Cegedel, Enovos, Creos

D’Protagoniste vun der Energieversuergung zu Lëtzebuerg

Fir d’Wirtschaft, d’Industrie an déi kritesch Infrastrukturen um Lafen ze halen an der Bevëlkerung Energie a Form vu Stroum ze liwweren, ass en zouverlässegt, gutt ausgebaut Stroumnetz néideg. Zu Lëtzebuerg ass dat de Fall. Als Netzbedreiwer ass Creos – ausser zu Esch (Sudstroum), zu Miersch (Electris) an an de Gemengen Ettelbréck an Dikrech, déi iwwer d’Firma Nordenergie enk mat Creos zesummeschaffen – fir de gudde Fonctionnement vum Stroumnetz verantwortlech. De Stroum- a Gasuschloss fir nei Haiser leeën, ass eng vun den Aufgabe vum jeeweilegen Netzbedreiwer. Deen anere Player an der Energieversuergung ass de Stroumprovider, aus formeller Siicht ass dat de Fournisseur vum Stroum. De Stroum kënnt vum Stroumprovider, an dee brauch d’Netz, fir datt et an d’Steckdouse bei de Client doheem kënnt. Den Transport ass an der Verantwortung vum Netzbedreiwer.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wat de Stroumprovider ugeet, hunn d’Konsumenten zanter dem 1. Juli 2008 d’Méiglechkeet, fir hire Fournisseur souwuel fir de Stroum wéi och fir de Gas fräi ze wielen. De gréisste Fournisseur vum Stroum ass nach ëmmer Enovos. D’Stéit kënnen elo entscheeden, wéi nohalteg hire Stroum soll sinn. Den Endverbraucher entscheet selwer, wéi ekologesch säi Stroum ass, andeems hien de Fournisseur auswielt, deen dee Stroummix ubitt, deen hie wëll an dee seng gréng Séil berouegt. D’Provider konkurréiere mat Slogane wéi de richtege grénge Stroum, regional grénge Stroum, 100 % gréng, iwwer 50 % produzéiert a regionalen Anlagen oder vu Solar, Wand, Waasserkraaft a Biomass. De gréissten Deel vum Stroum, deen am Land benotzt gëtt, muss importéiert ginn, 80,7 % vum Stroum kommen aus dem Ausland. 19,3 % vum Stroum ginn zu Lëtzebuerg produzéiert, dovunner 15,6 % aus erneierbare Quellen. D’Situatioun ass änlech beim Gas. Hei ass Lëtzebuerg un d’europäescht Gasnetz ugeschloss. Lëtzebuerg ass also staark vum Ausland ofhängeg, wann et ëm d’Energieversuergung geet.

Cegedel

Cegedel ass de Virgänger vu Creos an Enovos. Cegedel SA gouf de 27. Mäerz 1928 als Compagnie grand-ducale d’électricité du Luxembourg gegrënnt. De Firmennumm gouf am Mäerz 1997 op Cegedel geännert. Dësen Numm gouf eng Mark, déi jidderee kennt an déi nach bis haut en héijen Erëmerkennungswäert huet. Cegedel war och op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert an huet ronn 70 % vum nationale Stroummaart beliwwert. 2009 koum et zur Fusioun vun der Cegedel SA mat der Soteg SA, deem gréisste Gas-Fournisseur am Land, deen deemools nach zur Arcelor, der fréierer Arbed, an der Saar Ferngas AG gehéiert huet. Domadder war déi nei Mammegesellschaft Enovos International SA, mat den zwou Duechtergesellschafte Creos an Enovos, gegrënnt. D’Mammegesellschaft gouf spéider nach emol ëmbenannt an heescht haut Encevo SA. Haut fënnt een niewent Creos an Enovos och nach d’Firma Teseos, déi am Beräich vun techneschen Installatiounen an Déngschtleeschtungen doheem ass, ënner dem Daach vun der Enveco.

Enovos

Enovos ass e Stroumprovider, et gëtt also direkte Kontakt tëscht dem Client an Enovos. Enovos ass de Fournisseur a verkeeft de Stroum an de Gas un de Client. Zënter der Liberaliséierung vum Maart kann de Client fräi wielen, wéi ee Stroumprovider e gären hätt. Et gëtt och ëmmer méi Nofro vu Clienten no gréngem Stroum.

Creos

Creos ass verantwortlech fir dat ganzt Lëtzebuerger Stroumtransportnetz. Wat d’Distributiounsnetz ugeet, maache Stied ewéi Ettelbréck, Dikrech, Miersch an Esch-Uelzecht et selwer.

Dat nationaalt Stroumnetz, dat vu Creos bedriwwe gëtt, ass am Moment ronn 10.270 km laang. Dovunner si 593 km Héichspannungsleitungen, 3.780 km Mëttelspannungsleitungen a 5.895 km Nidderspannungsleitungen. Méi wéi 8.540 km, also 83 % vum Netz, sinn ënnerierdesch geluecht. E Wäert, deen net all d’europäesch Länner kënne virweisen.

D’Äerdgasnetz vun der Creos erstreckt sech iwwer 2.100 km mat 49.000 Uschlëss an deckt den Norden, den Zentrum, den Osten an de Weste vum Land of. Am Süde vum Land huet Sudenergie säin eegent Äerdgasnetz. Et erstreckt sech iwwer déi follgend südlech Gemengen: Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Péiteng, Schëffleng, Suessem, Käerjeng, Beetebuerg, Keel, Rëmeleng, Monnerech, Réiser, Reckeng op der Mess, Dippech a Garnech. Sudenergie ass net nëmmen en Netzbedreiwer, mee och Fournisseur vun Äerdgas.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.