International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

Placeholder Dummy template

Zënter 1981 organiséiert de Syndicat d’initiative vu Jonglënster all Joer d’Konschthandwierkerdeeg zu Buerglënster. Gewéinlech sinn dës Konschthandwierkerdeeg am Juni wärend zwee Deeg. Hei stellen international Konschthandwierker hir Aarbechten, déi een natierlech och op der Plaz kafe kann, am Duerf an am Schlass vu Buerglënster aus. Et kann een de verschiddene Konschthandwierker bei hirer Aarbecht iwwer d’Schëller kucken.

All Joer komme méi ewéi 100 Konschthandwierker an d’Buerg, aus villen ënnerschiddlechen Handwierksberäicher. De Basis-konzept ass d’Virstellung vun den eenzelen Handwierker duerch Beruffshandwierker, awer och Hobbyhandwierker, fir datt verschidden Handwierker net an de Vergiess geroden. Verschidde Beräicher vum Konschthandwierk sinn hei vertrueden, ënner anerem d’Keramik, d’Bijousfabrikatioun, d’Textil- a Liederveraarbechtung an d’Holz- a Metallveraarbechtung.

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt, dorëm këmmere sech déi lokal Veräiner. D’Duerfveräiner hëllefen och, ewéi all Joer, bei der Ausféierung vun der Manifestatioun, sief et, datt se sech ëm d’Entrées-Keese këmmeren oder bei der Verkéiersreegelung behëlleflech sinn.

Eng Hellewull vu Leit kommen awer och ëmmer kucken a kënne sech déi zwee Deeg vun der Qualitéit an der Vilfalt, déi hinne gebuede gëtt, iwwerzeegen. D’Verkafsstänn sinn da vum ënneschten Duerf bis erop bei d’Schlass verdeelt. Och am Schlass huet een dacks d’Méiglechkeet, d’Wuere vun den Aussteller ze bewonneren an ze kafen.

D’lescht Joer da war awer alles anescht. Déi International Konschthandwierker-Deeg hu missen digital stattfannen! An zwar net ewéi gewinnt op zwee Deeg verdeelt, mee vum 29. Mee bis de 27. Juni 2021. Wärend engem Mount konnt een eng ganz Rei vun den Aussteller, ënner enger anerer Form, nei entdecken.

Mir hu mam Schmadd Romain Ruscitti geschwat, dem Sekretär vun der Héphaïstos Brudderschaft vu Lëtzebuerg. D’Hephaïstos Brudderschaft gouf benannt nom Hephaistos, dem griichesche Gott vum Feier a vun der Schmëdd. Et ass eng lëtzebuergesch Vereenegung, déi Leit, déi sech fir de Beruff vum Schmadd interesséieren, regruppéiert, fir duerch praktesch Aarbecht, Coursen a Seminairen dës Aarbecht fir déi spéider Generatiounen ze erhalen. D’ASBL gëtt et zënter 1995.

Den Här Ruscitti ass Hobby-Schmadd a war och schonn dacks mat anere Schmatten op de Konschthandwierkerdeeg dobäi. Fir de Schmadd awer ass dat net ganz onkomplizéiert a mat esou muenchem Opwand verbonnen. Fir datt een de Schmatten op esou Demonstratiounen iwwer d’Schëller kucke kann an och Saachen erkläert ka kréien, musse si eng Tonn Material dohibeweegen.

Si probéieren dann op der Plaz kleng Saachen ze schmidden, déi am beschte Fall dann och dee selwechten Dag nach fäerdeg ginn an esou vun de Leit direkt op der Plaz reservéiert a matgeholl kënne ginn. Sollt d’Stéck net dee selwechten Dag fäerdeg ginn, kann de Client d’Stéck an d’Schmëdd siche goen, déi am Peppenger Musée ass.

Op esou Veranstaltunge kënne si nëmme kleng Saache schmidden, well alles mat der Hand gemaach muss ginn. An der Schmëdd gëtt u gréissere Saachen zu dräi geschafft: mat zwee Zouschléier, déi d’Eise mam Hummer beaarbechten, a mam Schmadd, deen dirigéiert, wou se genee dropschloe sollen.

Si huelen och alt emol kleng Stécker mat fir auszestellen an ze weisen, awer si hunn net wierklech e Katalog oder fäerdeg Demostécker, fir op esou Mäert ze verkafen. Op den Internationale Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster ass dat also éischter eng Demonstratioun ewéi e Verkafsstand.

Vu datt d’Aarbecht vum Schmadd ëmmer e bësse méi laang dauert ewéi aner Handwierksaarbechten, sinn dat meeschtens Stécker, déi dem Schmadd selwer un d’Häerz wuessen an dann och am Privatbesëtz bleiwen, esou erzielt eis de Romain Ruscitti.

Déi Lëtzebuerger Schmatten hunn all eng Ausbildung vun 3 Joer hanneru sech, déi een zu Lëtzebuerg am CNFPC maache kann, an déi ongeféier 20 Schmatten, déi et zu Lëtzebuerg nach gëtt, sinn tëschent 20 a 75 Joer al an dorënner sinn och zwou Schmatteschen. Eng vun hinne mécht och Ausstellungen als Artistin, well si de Beruff vum Schmadd mat Glas oder Steng verbënnt.

Zu Buerglënster sinn ëmmer nëmme Lëtzebuerger Schmatte vertrueden, woubäi et am Ausland awer vill „Schmiedetreffen“ ginn, wou et dann och Präisser ze gewanne gëtt. All 4 Joer organiséiert och d’Héphaïstos Brudderschaft en internationaalt Schmiddefest zu Lëtzebuerg.

Fir déi International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg gesäit et dëst Joer allerdéngs éischter schlecht aus.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.