Systematesch hongreg op Neies

Scho säi Grousspapp huet virun 100 Joer zu Lëtzebuerg eng Wandkraaftanlag gebaut. Do verwonnert et net, mat wat fir enger Energie de Constant Seiwerath un neie Motoren a Konzepter fuerscht. Mat 66 ass nach laang net Schluss.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Berüümt a räich gi mat enger Erfindung? „Nujee“, schmunzelt de Constant Seiwerath, dozou géif hie „wuel net Nee soen“. Allerdéngs brauch dësen aussergewéinlech schöpferesche Mann weder Applaus nach Gidder, fir ëmmer weider un der Perfektionéierung vun sengen Iddien ze schaffen. Hie ka guer net aneschters, ewéi systematesch Neies ze erfannen. Säit hie 16 Joer al ass an ugefaang huet, un ovalen Zännrieder ze tüftelen, huet hien dës Neigung bei sech beobacht.

De sechsasechzeg Joer ale Lëtzebuerger, deen en zweete Wunnsëtz zu Köllerbach an Däitschland (wou hien säin Atelier a Wandkanal bedreift) huet, huet ewell siwe Patenter, all am Beräich vu klenge Wandkraaftanlagen. Se betreffen d’Reegelung, d’Stockéieren an d’Wénkelverstellung an d’Generatoren. Ënner senger Uleedung goufen ewell iwwer 70 där Anlagen opgeriicht, allerdéngs bal ausschliisslech an der Karibik.

Mat der Vermaartung vun senge Patenter huet de Kärkraaft-Kritiker Seiwerath bis elo „éischter manner Erfolleg“, wéi hie riichteraus zougëtt. Den Haaptgrond gesäit de Lëtzebuerger awer doran, „datt Leit, déi erfannen oder sech ausschliisslech un den Neiheeten orientéieren, bei Patronen an Aarbechtskolleegen net onbedéngt beléift sinn. Si verloosse festgetrëppelt Pied a stéieren domat d’Uerdnung an d’Ofleef an engem Betrib.“

De Constant Seiwerath ass vu Beruff Lokomotivfürer/Maschinist. Säi grousst technescht Wëssen huet hien sech och wärend der Aarbecht an der Maschinistekabinn ugelies. Do huet hien oft vill Rou gehat, sou bericht hien. An de Kniwweler Seiwerath ass ierflech virbelaascht: Säi Grousspapp hat schonn 1918 am Norde vu Lëtzebuerg mat Wandkraaft experimentéiert an eng Kierch beliicht!

Am Alter vu fofzeg Joer hat de Constant Seiwerath wéi duerch e Wonner en Aarbechtsaccident iwwerlieft. Ewéi hien aus dem Koma erwächt war, war säi Gediechtnes fort. Hien hat seng Famill net méi erkannt an hat all Friemsproochekenntnisser verléiert. Als Fréirentner huet hien all dat Aalt nei geléiert a war weider hongereg op zousätzlecht Wëssen. De Seiwerath ass iwwerzeegt, datt dësen Driff, fir „net als geeschteg Invaliden duerch d’Liewen ze lafen“, hie beim Fuerschen an Entwéckelen op eng entscheedend Manéier virundreift.

Als Member vun zwee Erfinder-Veräiner leet hie Wäert drop, sech mat anere Leit iwwer aner Méiglechkeeten oder eventuell Feeler auszetauschen an an ënnerschiddleche Wëssensberäicher „systematesch ëm den Eck ze denken“. Säin neiste Projet ass d’Weiderentwécklung vum Robert Stirling sengem Waarmloftmotor fir den Hausgebrauch.

A vun der Wandkraaft wëll hien d’Fangeren och net ewechloossen. Rieds ass vun engem „Aufwindkraftwerk“, dat mat universitairer Ënnerstëtzung entwéckelt gëtt. Déi éischt Resultater wiere villverspriechend, et dierft een awer nach näischt verroden, sou laacht de Lëtzebuerger mat immensem Duerchhalverméigen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.