Nei Informatiounskultur
Aus deem Zäitalter wéi dat, wat an der Zeitung stoung, als absolut an eenzeg Wouerecht ugeholl gouf, si mir wuel eraus. Mam Opkomme vum Internet krut d’Press déi eenzegaarteg Roll fir ze informéieren ewechgeholl. Mëttlerweil gëtt et eng ganz Rei vun ënnerschiddleche Méiglechkeete fir un Informatiounen ze kommen, dorënner och iwwer déi sozial Medien.
Wéi kommen ech no enger Sportverletzung erëm op d’Been?

Mir hunn eis Gedanke gemaach, wéi e Leeschtungssportler eng Verletzung erlieft, wéi eng Reha gemaach muss ginn a wéi séier en erëm op d’Bee kënnt. Dofir huet eis d’Kimberly Nelting Ried an Äntwert gestanen.
D’Lëtzebuerger Fussballstadionen

Ganz einfach gefrot: Wat brauch e Fussballsveräin, fir Fussball spillen ze kënnen? D’Äntwert ass ganz simpel: En Terrain, op deem ee ka spillen. Mee wat mécht dës Lëtzebuerger Spillwisen esou besonnesch a bekannt?
Huesenziwwi mat Schockelaszooss

Eist Rezept vum Huesenziwwi mat Schockelaszooss fir véier Leit fänkt domadder un, datt d’Fleesch vum Kanéngchen am wäisse Wäin iwwer Nuecht marinéiert gëtt. Wéi et weidergeet, kanns du hei noliesen.
Fussball-Fan bis an déi déck Zéif

D’Fankultur am Fussball ass wuel déi, déi international am meeschten ze radetten huet an och zu Lëtzebuerg ginn et déi richteg Hardcore-Fans, déi mat vill Leidenschaft an Teamgeescht op an ausserhalb vun der Tribün Fussball liewen.
Sportsfotografie

Vun 300 Fotoe pro Match sinn der zum Schluss eng 20 Stéck richteg gutt. No de Gespréicher mat dräi Freelance-Fotografen ass et kloer: Sportsfotografie ass eng Konscht fir sech …
De Roude Léiw weist d’Krallen

Och wann d’Nationalekipp vun eisem klenge Ländchen nach laang net zu den Elitte-Ekippen op der Welt gehéiert, esou huet de Roude Léiw awer méi ewéi eng Kéier dem Géigner d’Kralle gewisen.
Ouni Arbitter gëtt et och kee Match!

Et gëtt ee vernannt, ugejaut an heiansdo esouguer aggresséiert: Wien als Arbitter um Terrain steet, deen huet et net ëmmer einfach, well all Decisioun ass deem enge seng Freed an deem anere säi Leed.
De Lëtzebuerger Fussball:

Zu Lëtzebuerg gëtt Fussball um héchsten Niveau an der BGL Ligue gespillt. Sinn déi Investoren aus dem Grand-Duché an iergendenger Aart a Weis mat deenen aus dem Ausland ze vergläichen? D’Äntwerte fënns du an dësem Artikel.
De Kinnek ënner de Medien oder just ee vu villen?

Zënter 1969 gëtt d’Medielandschaft vum klenge Grand-Duché vun engem Haus staark dominéiert: dem RTL Lëtzebuerg, deen zur Duechtergesellschaft CLT-UFA vum internationalen RTL Group gehéiert. Sief et um Radio, op der Tëlee oder um Internet – wien um neiste Stand wëllt bleiwen, dee kënnt (quasi) net laanscht RTL. Mee wéi ass et mat deenen anere grousse Medienhaiser? Kënne si beim Noriichte-Maachen iwwerhaapt mathalen, oder hält RTL (s)eng Monopolstellung, déi dach iergendwéi net ze iwwersinn ass? Froen, déi och op anere Plazen déck diskutéiert ginn.