Wat doen ech am beschten un, wann d’Heizung am Wanter erofgedréit soll ginn?

Placeholder Dummy template

Normalerweis fille mer eis a kuscheleg opgewiermte Raim am wuelsten, wann et dobaussen ongemittlech a kal ass. Awer wa mir elo dobannen d’Heizung erofdréien, wat doe mer dann am beschten un, fir net krank ze ginn?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wéi eng Follge kann déi falsch Kleedung hunn?

Bass du ze liicht ugedoen oder hues déi falsch Kleedung un, kann dat sech op vill Manéieren op deng Gesondheet auswierken.

Awer och dräi Pulloveren iwwereen undoen, ass keng gutt Iddi. Ze déck Kleedung kann dozou féieren, datt een ze vill schweesst. Gewësse Stëfter späicheren d’Fiichtegkeet ganz gutt an dréchnen nëmme lues. Dëst ass besonnesch ongesond, well a fiichter Kleedung gëtt et eis nach méi séier kal a mir gi krank.

Déi richteg Kleedung wielen!

Virun allem modern Funktiounstextilien trompen hei mat e puer Virdeeler op. Si sinn ootmungsaktiv, transportéieren effizient Kierperschweess of, fir datt d’Haut ëmmer schéin dréche bleift, a si sinn och nach liicht.

Jacketten aus Tex-Materialie si gläichzäiteg wand- a waasserfest an awer ootmungsaktiv. Och si si relativ liicht.

Fleecestoff ass virun allem fir seng wiermend Eegenschafte bekannt.

Verschidden Naturtextilie kënnen eng sënnvoll Alternativ duerstellen:

Schuerwoll kann engersäits besonnesch vill Fiichtegkeet ophuelen a späicheren, anerersäits ass d’Uewerfläch mat enger feiner Fettschicht ausgerüst, déi d’Nätzt natierlech ofweist. Wolltextilie kënnen dofir ronn een Drëttel méi Fiichtegkeet ophuelen ewéi déi aus Kotteng – an dat, ouni sech fiicht unzefillen.

Dëse Stoff eegent sech besonnesch gutt fir wiermend Ënnerwäsch oder e gemittleche Pullover.

Placeholder Dummy template

Den Ënneprinzip notzen!

Fir de Wanter huet sech dee sougenannten Ënneprinzip gutt bewäert. E puer dënn Schichte Kleedung iwwereneen undoen, hält besonnesch gutt waarm. Esou kanns du däin Outfit och nach ganz flexibel un déi jeeweileg (Temperatur-)Situatioun upassen. All eenzel Schicht huet dobäi eng ganz speziell Funktioun:

D’Basisschicht:

Déi ënnescht an also déi éischt Lag, déi en direkte Kontakt mat der Haut huet. Wichteg sinn hei ootmungsaktiv Materialien, déi och gutt d’Fiichtegkeet no baussen transportéiere kënnen. D’Schicht sollt fir den optimalen Austausch dofir och méiglechst enk um Kierper uleien. Kotteng ass manner gutt gëeegent.

D’Wärmeschicht:

Déi nächst Lag huet d’Aufgab, däi Kierper virun der Keelt ze schützen. Materialie mat klenge Loftkummere späicheren déi natierlech Kierperwäermt a wierken esou wéi e Polster, dat isoléiert. E gestréckte Pullover aus Woll oder eng Fleecejackett eegne sech gutt dofir. Wien et nach méi waarm brauch, ka fir d’Wärmeschicht och méi ewéi nëmmen eng Lag undoen.

D’Uewerschicht:

Déi baussecht Lag schützt dech virun den direkte Witterungsaflëss ewéi Wand oder Fiichtegkeet vu baussen. Déi brauchs du dobanne warscheinlech net, awer si gehéiert eben zum Ënneprinzip. Gewësse Jackette sinn och gefiddert. Soft- oder Hardshell‑Jackette si virun allem wanddicht a waasserfest. Wann déi ënnescht Schichte scho genuch waarm halen, geet als baussecht Schicht meeschtens eng dënn Softshell‑Jackett duer.

Placeholder Dummy template

Fir deng Féiss waarm ze halen, eegne sech am Wanter Socketten a Strëmp aus Woll besonnesch gutt. A waarmen, gefidderte Stiwwele schweesse mir nämlech och séier.

Speziell Ënnerwäsch fir de Wanter ass och ëmmer eng gutt Iddi. Laang Kalzongen oder Collanten halen esou zum Beispill den Hënner gutt waarm.

Pass och gutt op däin Hals op. E kuschelege Foulard oder Schal hält dir den Halsberäich gutt waarm an et kann een en och, wann néideg, iwwer de Mond an d’Nues eropzéien. Och e Rollkoll deet hei richteg gutt.

Richteg gekleet am kale Büro!

Hei erweist sech de Lagelook als besonnesch praktesch. An engem Büro muss ee sech dacks u gewësse Stylingreegelen oder e bestëmmten Dresscode halen. Zousätzlech Schichte kënnen hei hëllefen, an du bleifs flexibel.

Méi liicht Blusen oder Hiemer kënne mat der passender Ënnerwäsch wanterfest gemaach ginn. Och e schlichte Rollkoll ass am Wanter eng gutt Alternativ a léisst sech mat engem schicke Blazer ergänzen. Wien eng Jupe oder e Rack undoe wëll, ka méi en décke Collant undoen a mat Stiwwelen an engem laange Mantel kombinéieren.

Bei enger gudder waarmer Taass Kaffi oder Téi (oder enger waarmer Bull um Schouss) kann elo näischt méi schifgoen.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.