Dobäi huet laut dem ILR och am Joer 2021 ëmmer nach bal 82 % vum Stroum, deen néideg ass, missen importéiert ginn. De selwerproduzéierte Stroum gouf erëm zu 82 % aus erneierbaren Energië gewonnen! De gréissten Undeel dorun hate mat 32 % d’Wandrieder, an dat virum Stroum aus Biomass. D’Photovoltaik koum op 18 %, d’Waasser op knapp 10 %, an de Biogas huet 6 % ausgemaach. Allerdéngs muss festgehale ginn, datt d’Courbe vun der Quantitéit vu Stroum, déi aus erneierbaren Energië gewonne gouf, am Verglach mat de Joren zanter 2012 däitlech ofgeholl huet an engem Wuesstum vun nëmmen 1,4 % am Verglach mam Joer 2020 entsprécht.
Et sollt also méi gemaach ginn. Net nëmmen, fir dem Klimawandel entgéintzewierken, mee och fir manner ofhängeg vun importéierter Energie ze ginn. Dobäi kéint een och mat den Nopeschregiounen aus der Groussregioun zesummeschaffen.
Wann et ëm Stroum geet, deen angeeblech de Klima schount a schnell disponibel ass, denke vill Leit ëmmer nach fir d’éischt un Atomzentralen. Sécher och wéinst der Initiativ vu Frankräich, de Stroum aus Atom op d’mannst fir eng Iwwergangszäit an der EU als méiglech gréng Investitioun ze etabléieren.
Ofgesinn dovun, datt och d’Beschafe vum Uran eng grouss Ëmweltverschmotzung bedeit, gëtt ëmmer nach vill ze dacks de radioaktiven Offall vergiess, deen dobäi entsteet a fir eng laang Zäit gelagert muss ginn!
Mee och wann Däitschland sech wéinst Fukushima vum Atomstroum getrennt huet, spillt dësen an der Groussregioun awer nach eng bedeitend Roll, mee e suergt och erëm fir Spannungen. D’Belsch huet den Exit aus dem Atomprogramm zwar schonn 2003 annoncéiert, zanterdeem allerdéngs de Betrib vun den Atomzentralen ëmmer erëm verlängert an, genee wéi Frankräich, enorm Problemer mat hire Reakteren, well bei de Bedreiwer an der Vergaangenheet éischter d’Suen am Vierdergrond stoungen. Dat ass eng geféierlech Mëschung. Dovun ofgesinn huet Lëtzebuerg méi ewéi eng Kéier däitlech gemaach, kee Stroum aus Atom ze wëllen.
Déi gënschtegst Technik, fir erneierbar Energië fir d’Stroumproduktioun ze notzen, ass d’Photovoltaik. Si huet vill Virdeeler, déi antëscht och vun der Lëtzebuerger Regierung erkannt gi sinn, woufir si säitdeem och a groussem Mooss vun der Regierung gefërdert gëtt. E Virdeel ass de gerénge Besoin u Plaz. Esou Anlage kann een onopfälleg op den Diecher vu besteeënde Gebaier ubréngen an dës domat mat Stroum versuergen. Allerdéngs gëtt et an der Wallonie an an der Lorraine grouss Gebidder, déi fir Stroum, dee vun der Sonn produzéiert gëtt, méi gëeegent schéngen.
D’Stroumproduktioun aus Wand a Waasser gëtt schonn zanter Mënschegedenke genotzt. De groussen Nodeel vun de moderne Wandrieder ass, datt se bei der Bevëlkerung seele gutt ukommen, besonnesch wa se eng gewëssen Unzuel iwwerschreiden oder ze no beim eegenen Haus opgeriicht ginn. Waasser, fir Energie ze produzéieren, ass zwar akzeptéiert, mee fir dës Technik ze benotzen, si speziell natierlech Viraussetzungen noutwenneg, a well d’Waasser als Energieproduzent, och ouni Gedanken un de Klimawandel, scho fréi fir d’Produktioun vu Stroum benotzt ginn ass, ass hei quasi keng Weiderentwécklung méi ze erwarden.
Eng Méiglechkeet fir d’Stroumproduktioun, déi dacks an der Ëffentlechkeet iwwersi gëtt, ass de Gewënn vun Energie aus Biomass, déi nowiisst. Hiren Nodeel ass, datt se selwer wéineg Energie enthält. Dofir lount et sech net, Biomass iwwer wäit Strecken ze transportéieren, woufir där Kraaftwierker am beschten nobäi vum Produzent stoe sollten. Wéinst hirer enormer Bedeitung gëtt ënner anerem an de Vogesen no Méiglechkeete gesicht, Holz nohalteg als Energieträger ze notzen. De gréisste Virdeel ass, datt déi Stroumproduktioun ka geplangt an ugepasst ginn. Doriwwer eraus léisst sech aus Biomass och héichwäertege Biogas produzéieren, deen dann an dat existent Gasnetz agespeist ka ginn an doduerch och als Energiespäicher funktionéiert.
Et gëtt also nach vill ze maachen a vläicht muss een et hei wéi den Che Guevara maachen: „Loosst eis realistesch sinn, loosst eis dat Onméiglecht probéieren.“
En Artikel vum Jörg Ahrens