Placeholder Dummy template

Konschthandwierk an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz

D’Glasbléiserei Pascale Seil

Fielsen, Baachen, Laftrail, Wanderweeër an e Waasserfall ewéi aus dem Billerbuch. De Mëllerdall, déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz. Do, wou et esou muencher Lëtzebuerger oder Tourist hinzitt, fir e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen, Vakanz ze maachen, d’Natur ze genéissen oder mol erëm d’Lafschong erauszehuelen. Dertëschent dat eent oder anert, net onbedéngt verschlofent, Nascht. Esou muenches spréngt engem an d’A, wann een duerch déi kleng Dierfer am Mëllerdall trëppelt oder fiert.

Eppes ganz Spezielles gëtt et awer zu Bäerdref ze entdecken. Eng al Scheier matzen am Duerf, eng modern Fassad, eng grouss Fënster, wou fréier emol d’Paart vun deem ale Gemaier war. „Made by Seil“ steet a grousse konschtvolle Buschtawen iwwer der Dier. Ass ee bis dobannen, fält deen éischte Bléck op e Comptoir aus Holz, derhannert den Atelier an den Uewen, dee brennt. Eng al Steemauer, „béton vu“ an Holz dominéieren an där aler Scheier, an dertëschent iwwerall Glas, an alle Formen a Faarwen. Op all Eck an Enn fënnt een Objeten aus Glas, mol e puer Glieser, mol e Konschtobjet, mol op engem Regal, mol an enger Vitrinn, oder, ewéi am Pascale Seil sengem Atelier, um ieweschte Stack op engem alen Holziessdësch, fäerdeg gedeckt a prett, fir sech derbäi ze setzen an op d’Iessen ze waarden. Wonnerschéi Glieser, Schosselen a Käerzestänneren harmonesch op deem alen Dësch arrangéiert, alles aus dem Glasatelier um ënneschte Stack vum Gebai, mat Léift zum Detail arrangéiert, esou datt den Dësch scho bal zum Konschtstéck gëtt.

D’Pascale Seil ass Glasbléiserin, an dat mat Leif a Séil. Mee de Wee bis dohinner war net einfach, ewéi d’Pascale eis am Interview erzielt. Deen éischte Schrëtt an d’Beruffsliewen huet d’Pascale mat engem CATP als Aulebäcker am Lycée des Arts et Métiers gemaach. Dat sollt awer just eng éischt Statioun sinn. Mat engem Studium zu Stroossbuerg op der École des Arts Décoratifs sollt et weidergoen. Eng Woch laang huet d’Pascale u Concoursen deelgeholl, fir eng Studieplaz ze kréien. Een no deem aneren huet musse goen, d’Pascale ass bliwwen, huet de Jury iwwerzeegt an hat domat eng Plaz am Studiegang an der Täsch. „Op d’mannst duecht ech dat, bis se mir erkläert hunn, datt ech guer net studéiere kéint, well ech keng Treizième hat!“ Ee vun den deemolege Professeren huet awer dunn d’Léisung fonnt. D’Pascale sollt déi éischt zwee Joer vum Studium, déi éischter méi theoreetesch waren, ewechloossen an direkt an dat praktescht drëtt Joer eraklammen. „En Diplom géing ech zwar op deem Wee net kréien, mee dat war mir net wichteg“, erzielt d’Pascale weider. „Ech wollt eppes léieren a Wëssen an Erfarung sammelen!“

D’Glas an d’Léift zu dësem Material huet d’Pascale dunn zu Stroossbuerg entdeckt. Am selwechte Joer, wéi d’Pascale op der Schoul war, ass e Glasuewen installéiert ginn. „Mir ware just zu 6 Studenten, déi woussten, wéi dee funktionéiert. A mir hu ronderëmprobéiert an experimentéiert.“ Den Héichpunkt an deem Joer zu Stroossbuerg war sécherlech den Alain Begou, e renomméierte franséische Glasbléiser, deen eng Woch laang säi Wësse vermëttelt huet. Dat war de Moment, wéi d’Pascale sech verléift huet, an d’Material Glas.

Vu Stroossbuerg sollt et du weidergoe fir d’Pascale. Op Murano, déi kleng Inselgrupp virun der Alstad vu Venedeg. Murano ass säit jeehier als Héichbuerg vun der Glasbléiserkonscht bekannt. Hei wollt d’Pascale säi Wësse verdéiwen. „Mee deen Dram war schnell ausgedreemt“, erzielt eis d’Pascale. „Fir an Italien ze studéieren, muss ee venezianesch schwätzen, dat war jo nach an der Rei. Wat guer net goung, war déi sexistesch Haltung. D’Glasbléiserkonscht gëtt zu Murano quasi ‚de père à fils‘ weiderginn. Fraen hunn do näischt verluer!“ Mee opgi war fir d’Pascale keng Léisung. Och an Dänemark wossten se deemools, ewéi Glas geblose gëtt, a genee dohi sollt dem d’Pascale säi Wee féieren, mee nach ier dat neit Schouljoer ugefaangen hat, hat d’Pascale schonn en anere Wee ageschloen an ass weidergezunn. „Ech sinn e wéineg ongedëlleg“, erzielt hatt mat engem Laachen am Gesiicht. Saumur a Frankräich war déi nächst Etapp, fir mam Scott Slagermann, engem bekannten amerikanesche Glasbléiser, iwwer e Joer laang ze schaffen, ier et fir d’Pascale op déi neigegrënnte Schoul zu Vannes-le-Châtel weidergoung.

Dem Pascale seng Hartnäckegkeet huet sech gelount. Mat engem Diplom als Glasbléiserin vum Centre Européen de Recherches et de Formation aux Arts Verriers an der Täsch kënnt hatt zeréck op Lëtzebuerg. An och an de Joren duerno huet d’Pascale ëmmer erëm mussen op d’Zänn bäissen, fir weider senger Leidenschaft, der Glasbléiserei, nozegoen. En eegenen Atelier sollt et sinn, an deen Dram konnt d’Pascale sech mat der Hëllef an der Ënnerstetzung vun der Famill erfëllen. „Déi éischt Jore waren haart an et huet méi ewéi nëmmen e Grappvoll Jore gedauert, bis dat Ganzt sech rentéiert huet!“ An och haut heescht et erëm op d’Zänn bäissen, well mat den aktuelle Gaspräisser kënne mir eis et net méi erlaben, den Uewen auszemaachen. Esou een Uewe brauch praktesch zwee ganzer Deeg, fir erëm opzehëtzen. Mir – dat sinn d’Pascale a seng zwee Assistenten. Si probéieren elo, éischter op Schichten ze schaffen an den Uewen net méi auszemaachen.

Mee fir seng Leidenschaft, déi d’Pascale zu sengem Beruff gemaacht huet, lount et sech ëmmer erëm, op d’Zänn ze bäissen. An datt Leidenschaft derhannert stécht, dat gesäit een un all eenzelem Stéck am Pascale sengem Atelier respektiv der Galerie: Handwierkskonscht mat Leidenschaft „made by Seil“.

De Mëllerdall ass ëmmer e Besuch wäert, well net nëmme Murano ass eng Héichbuerg vun der Glasbléiserei, och dat klengt Bäerdref däerf sech duerch dem Pascale säin Atelier esou nennen!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.