Karikatur? Spéitstens nodeem viru 6 Joer den Uschlag op de Charlie Hebdo war, sinn d’Leit mat der Thematik konfrontéiert ginn. Ëmmer erëm kritt ee mat, datt Leit sech iwwer Karikaturen opreegen. Dat, wat deen ee witzeg fënnt, kann en anere schockéieren, an esou muenche Karikaturist huet déi eng oder aner Plainte iwwer sech mussen ergoe loossen, well seng Fieder anscheinend ze spatz gewiescht wär.
De Begrëff Karikatur kënnt aus dem Italieenesche „caricare“ a bedeit „iwwerlueden“ oder „iwwerdriwwen“. Eng Karikatur ass also e Bild, dat entweeder Perséinlechkeeten oder e gesellschaftlechen Zoustand an enger ganz komescher, iwwerdriwwener Aart a Weis duerstelle soll, fir eng Meenung oder och eng politesch Usiicht op engem Blat Pabeier auszedrécken. Oft gëtt doduerch Kritik ausgeüübt oder eppes an d’Lächerlecht gezunn, ouni datt niewendrun eng Beschreiwung muss stoen.
Och an eisem Ländche gi Meenunge gemoolt, déi deen een oder aneren zimmlech op d’Palm kënnen dreiwen. An et ka jiddereen treffen: e Politiker, deen sech duerch eng Ausso keng Kolleege mécht, e Schouldirekter, deen en neien Dresscode aféiert, awer och de ganz normale Lëtzebuerger, esou wéi e lieft an otemt. Biller soe méi ewéi dausend Wierder. Wien huet dann hei zu Lëtzebuerg d’Talent, seng Meenung iwwer Pabeier an e puer Faarwen op d’Blat ze bréngen?
Et kënnt een net derlaanscht, fir iwwer de Pe’l Schlechter ze schwätzen, deen als jéngste Bouf vum Lëtzebuerger Dichter Demy Schlechter als ee vun de Pionéier vun der Bande dessinée an der Karikatur zu Lëtzebuerg gëllt. Hien huet mat senge flotten Zeechnungen der Maus Kätti an de Personnagen am Buch e Gesiicht verschaaft, eng Hellewull Broschüren, Plakater a Buchdeckelen entworf, an doniewent war hien och mat der flénker Fieder ënnerwee. De Bim an de Jopi, de ve’ereckege Rondel an de bloen Hari verdanken dem Pe’l Schlechter hir Gebuert. De Pe’l gouf 1921 gebuer, huet als jonke Mann d’Handwierkerschoul hei zu Lëtzebuerg besicht a fir eng Rëtsch Architekte geschafft, éier e wärend dem zweete Weltkrich a Schlesien, a Polen, deportéiert gouf. No där däischterer Zäit huet hie bei der Rekonstruktioun vu Kierche gehollef an du wärend 10 Joer säin eegene Grafikatelier bedriwwen, éier hie vun 1972 bis 1986 Hausgrafiker bei der Foire ginn ass.
Am Alter vun 91 Joer huet hie säin éischt Buch „De Pe’l muss an de Krich“ geschriwwen, wat als wichteg Quell fir dësen Zäitraum gëllt. Doran huet hien déi schrëttweis Prozedur vun der Nazifizéierung vun de Lëtzebuerger, d’Reaktioune vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung an och d’Ënnerdréckungsmoossname vun den Nazie beschriwwen. En huet awer och seng Erfarungen net ausgelooss, an deenen hien en Abléck ginn huet, wéi hie mat Hëllef vun hollännesche Resistenzorganisatiounen desertéiert ass. Fir dëst Wierk sollt de Pe’l 2013 dann och de Lëtzebuerger Buchpräis erhalen. No dësem Succès huet de Lëtzebuerger Papp vun der BD dann och nach eng zweet Memoire mam Numm „Wéini kënnt Fréier erëm?“ geschriwwen. Dës Fro huet de klenge Pe’l senger Mamm gestallt ewéi hie matkrut, wéi schéin et dach fréier war. An och wann d’Äntwert „ni“ nawell keng flott war, huet de Pe’l iwwer de schéinen Deel vu senger Kandheet als jéngste Bouf vu fënnef Geschwëster, déi hire Papp ganz fréi verluer hunn a vun der Mamm an der Tatta Virginie erzu goufen, geschriwwen, an enger Aart a Weis déi een zum Laache bréngt, awer och déif beréiert. De Pe’l ass haut 99 Joer al an ausserdeem den éischte Lëtzebuerger, dee kritesch Erliefnesser op eng witzeg Aart a Weis op d‘Blat bruecht huet a sech seng Meenung gemoolt huet! Hien huet domat vill Präisser, awer och ganz vill Häerzer gewonnen.
En zweete Lëtzebuerger Karikaturist, deen als „Chronist vun der Werner-Ära“ ugesi gëtt, a gläichzäiteg mam Pe’l fir d’Lëtzebuerger Land geschafft huet, war den Alphonse Deloos. Hien huet duerch seng Karikaturen an der Walbroschür vun der Escher DP op sech opmierksam gemaach an ass dunn och schnell vun der Partei engagéiert ginn. Wouhier säin Titel kënnt? 1959 bis 1982 huet den Alphonse Deloos wärend der Regierung vum Pierre Werner all Woch de politeschen Erfolleg, esouwéi och d’Nidderlage vun dësem, verfollegt a seng politesch Karikature mat Defo ënnerschriwwen. E Joer virum Récktrëtt vum Pierre Werner huet den Defo seng lescht Karikaturen ‒ et waren der ëm déi 2000 ‒ gezeechent, éier en sech a Südfrankräich an d’Sonn verfuusst huet. Am Joer 2015 ass den Alphonse Deloos am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Och haut nach sinn dem Defo seng Karikaturen, déi déi lëtzebuergesch Situatioun zu dëser Zäit erëmspigelen, ganz beléift an se gi ganz oft vun Auteuren ugefrot, déi sech mat där Zäitspann auserneesetzen.
E weidere Karikaturist, deen d’Zeen gepräägt huet, war de Roger Leiner. Zesumme mam Lucien Czuga huet hien de Superjhemp an d’Liewe geruff an him e Charakter ginn. Hie gouf 1955 gebuer, war als Fonctionnaire beim Staat agestallt, an huet niewebäi eng Rëtsch Biller zu verschiddenen Occasioune gezeechent, éier en decidéiert huet, seng Leidenschaft zum Beruff ze maachen. An 29 Bicher huet hien dem Superjhemp Liewe geschenkt an e géint déi Béis kämpfe gelooss. Och hei fanne sech bekannt Gesiichter als Karikatur erëm, déi déi lëtzebuergesch Bande dessinée zu engem groussen Erfolleg gemaach hunn. 2016 ass de Roger Leiner gestuerwen an huet engersäits e grousst Lach an der BD-Zeen, bei senge Fans an och bei senge Kolleegen hannerlooss, an anerersäits en Held, dee fir ëmmer un hien erënnert.
A wann dir no dësem Artikel virwëlzeg sidd a Loscht kritt hutt, iech an d’Theema eranzeliesen, da kënnt dir an d’Buch „Humoristic Luxembourg“ eraluussen. De Projet ass vun der ASBL Cartoonart.lu lancéiert ginn a veréiwegt domat 31 zäitgenëssesch Cartooniste vu Lëtzebuerg mat hire Wierker a Biografien.
An denkt drun:
„Die Feder ist mächtiger als das Schwert“!