Wou fannen ech dann elo en Handwierker?

Just eng kleng Reparatur oder awer e gréissere Schantjen. Ass emol eppes um Haus futti oder muss eppes ersat ginn, oder erfëllt ee sech gär en Dram. Eng futtis Bier am Lüster kréien déi meescht vun eis selwer gefléckt, mee de ganze Gaart amenagéieren, eng Viischt Dier ersetzen, d’Fassad nei usträichen oder direkt e ganzt Haus bauen? Dat kréien déi mannst vun eis hin, Hobbyhandwierker a keng zwou lénkser Hänn hin oder hier. Mee wou fannen ech dann elo dee richtegen Handwierker?

Deen éischte Schrëtt war gemaacht, d’Ënnerschrëft stoung um Akt vum Nottär. Mir hunn eis den Dram erfëllt an eis e klengt aalt Haische kaaft. Datt nach e ganze Koup Aarbecht op eis waarde géing, däers ware mir eis bewosst! Esou muenches wollte mir scho selwer maachen, schonn eleng aus Budgetsgrënn. Da ginn et awer eng Hellewull vu Saachen, déi een net selwer maache kann oder wëll.

Mir hunn eis en Architekt gesicht, deen eis, niewent de Pläng an de gudde Rotschléi, wéi ee wat maache kéint, bei all Fro ëmmer mat Rot an Dot zur Säit géif stoen. Mir haten eis eng Lëscht gemaacht an eis genee iwwerluecht, wat mir selwer maache wollten a wat mir engem Handwierker uvertraue wollten. An engem Zeitungsartikel hat ech emol gelies, datt haut 88 % vun de Leit, déi en Handwierker sichen, als alleréischt emol um Internet recherchéieren. Dat ass jo och alles schéin a gutt, mee wéi ech elo do genee virgoe sollt, dat war mir nawell nach ëmmer net esou ganz kloer!

Déi al Mauer tëschent der Stuff an der Kiche sollt eraus, dat war esou eng Aarbecht, déi mir eis nawell net zougetraut hunn. Bei der Sichmaschinn um grousse weltwäiten Netz hu mir méi ewéi e Grappvoll Betriber fonnt, déi esou eppes maachen. Leider hat net all Entreprise eng eegen Internetsäit, mee et gi jo „Online-Telefonsbicher“, wou een dann awer d’Coordonnéeë vun der Firma fënnt. Mee wie soll ech dann elo kontaktéieren? Wie mécht eng gutt Aarbecht? Wat fir e Betrib ass seriö a mécht mir e fairen Devis? Kritt een am Frëndes- a Bekanntekrees keng Äntwert, ass dat ëmmer e wéineg e Schoss an d’Blot.

E Bekannten hat eis virun enger Zäit emol eppes vu „myHammer“ erzielt, enger Plattform, wou een Handwierker fënnt an Aarbechten ausschreiwe kann. Och kënnen d’Clienten op dëser Plattform d’Handwierker, mat deene se geschafft hunn, bewäerten. Dat wär dach elo genee dat Richtegt. Mee firwat gëtt et esou eppes net zu Lëtzebuerg? „Gëtt et och zu Lëtzebuerg!“, seet eisen Architekt, „nämlech: www.wedo.lu!“ Op den éischte Bléck gesäit d’Plattform nawell flott aus.

E Bléck an den Impressum verréit dann och, wien derhannerstécht: d’Fédération des Artisans! Dat klengt jo mol gutt, a schnell sinn déi éischt Aarbechten op der Plattform ausgeschriwwen. No zwou Wochen ouni iergendeng Äntwert hunn ech mech gefrot, ob ech vläicht iergendeppes falsch gemaach hunn. Hunn eventuell Informatioune gefeelt bei der Ufro? Esou hunn ech dann awer dach de klassesche Wee ageschloen an hunn d’Entreprisen all iwwer E-Mail oder Telefon kontaktéiert, fir en Devis ze kréien. Ganz schnell hunn ech misse feststellen, datt déi jeeweileg Betriber hire Carnet de commande zimmlech voll hunn. Anerer waren net un esou enger „klenger“ Aarbecht interesséiert oder hunn e „verréckte“ Präis fir hir Aarbecht uginn, warscheinlech well si mir net direkt wollte soen, datt si zurzäit net zur Verfügung stinn.

Wirklech schued, dass d’Plattform www.wedo.lu mech net weiderbruecht huet. Am Gespréich mat de Betriber héiert een och e wéineg eraus, datt d’Begeeschterung iwwer dës Plattform sech a Grenzen hält. Mee firwat? Där Saach wollt ech nogoen!

En éischte Versuch sollt natierlech de Kontakt bei der Fédération des Artisans sinn. Leider hunn ech do keng Äntwert kritt, weeder per E-Mail, nach per Telefon. An enger bekannter Lëtzebuerger Businesszeitung kritt een dann op d’mannst e puer Äntwerten, wann och net direkt aus éischter Hand. Wedo.lu sollt eng Plattform si fir Handwierker, déi dem Handwierker et erméiglecht, digitale Marketing ze bedreiwen a siichtbar am Internet ze ginn, dat ass déi éischt Ausso, déi ee liese kann.

Dem Handwierker eng Vitrinn ze bidden, fir sech duerzestellen a seng Déngschtleeschtungen ze presentéieren, ass jo schéin a gutt, mee dat kann den Handwierker haut schonn op villen anere Plattformen, ugefaange mam groussen Internetris mam grousse G am Logo, bis bei d’Lëtzebuerger Online-Telefonsbuch, dofir muss net onbedéngt nach eng zousätzlech Plattform geschafe ginn.

Fir d’Handwierk ze stäerken an dem Client e flotte Service ze leeschten, wär et wichteg, eng reell „Matching-Plattform“ unzebidden. D’Fédération des Artisans huet mat www.wedo.lu en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach, mee, wann de Wee net zu Enn gefouert gëtt, mécht en éischte Schrëtt eleng net vill Sënn. Dës Plattform sollt dem Handwierksbetrib d’Méiglechkeet ubidden, op eng einfach Aart a Weis Clienten ze fannen, an, méi wichteg nach, soll si et dem zukünftege Client erméiglechen, en Handwierker ze fannen, deen Interessi an Zäit huet un enger Aarbecht, déi de Client op dësem Site ausschreift. De Client soll och net nëmmen en Handwierker fir säi Schantje fannen, mee och kucke kënnen, wat aner Clienten iwwer de Betrib soen a schreiwen a wéi hir Erfarunge waren. A vläicht kéint d’Fédération des Artisans och den néidege Suivi vun dëser Plattform iwwerhuelen an aktiv dobäi hëllefen, datt de Client an den Handwierker zueneefannen. Wéi nennt een dat am Fachjargon? Eng Win-Win-Situatioun! En zefriddene Client, en zefriddenen Handwierker!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.