Zwou Institutiounen am Déngscht vum Handwierk

Placeholder Dummy template

D’Chambre des Métiers an d’Fédération des Artisans sinn déi zwou Organisatiounen, déi sech fir d’Handwierk zu Lëtzebuerg engagéieren. Jiddwereen huet seng eege Missiounen, se hunn awer alle béid e gemeinsaamt Zil: d’Interesse vun hire Memberen a vum Handwierkssecteur ze verteidegen. Dësen ass an éischter Linn dee gréissten Employeur a gläichzäiteg dee gréissten Ausbildungssecteur.

An der Stad um Kierchbierg fënnt een d’Chambre des Métiers du Luxembourg (CDM), eng Beruffschamber, där hir Haaptziler d’Representatioun, d’Verdeedegung vun den Interesse vum Lëtzebuerger Handwierk, d’Ausbildung an d’Weiderbildung vun den Handwierker sinn. D’CDM ënnerstëtzt Handwierksbetriber an e ganze Koup Beräicher wéi d’Internationaliséierung oder d’Digitaliséierung. D’Mataarbechter vun der CDM stinn den Handwierker bei Froen – zum Beispill bei juristesche Froen oder iwwer d’Schafe vun engem Betrib – allzäit zur Verfügung. Gläichzäiteg iwwerhëlt d’CDM och d’Roll vun der institutioneller Spriecherin.

De Kommitee vun der CDM besteet aus 25 gewielte Memberen, déi all 5 Joer an enger Plenière gewielt ginn. Derbäi kommen nach dräi Delegéierter, déi vun der Fédération des Artisans (FDA) genannt ginn. Déi nächst Wale sinn de 26. Abrëll 2022. Aktuell ass den Tom Oberweis, Patron vun der Pâtisserie mam selwechten Numm, de President vun der CDM.

Nieft der CDM gëtt et also nach d’Fédération des Artisans, déi d’Lëtzebuerger Handwierksbetriber, opgedeelt op drësseg Beruffsgruppen, representéiert. D’Haaptmissioun vun der am Joer 1905 gegrënnten FDA ass et, d’Politik ronderëm d’Handwierk am Dialog mat hire Memberen ze definéieren. Si verdeedegt d’Interesse vum Lëtzebuerger Handwierk op nationalem an internationalem Plang. D’Federatioun dréit derzou bäi, „e wirtschaftlecht a soziaalt Ëmfeld, dat dem Handwierk an der Ekonomie hëlleft, ze schafen“, kënne mir an der Broschür vun der Federatioun liesen. Méi wéi 300 Fräiwëlleger an eng Ekipp vun 20 Mataarbechter setzen sech all Dag, ënner der Leedung vun hirem President Ernest Pirsch, fir hir Memberen an.

Lëtzebuerger Knowhow ass och am Ausland gefrot

Wéi all déi aner Piliere vun eiser Wirtschaft ass och den Handwierkssecteur vun der Covid-19-Kris betraff. Obwuel d’Handwierk no bausse relativ gesond wierkt, bleift d’Tatsaach, datt seng Betriber finanziell geschwächt sinn. Am Ufank vun der Pandemie konnte si vun der staatlecher Hëllef profitéieren, fir mat hiren Aktivitéite weiderzemaachen. E puer vun hinnen hunn de Chômage partiel ugefrot an domat evitéiert, an eng Faillite ze schlidderen. Och wann de Coronavirus nach ëmmer present ass, ass et haut de Krich an der Ukrain, deen d’Präisser vu Material an Energie no uewen dreift an den Handwierksbetriber d’Liewen erëm méi schwéier mécht.

D’Handwierk, dee gréisste Patron vum Land, besteet haut aus insgesamt 8.400 Firmaen, déi bal 102.000 Leit beschäftegen. Dës Firmae representéieren 10 % vum PIB, 21 % vun de Betriber an 20 % vun de Beschäftegten am Grand-Duché. 4.500 vun dëse Betriber sinn eleng am Beräich vum Bau aktiv. Derbäi kommen nach d’Betriber aus der Groussregioun, déi bei der Chambre des Métiers agedroe sinn, fir um Lëtzebuerger Terrain schaffen ze kënnen. Dat sinn dann nach eng Kéier 5.000 Betriber, déi derbäikommen.

Awer och de Lëtzebuerger Knowhow ass op där anerer Säit vun de Grenze gefrot. Méi ewéi d’Halschent vun de Baufirmaen (52 %) bedeelegen sech aktiv u Chantieren an der Belsch, an Däitschland oder a Frankräich. Vum ganzen Handwierkssecteur si ronn 50 % op Chantieren an der Groussregioun aktiv.

„Esou muencher huet keng prezis Strategie“, kréie mir op Nofro bei der Chambre des Métiers erzielt. Déi eng huelen d’Commanden aus dem Ausland, ewéi se kommen, respektiv wa konkreet den Knowhow vun der betraffener Firma gefrot gëtt. Aner Betriber ginn do weesentlech méi strateegesch vir a maache bei Ausschreiwungen am Ausland mat, fir sech och do en Numm ze maachen.

En Artikel vum Aude Forestier

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.