Schaarft Iessen hëtzt a fërdert d’Verdauung

4 schaarf Dippen fir op d'Kuuscht

Schaarft Iessen huet eng Rei vu Virdeeler. Bei kalen Temperaturen hëtzt et de Kierper, ënnerstëtzt d’Verdauung a ganz niewebäi mécht et glécklech a gesond. Schaarfes muss awer net nëmme mëttes op den Teller!

Fir op d’Kuuscht, bei e wéineg kleng geschniddent Geméis oder fir de Filmowend mat Nachos, hei fënns du e puer Rezepter fir schaarf Dippen:

Adjika – eng georgesch Paprikapast

schaarf zoossen

Du brauchs (fir 1 Portioun)

D’Geméis botzen a mat enger klenger Portioun Piment an der Kichemaschinn kleng maachen.

D’Geméis an engem grousse Kachdëppe mam Ueleg an de Gewierzer eng Stonn dëmpe loossen. Heiansdo réieren net vergiessen!

D’Zooss nach eng Kéier schmaachen, jee no Geschmaach nowierzen an d’Lorberblat eraushuelen.

Déi nach waarm Adjika-Zooss gëtt a steril Gebeessglieser gefëllt. Duerno d’Glieser op d’Kopp stellen an zoudecken. Iwwer Nuecht ofkille loossen. D’Zooss hält sech bis zu engem Joer.

Kamäinfeier-Dip – Schaarfen Tomate-Paprika-Dip

schaarf zoossen

Mat Salz a Peffer, Cayenne-Peffer, Tomate-Salz an zirka dräi bis véier Zoppeläffele Basilikum ofschmaachen.

All d’Ingredienten an der Kichemaschinn püréieren an derno nach e puer kleng Tomatestécker drënnerhiewen.

Jalapeño-Kéis-Dip

schaarf zoossen

D’Jalapeñoen an d’Pimenten an en Dëppe mat e bësse waarmem Waasser maachen an zirka fënnef Minutte lues kache loossen. Duerno d’Waasser ofschëdden an d’Dëppen op d’Säit stellen.

D’Mayonnaise mam Wäisse Kéis an enger grousser Schossel vermëschen, duerno de Parmesan bei d’Jalapeñoen dobäimaachen an d’Dëppen op der Kachplack bei mëttlerer Hëtzt waarm maachen. Duerno ofkille loossen a mam Rescht vun den Ingrediente vermëschen.

Schaarfen Tomate-Basilikum-Dip

schaarf zoossen
  • 70 Gramm kleng geschnidde gedréchent Tomaten
  • 30 Gramm kleng gehackten Hackernëss/déck Nëss
  • 45 Gramm gerappte Parmesan
  • 100 Gramm Wäisse Kéis
  • 3 Zoppeläffelen Olivenueleg
  • 2 rout Pimenten
  • 1 Zéif Knuewelek
  • 1 Zoppeläffel Ajvar
  • 1 décken Téiläffel rout Currypast

Mat Salz a Peffer, Cayenne-Peffer, Tomate-Salz an zirka dräi bis véier Zoppeläffele Basilikum ofschmaachen.

All d’Ingredienten an der Kichemaschinn püréieren an derno nach e puer kleng Tomatestécker drënnerhiewen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.