Placeholder Dummy template

De Kuuschtesak, fréier an haut!

Fréier hunn d’Fraen hire Männer e Kuuschtesak fir mat op d’Aarbecht agepaakt. Deemools hunn d’Männer och méi schwéier oder och op Schicht geschafft an d’Iessen huet misse bäihalen.

Kuuschte si jo eigentlech Schmieren, an esou huet d’Fra dem Mann dann och dacks Schmiere gemaach. Et goufen zum Beispill Gebeesse-Schmieren oder opgekachtene Kachkéis oder Béckerlek a fir mëttes dann eng Gamell mat enger waarmer Molzecht, fir am Waasser opzehëtzen. No der Fréischicht gouf awer meeschtens frësch gekacht an doheem zesumme giess. Fréier huet och de Wäin an de Béier am Kuuschtesak net däerfe feelen.

Hautdesdaags huelen d’Männer ëmmer nach gär Iessen oder och Reschter vum Dag virdru mat schaffen. Haut muss een dat jo net méi am Waasser waarm maachen, mee vill Leit hunn eng Mikrowell op der Aarbecht, wat dann erëm net esou gesond ass.

Handwierker maachen net nëmmen eng aner Aarbecht ewéi Bürosemployéen, si iessen deemno och anescht.

Handwierker, déi vill dobaussen ënnerwee sinn, huelen nach dacks eppes vun doheem mat. De Kebab ëm den Eck ass awer och gär besicht, oder et gëtt e Bréitche vum Bäcker. Et ännert sech awer och hei eppes an der Iessgewunnecht, et gëtt méi Uebst a Geméis giess an och Zaloten. Vläicht gëtt och jee no Baustell manner Alkohol gedronk. Schonn eleng aus Sécherheetsgrënn, déi jo och haut méi kontrolléiert ginn ewéi virun 30 Joer.

An da muss ee jo och nach richteg Zäit hunn oder sech Zäit huele fir z’iessen. Esou tëschenduerch op der Baustell eppes iessen oder d’Bréitchen um Büro virum Bildschierm iessen, ass och net esou ideal. Et soll een dee Moment scho just iessen an déi Paus an Auszäit genéissen, an net niewebäi schaffen oder telefonéieren.

 

Bei de Leit, déi um Büro schaffen, ginn der och vill eraus iessen. Déi eng ginn an de Restaurant oder si profitéiere vun e bësse Beweegung a vun de Food-Trucks, déi sech mëttlerweil e bëssen iwwerall an an alle Variatiounen an de Mëttespause ronderëm d’Bürosgebaier opstellen. Anerer huele sech eng selwergemaachten Zalot mat oder kafe sech eng fäerdeg a setze sech bei schéinem Wieder op eng Bänk a genéissen d’Sonn.

Den Handwierker vun haut ass meeschtens buedemstänneg an d’Iesse muss jo och schmaachen, an awer ass och hie mëttlerweil méi ernärungsbewosst. Fir optimal gesond z’iessen, gëtt et eng einfach Tellerreegel. Dës seet, datt eng Hallschent vum Teller aus frësche Saachen ewéi Geméis, Zalot oder Friichte bestoe soll.

E Véierel vum Teller soll z. B. aus Brout, Räis, Gromperen, Nuddelen oder Bulgur sinn. Dee leschte Véierel ass eewäisshalteg, also z. B. Fleesch, Fësch, Kéis, oder Tofu. Et ass och besser, net nëmme Botter a Kéis oder Ham op d’Bréitchen ze maachen, mee och Zalot, Kornischong, Tomat a vläicht eng Réidchen, dann huet een déi selwecht Zesummesetzung ewéi um Teller.

Awer net nëmmen d’Fra kann eppes fir de Mann maachen, mee och de Patron. Hei kënnen zum Beispill Uebstkierf opgestallt oder och einfach nëmmen Äppel, geschniddent Geméis, gratis Waasser … zur Verfügung gestallt ginn.

Wann och fréier de Kuuschtesak méi defteg gepaakt war, soll haut, egal ob am Handwierk oder am stressege Bürosalldag, Uebst a Geméis net ze kuerz kommen. Dacks héiert een d’Argument vu keng Zäit, awer dat kann een alles gutt virbereeden an am Frigo an Dëppercher versuergen.

Eng Alternativ ass et, e bësse méi Nuddelen, Räis oder Gromperen ze kachen a sech da mat deem Rescht mat Geméis ewéi Réidercher, Kornischongen oder Bratzelen eng lecker Zalot fir ënnerwee virzebereeden.

An esouguer an all gewéinlechem Supermarché an och beim Metzler oder Bäcker kritt een hautdesdaags all déi néideg Saache fir e gesonde Mëttessnack. Esouguer kleng geschniddent Uebst a Geméis a fäerdeg Zaloten.

Bei deem ville Schwätzen iwwer Iessen däerf d’Waasser-Drénken awer net vergiess ginn, well wa mir ze mann drénken, reagéiert eist Gehier dorop. Da kréie mir Kappwéi an d’Konzentratioun léisst no. Hei gëllt och eng Fauschtreegel, an zwar soll ee 35 Milliliter pro Kilogramm Kierpergewiicht den Dag drénken, op d’mannst awer zwee Liter.

