Henri Tudor

Eng Persoun, déi elektriséiert huet!

Eise Personnage kënnt vu Rouspert, enger klenger Stad am Oste vu Lëtzebuerg. Déi meescht Leit verbannen dës 3.640-Awunner-Stad wuel mam bekannte Lëtzebuerger Mineralwaasser. Mee scho laang virun der Hierstellung vum Waasser gouf et e Mann, deen dës Uertschaft national wéi och international bekannt gemaach huet. Rieds geet hei vum Henri Tudor, deen als groussen Erfinder an Ingenieur am Beräich vun der Technologie an d’Lëtzebuerger Geschicht agaangen ass.

Mir schreiwen d’Joer 1859. Um Dieschbuerger Haff, an der Géigend vu Ferschweiler an der Äifel, kënnt eise Protagonist, den Henri Tudor, op d’Welt. E groussen Deel vu senger Kandheet huet hien an der Belsch verbruecht, éier seng Eltere sech derzou entschloss hunn, erëm an hiert aalt Heemechtsduerf, Rouspert, zeréckzeplënneren. Scho vu Jonkem u war den deemolegen Teenager vun der Elektrizitéit faszinéiert. Säi Physiksprofesser, den Ernest Rousseau, a säi Cousin, den Nikolaus Josef Schalkenbach, haten och e groussen Deel dozou bäigedroen, datt den Henri Tudor sech ëmmer méi an dës Thematik eragesteigert huet. Et war dunn och zu Rouspert, wou hie mat sengem Brudder a mat sengem Cousin ugefaangen huet, Experimenter am Beräich vun der Elektrizitéit duerchzeféieren. Eng vu sengen éischte gelongene Kreatioune konnt de jonken Ingenieur 1881 realiséieren, wou hie mat Hëllef vun engem spezielle Generator elektresche Stroum mat enger Waassermille produzéiere konnt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Am Alter vu 24 Joer huet hie schliisslech säi Studium als Bauingenieur op der École Polytechnique vun der Universitéit zu Bréissel ofgeschloss. No sengem Unisdiplom huet de Rousperter am Joer 1885 mat sengen industriellen Aktivitéiten ugefaangen. Et war och an deem selwechte Joer, wou d’Fabrick Tudor zu Rouspert hir Dieren opgemaach huet. Beim Experimentéieren ass him du schliisslech e richtegen Duerchbroch gelongen. Hien huet et fäerdegbruecht, Elektroden an engem Bläi-Akkumulator sou ze veränneren, datt dësen technesch wéi wirtschaftlech fir d’éischte Kéier verwäertbar ginn ass. Eng Sensatioun fir déi deemoleg Zäit. Duerch dës Erfindung war et méiglech, datt d’Schlass, an deem hien a seng Famill gelieft hunn, eent vun deenen éischte Privathaiser an Europa war, déi ronderëm d’Auer Stroum haten.

Am Joer 1886 huet den Henri Tudor der Stad Iechternach eng ganz speziell Offer gemaach: Hie wollt d’Pëtrolsluuchten duerch eng elektresch Beliichtung ersetzen. Dëse Changement huet Androck an der Bevëlkerung hannerlooss. Mee et war net nëmmen déi lëtzebuergesch Populatioun, déi sech doriwwer erstaunt gewisen huet, mee et waren och vill Stied aus dem Ausland, déi vun dësem Geliichts profitéiere wollten. Virun allem vill Stied aus der Belsch hu Kontakt zu him opgeholl. Aus dësem Grond huet hien d’Société Anonyme Belge pour l’Eclairage Public par l’Electricité gegrënnt, fir seng Aktivitéiten an eisem Nopeschland ze vereinfachen.

An de Joren duerno sinn dem Tudor seng Aarbechte sou erfollegräich ginn, datt seng Produktiounen – virun allem den erwäänten Tudor-Bläi-Akkumulator – sech um westeuropäesche Maart etabléiere konnten. Dem Däitschen Adolph Müller ass et ze verdanken, datt d’Tudor-Akkumulatoren a ganz Ost-, Zentral- an Nordeuropa fabrizéiert a verkaf konnte ginn. Wéinst dësem risegen Erfolleg huet de Müller d’Firma Accumulatoren-Fabrik Tudor’schen Systems Büsche und Müller an d’Liewe geruff. Mee net nëmmen an Däitschland, mee och a Frankräich an an England koum et dowéinst zur Grënnung vu Fabricken, deenen hir Missioun et war, haaptsächlech d’Tudor-Akkumulatoren an dëse Länner ze promovéieren an un de Mann ze bréngen.

Dëse Schratt huet sech als e groussen Erfolleg erausgestallt. Offiziell Dokumenter beleeën, datt am Joer 1890 insgesamt 1.200 Tudor-Batterien a Betrib waren. Déi erstaunlech Ziffer vu 25.000 Leit huet zu dëser Zäit un der Produktioun vu senge Produite matgewierkt. D’Fabrik zu Rouspert ass och nëmmen nach schwiereg de villen Demanden nokomm. Zousätzlech hat d’Firma mat héijen Ausgabe fir d’Exportatioun vun de Maschinnen an den Douanes-Taxen ze kämpfen. Aus dësem Grond huet d’Fabrik vun 1901 un net méi produzéiert an d’Produktioun ass kuerz drop vun der Fabrik zu Florival an der Belsch iwwerholl ginn.

An deene Joren derno huet den Henri Tudor mat sengem Kolleeg Maurice Braun de sougenannten Energiewon hiergestallt, dee revolutionär war, well e sech mat engem Dynamo, enger Batterie vun Akkumulatoren an engem thermesche Motor virubeweegt huet. Vum finanzielle Standpunkt war dës Kreatioun aus dem Joer 1905 awer net erfollegräich.

Dunn ass et méi roueg ëm den Henri Tudor ginn, och dowéinst, well hien ëmmer méi mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen hat. 1928 ass de Lëtzebuerger, dee bestuet war an dräi Kanner hat, un de Suitte vun enger Bläivergëftung gestuerwen.

Datt den Henri Tudor hautdesdaags nach e gewëssene Kultstatus zu Lëtzebuerg genéisst, gesäit een u verschiddene Beispiller. Stroossen a fréier ëffentlech Fuerschungsariichtunge si souguer no him benannt ginn. Mee dat ass nach net alles. Fir dëse brillanten Ingenieur ze éieren, huet de Schäfferot vu Rouspert den 13. Dezember 2006 e Projet presentéiert, fir e Musée mat sengem Numm opzemaachen. Dobäi sollt net nëmmen den Henri Tudor mat senge ganzen Innovatiounen am Mëttelpunkt stoen, mee et sollt och gewise ginn, wéi hien als Mënsch zesumme mat senger Famill zu Rouspert gelieft huet. Et huet dunn zwar e Strapp gedauert, mee ongeféier dräi Joer duerno war et endlech esou wäit: 2009 gouf de Musée mat enger Rei vun nationaler an internationaler Prominenz ageweit. Hautdesdaags kënnen d’Visteuren d’Ausstellung nach ëmmer gratis kucke goen an interaktiv u verschiddenen Experimenter deelhuelen.

Zum Schluss däerf eng kleng Randnotiz net vergiess ginn: 2013 ass esouguer en Asteroid nom Henri Tudor benannt ginn. Henritudor 260886 heescht dëse planéitänlechen Objet, deen an der Galaxie erëmschwieft. Et gesäit een also, datt sech de Lëtzebuerger net just op dësem Planéit en Numm gemaach huet.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.