Den Energiepass

Placeholder Dummy template

Déi eng maachen d’Luucht aus, wann se aus dem Raum ginn, fir Stroum ze spueren. Déi aner loosse se un, well se wëssen, datt se souwisou gläich erëm zeréck sinn a mengen, d’Bier géif därmoosse geschwächt gi wéinst dem Un- an Ausschalten, esou datt et schlussendlech méi bëlleg wier, se unzeloossen, ewéi se heefeg auszewiesselen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De Wëllen, Energie ze spueren, bedeit gläichzäiteg och, Sue wëllen ze spueren. Mee grad dann, wann een eng nei Bier oder eppes Änleches fir ze beliichte keeft, kann ee séier iwwerrascht ginn, wéi wäit d’Präisser auserneeginn, jee nodeem wéi vill Stroum déi nei Luucht verbrauche soll respektiv däerf.

Bei de groussen Haushaltsapparater an domat deene gréissten an deierste Stroumverbraucher ewéi de Killtruen, de Frigoen oder de Wäschmaschinne gëtt d’Ofweien oft nach méi schwéier.

Hei soll den Energielabel, deen d’EU schonn 1992 agefouert hat, fir eenheetlech Hiweiser zum Energieverbrauch vun esou Apparater festzehalen, hëllefen. An hirem „Aktiounsplang fir Energieeffizienz“ huet d’EU am Oktober 2006 dunn och kloergestallt, datt dëse Label net nëmmen hëllefräich fir d’Keefer soll sinn, mee och den Drock op d’Constructeure soll erhéijen, fir hir Produite méi energieeffizient ze gestalten an ze produzéieren. Op dës Aart a Weis wollt d’EU den Energieverbrauch bis zum Joer 2020 ëm 20 Prozent erofdrécken. An dësem Zesummenhang gouf den Energielabel vereinfacht, fir de Produzenten entgéintzekommen, an esou gouf dat bekanntent Bild mat de rouden, gielen a grénge Feiler agefouert. Esou konnten d’Produzenten déi selwecht Etikett fir jiddwer Land benotzen an hu se net musse sproochlech upassen.

Hei huet sech d’EU Sputt gelooss, andeems se an der Direktiv vum Joer 2010 d’Energieerspuernes vun 20 Prozent mat enger Hausse vun der Energieeffizienz vun 20 Prozent quasi gläichgesat huet.

Nieft de gängegen Energieleeschtungsklasse vun A bis G goufen och dräi nei Klasse vun A+ bis A+++ bäigefüügt. Déi e wéineg dabozeg Klassifikatioun gouf eréischt mat enger Direktiv vum Joer 2020 zeréckgeholl an der Effizienzklass ugepasst, wat op en Neits bei de Clienten deelweis fir en Duerchernee gesuergt huet, well déi Apparater, déi gefillt gëschter nach gutt waren, op eemol méi schlecht klassifizéiert goufen. Dëse Schrëtt ass awer nach net komplett vollzunn, mee d’Iwwergangszäit leeft.

Domat huet een awer nach net de gréisste Konsument envisagéiert: d’Haus selwer. Och en Haus léisst sech selbstverständlech energieeffizient bauen. Mat deem geluefte Passivhaus, dat sech, quasi ouni Energie vu baussen opzehuelen, vum selwe waarm hält.

Schonns 2002 huet d’EU eng Richtlinn erausginn, déi 2007 vun der Lëtzebuerger Regierung fir Haiser an am Joer 2010 fir Funktiounsgebaier ëmgesat ginn ass. Esou ass den Energiepass fir den Neibau, e gréisseren Ëmbau an natierlech de Verkaf oder eng nei Locatioun gesetzlech virgeschriwwen, genee ewéi och bei den Haushaltsapparater, fir datt den zukünftege Besëtzer net d’Kaz am Sak keeft.

Esou gëtt bei den Apparater den Energielabel vun de Liwwerante verginn a stéchprouwenaarteg vun zertifizéierte Betriber kontrolléiert. Den Energiepass fir d’Gebaier däerf nëmme vun engem Expert, deen duerch de Wirtschaftsministère zougelooss oder Member vum OAI (Ordre des Architectes et Ingénieurs Conseils) ass, ausgestallt ginn. Nodeems de Pass erstallt ass, ass dësen zéng Joer gülteg.

Och beim Bau vun engem Haus gouf no an no den Drock a Richtung Energieeffizienz an Nohaltegkeet erhéicht, esou datt säit 2017 nëmmen Haiser gebaut dierfe ginn, déi dem Stand AAA vun engem Niddregenergiehaus entspriechen.

Fir den ekologesche Wandel weiderzedreiwen, huet d’Regierung am Mee 2022 e Programm mam Numm „Klimabonus“ opgeluecht. Domat soll net nëmmen eng finanziell Ënnerstëtzung fir Neibauten duerch de Staat garantéiert ginn, mee besonnesch och fir Proprietären, déi hiert Haus energeetesch moderniséiere wëllen, zum Beispill duerch eng nei isoléiert Fassad oder eng Fotovoltaikanlag. Mee dofir soll ee sech dann awer fir d’éischt bei engem Energieberoder informéieren

En Artikel vum Jörg Ahrens

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.