En Artikel vum Tania Hoffmann

De Kuuschtesak, fréier an haut!

Fréier hunn d’Fraen hire Männer e Kuuschtesak fir mat op d’Aarbecht agepaakt. Deemools hunn d’Männer och méi schwéier oder och op Schicht geschafft an d’Iessen huet misse bäihalen.

Kuuschte si jo eigentlech Schmieren, an esou huet d’Fra dem Mann dann och dacks Schmiere gemaach. Et goufen zum Beispill Gebeesse-Schmieren oder opgekachtene Kachkéis oder Béckerlek a fir mëttes dann eng Gamell mat enger waarmer Molzecht, fir am Waasser opzehëtzen. No der Fréischicht gouf awer meeschtens frësch gekacht an doheem zesumme giess. Fréier huet och de Wäin an de Béier am Kuuschtesak net däerfe feelen.

Hautdesdaags huelen d’Männer ëmmer nach gär Iessen oder och Reschter vum Dag virdru mat schaffen. Haut muss een dat jo net méi am Waasser waarm maachen, mee vill Leit hunn eng Mikrowell op der Aarbecht, wat dann erëm net esou gesond ass.

Handwierker maachen net nëmmen eng aner Aarbecht ewéi Bürosemployéen, si iessen deemno och anescht.

Handwierker, déi vill dobaussen ënnerwee sinn, huelen nach dacks eppes vun doheem mat. De Kebab ëm den Eck ass awer och gär besicht, oder et gëtt e Bréitche vum Bäcker. Et ännert sech awer och hei eppes an der Iessgewunnecht, et gëtt méi Uebst a Geméis giess an och Zaloten. Vläicht gëtt och jee no Baustell manner Alkohol gedronk. Schonn eleng aus Sécherheetsgrënn, déi jo och haut méi kontrolléiert ginn ewéi virun 30 Joer.

An da muss ee jo och nach richteg Zäit hunn oder sech Zäit huele fir z’iessen. Esou tëschenduerch op der Baustell eppes iessen oder d’Bréitchen um Büro virum Bildschierm iessen, ass och net esou ideal. Et soll een dee Moment scho just iessen an déi Paus an Auszäit genéissen, an net niewebäi schaffen oder telefonéieren.

Bei de Leit, déi um Büro schaffen, ginn der och vill eraus iessen. Déi eng ginn an de Restaurant oder si profitéiere vun e bësse Beweegung a vun de Food-Trucks, déi sech mëttlerweil e bëssen iwwerall an an alle Variatiounen an de Mëttespause ronderëm d’Bürosgebaier opstellen. Anerer huele sech eng selwergemaachten Zalot mat oder kafe sech eng fäerdeg a setze sech bei schéinem Wieder op eng Bänk a genéissen d’Sonn.

Den Handwierker vun haut ass meeschtens buedemstänneg an d’Iesse muss jo och schmaachen, an awer ass och hie mëttlerweil méi ernärungsbewosst.

Fir optimal gesond z’iessen, gëtt et eng einfach Tellerreegel. Dës seet, datt eng Hallschent vum Teller aus frësche Saachen ewéi Geméis, Zalot oder Friichte bestoe soll. E Véierel vum Teller soll z. B. aus Brout, Räis, Gromperen, Nuddelen oder Bulgur sinn. Dee leschte Véierel ass eewäisshalteg, also z. B. Fleesch, Fësch, Kéis, oder Tofu. Et ass och besser, net nëmme Botter a Kéis oder Ham op d’Bréitchen ze maachen, mee och Zalot, Kornischong, Tomat a vläicht eng Réidchen, dann huet een déi selwecht Zesummesetzung ewéi um Teller.

Awer net nëmmen d’Fra kann eppes fir de Mann maachen, mee och de Patron. Hei kënnen zum Beispill Uebstkierf opgestallt oder och einfach nëmmen Äppel, geschniddent Geméis, gratis Waasser … zur Verfügung gestallt ginn.

Wann och fréier de Kuuschtesak méi defteg gepaakt war, soll haut, egal ob am Handwierk oder am stressege Bürosalldag, Uebst a Geméis net ze kuerz kommen. Dacks héiert een d’Argument vu keng Zäit, awer dat kann een alles gutt virbereeden an am Frigo an Dëppercher versuergen.

Eng Alternativ ass et, e bësse méi Nuddelen, Räis oder Gromperen ze kachen a sech da mat deem Rescht mat Geméis ewéi Réidercher, Kornischongen oder Bratzelen eng lecker Zalot fir ënnerwee virzebereeden.

An esouguer an all gewéinlechem Supermarché an och beim Metzler oder Bäcker kritt een hautdesdaags all déi néideg Saache fir e gesonde Mëttessnack. Esouguer kleng geschniddent Uebst a Geméis a fäerdeg Zaloten.

Bei deem ville Schwätzen iwwer Iessen däerf d’Waasser-Drénken awer net vergiess ginn, well wa mir ze mann drénken, reagéiert eist Gehier dorop. Da kréie mir Kappwéi an d’Konzentratioun léisst no. Hei gëllt och eng Fauschtreegel, an zwar soll ee 35 Milliliter pro Kilogramm Kierpergewiicht den Dag drénken, op d’mannst awer zwee Liter.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.