamt Zil: d’Interesse vun hire Memberen a vum Handwierkssecteur ze verteidegen. Dësen ass an éischter Linn dee gréissten Employeur a gläichzäiteg dee gréissten Ausbildungssecteur. An der […]

De Kuuschtesak, fréier an haut!

Fréier hunn d’Fraen hire Männer e Kuuschtesak fir mat op d’Aarbecht agepaakt. Deemools hunn d’Männer och méi schwéier oder och op Schicht geschafft an d’Iessen huet misse bäihalen. Kuuschte si jo eigentlech Schmieren, an esou huet d’Fra dem Mann dann och dacks Schmiere gemaach. Et goufen zum Beispill Gebeesse-Schmieren oder opgekachtene Kachkéis oder Béckerlek a […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.