Senioren en Doheem ginn

Dëse Gedanke steet vun Ufank u bei der SERVIOR am Mëttelpunkt. SERVIOR, dat ass en Numm, deen deene meeschte Leit e Begrëff ass, an awer wëssen déi mannst, wat d‘SERVIOR eigentlech ass. Och wann d‘SERVIOR an éischter Linn fir hir Wunnstrukture fir eeler Leit bekannt ass, bitt een dem drëtten Alter weesentlech méi ewéi nëmmen […]

Du hues jo elo gutt Zäit!

„Wéi laang muss du da nach goen?“ Dee Saz héiert een oft, wa sech Leit begéinen, déi de 50. Gebuertsdag scho gefeiert hunn. Et geet ëm d’Alterspensioun, déi déi eng esou séier wéi méiglech wëllen hunn, déi aner huelen sech domat awer nach gäre vill Zäit. Et ass net een ewéi deen aneren, net virun der […]

Botter a waarm Decken!

Hautdesdaags ass et vläicht e bësse méi roueg ginn, mee nach virun enger 20 Joer koumen all guddes Daags schéi faarweg Héichglanzprospekter an d’Boîttë gefladdert, fir d’Leit op ee flotten Ausfluch ze invitéieren. Huet een dann dat Klénggedrécktent gelies (Möglichkeit zur Teilnahme an einer Verkaufsveranstaltung), dann huet ee séier spatz kritt, datt hei eng ganz kommerziell […]

D’Amiperas D‘Stëmm vun de Senioren

„Firwat soll keng Associatioun geschaf ginn, déi sech just mat de Problemer vun den eelere Persoune befaasst?“ Dat war d’Fro, déi de Grënner vun der Amiperas (Amicale des personnes retraitées âgées et solitaires), den Här Jean-Pierre Thoma, den 30. November 1963 a sengem Schreiwes un d’Press gestallt huet. Säit dësem Datum huet sech vill bei dëser ASBL […]

Décke Gas am Internet

Si sinn d’Silver Surfer, déi Generatioun, déi nach ouni Smartphone, Snapchat a Co. opgewuess ass, hir Pensioun awer an der digitaliséierter Welt verbréngt. D’Rieds ass vu Senioren, op gutt Lëtzebuergesch d’Bomien a Bopien ënner eis. Wärend si fréier nach mam Chèque an d’Bank spadséiert si fir e Virement ze maachen a portabel Computere fir an […]

Et feelt een, an dat all Dag

„Glécklech bestuet. Iwwer 35 Joer schonn! An du koum deen onerwaarten Aschnëtt a mäi Liewen, mat deem ech mental einfach net fäerdeg ginn.“ De Charles W. steet elo eleng do. Seng Fra huet eng schwéier Operatioun net iwwerlieft an ass am Alter vun nëmmen 69 Joer gestuerwen. „Ech war an der Klinick an hunn drop […]

Op eemol behënnert

Eng Behënnerung muss net onbedéngt vu Gebuert aus bestoen. Duerch en Akkzident kann e vun haut op muer ebeemol selwer vun dëser Thematik betraff sinn. Hei en Temoignage vun enger jonker betraffener Persoun. Am Januar 2018 gouf ech, wéi ech mam Vëlo ënnerwee war, vun engem Mann, deen ze vill gedronk hat, ugestouss. Beim Zesummestouss […]

Tourismus fir jiddereen zu Lëtzebuerg

D’Grondiddi vum accessibele Reesen oder vum „Tourismus fir jiddereen“ kënnt aus dem Konzept vum Design for All, deen op europäeschem Niveau ausgeschafft ginn ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet schonn 2013 de Konzept vum Design for All an hir Regierungserklärung niddergeschriwwen a war domat e Virreider a ganz Europa. Design for All bedeit, e gutt zougänglecht […]

Vice Vinum

Äppeljus, Viz, Äppelwäin, Cidre – dat ass dach alles dat selwecht! Oder net? Esou oder esou änlech denkt wuel esou muenchereen. Datt dat awer nawell guer net de Fall ass, an do dann awer déi eng oder aner Philosophie a Wëssenschaft derhannerstécht a vill Leit ënnerschiddlech Meenungen hunn, dat hu mir bei de Recherchë fir […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.