E Stéck Fleesch fir de Bëschaarbechter

Den Holzfällersteak

Placeholder Dummy template

Et fënnt een esou muench Geschichten, wann ee probéiert erauszefannen, wouhier eigentlech den Holzfällersteak kënnt. Eng vu deene sëllegen ass et, datt en dem Bëschaarbechter erëm Kraaft soll ginn, fir weider Beem ëmzehaen!

Eng Hellewull vu Geschichten a Mythen, mee genee esou vill Rezepter, fënnt ee fir den Holzfällersteak. Mir presentéieren Iech hei eng ganz einfach Variant, déi een ouni groussen Opwand an enger gossener Pan och gär emol um Lagerfeier oder um Grill schnell selwer zoubereede kann!

Dir braucht (fir 1 Persoun):

• 1 Bifdeck aus der Nuque vum Schwäin (+/- 300 Gramm mat Schank)
• 1 Téiläffel grénge Peffer
• 1 Iessläffel Péiterséileg (glat)
• 3 Iessläffelen Ueleg
• 150 Gramm Ënnen
• 200 Gramm Gromperen
• 150 Gramm brong Champignonen
• 40 Gramm duerchwuessene Speck
• Salz a Peffer

Zoubereedung:

  1. D’Ënnen an de Speck a Scheiwe schneiden. D’Grompere schielen an a Wierfele schneiden. D’Champignone botzen a kleng schneiden, ongeféier op d’Gréisst vun de Gromperen.
  2. 2 Iessläffelen Ueleg an der Pan erhëtzen an de Speck an d’Grompere 15 bis 20 Minutte broden, bis d’Grompere just nach liicht fest sinn. D’Ënnen an d’Champignonen derbäimaachen a weider 5 bis 10 Minutte broden. Mat Salz a Peffer wierzen an tëschent zwee Telleren oder e wéineg Alu-Folie waarm halen.
  3. De Rescht vum Ueleg an d’Pan schëdden. De Steak vu béide Säite mat Salz wierzen an an der Pan op all Säit 3 bis 4 Minutte broden. D’Pefferkäre mat engem Messer plattdrécken an an d’Pan maachen. De Steak nach eng Kéier kuerz duerch d’Pan zéien, d’Gromperen an d’Ënnen erëm derbäimaachen an d’Pan vum Feier huelen.

Direkt aus der Pan an de Mo – einfach gemaacht, einfach e Genoss!

E Stéck Fleesch fir de Bëschaarbechter

Et fënnt een esou muench Geschichten, wann ee probéiert erauszefannen, wouhier eigentlech den Holzfällersteak kënnt. Eng vu deene sëllegen ass et, datt en dem Bëschaarbechter erëm Kraaft soll ginn, fir weider Beem ëmzehaen!

Eng Hellewull vu Geschichten a Mythen, mee genee esou vill Rezepter, fënnt ee fir den Holzfällersteak. Mir presentéieren Iech hei eng ganz einfach Variant, déi een ouni groussen Opwand an enger gossener Pan och gär emol um Lagerfeier oder um Grill schnell selwer zoubereede kann!

Dir braucht (fir 1 Persoun):

1 Bifdeck aus der Nuque vum Schwäin (+/- 300 Gramm mat Schank)
1 Téiläffel grénge Peffer
1 Iessläffel Péiterséileg (glat)
3 Iessläffelen Ueleg
150 Gramm Ënnen
200 Gramm Gromperen
150 Gramm brong Champignonen
40 Gramm duerchwuessene Speck
Salz a Peffer

Zoubereedung:

  1. D’Ënnen an de Speck a Scheiwe schneiden. D’Grompere schielen an a Wierfele schneiden. D’Champignone botzen a kleng schneiden, ongeféier op d’Gréisst vun de Gromperen.
  2. 2 Iessläffelen Ueleg an der Pan erhëtzen an de Speck an d’Grompere 15 bis 20 Minutte broden, bis d’Grompere just nach liicht fest sinn. D’Ënnen an d’Champignonen derbäimaachen a weider 5 bis 10 Minutte broden. Mat Salz a Peffer wierzen an tëschent zwee Telleren oder e wéineg Alu-Folie waarm halen.
  3. De Rescht vum Ueleg an d’Pan schëdden. De Steak vu béide Säite mat Salz wierzen an an der Pan op all Säit 3 bis 4 Minutte broden. D’Pefferkäre mat engem Messer plattdrécken an an d’Pan maachen. De Steak nach eng Kéier kuerz duerch d’Pan zéien, d’Gromperen an d’Ënnen erëm derbäimaachen an d’Pan vum Feier huelen.

Direkt aus der Pan an de Mo – einfach gemaacht, einfach e Genoss!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.