Stroum aus der Groussregioun

Am Joer 2021 huet 82 % vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg néideg ass, missen importéiert ginn. De selwerproduzéierte Stroum gouf erëm zu 82 % aus erneierbaren Energië gewonnen. Et sollt also méi gemaach ginn. Net nëmmen, fir dem Klimawandel entgéintzewierken, mee och fir manner ofhängeg vun importéierter Energie ze ginn.

Systematesch hongreg op Neies

Scho säi Grousspapp huet virun 100 Joer zu Lëtzebuerg eng Wandkraaftanlag gebaut. Do verwonnert et net, mat wat fir enger Energie de Constant Seiwerath un neie Motoren a Konzepter fuerscht. Mat 66 ass nach laang net Schluss.

Cegedel, Enovos, Creos

Fir d’Wirtschaft, d’Industrie an déi kritesch Infrastrukturen um Lafen ze halen an der Bevëlkerung Energie a Form vu Stroum ze liwweren, ass en zouverlässegt, gutt ausgebaut Stroumnetz néideg. Ass dat zu Lëtzebuerg de Fall?

Décke Gas fir d’Lëtzebuerger Sprooch

render_006_nerd_geek 0595

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ass aus eisem Alldag bal net méi ewechzedenken. E „fuschneien LOD“ steet eis zënter Juli 2022 zur Verfügung, deen den ZLS-Direkter Luc Marteling mat den Adjektiver „kamoud, sënnvoll, hëllefräich, intuitiv a méisproocheg“ beschreift.

De Superspuerpittichampion!

Knapps hat deen energeschen Energieminister Rob Dechambre iwwer eng Pressematdeelung annoncéiert, säi Ministère géif bannent de Grenze vun eisem Ländchen en interessante Concours ausschreiwen, wat d’Energiespueren ubelaangt, huet de Pierre (genannt Pitti) Specimänn decidéiert, datt hien dësen nationalen Challenge géif gewannen …

Henri Tudor

Scho laang virun der Hierstellung vum Waasser gouf et zu Rouspert e Mann, deen dës Uertschaft national wéi och international bekannt gemaach huet. Rieds geet hei vum Henri Tudor, deen als groussen Erfinder an Ingenieur am Beräich vun der Technologie an d’Lëtzebuerger Geschicht agaangen ass.

Den Energiepass

Nieft de gängegen Energieleeschtungsklasse vun A bis G goufen och dräi nei Klasse vun A+ bis A+++ bäigefüügt. Déi e wéineg dabozeg Klassifikatioun gouf eréischt mat enger Direktiv vum Joer 2020 zeréckgeholl an der Effizienzklass ugepasst, wat op en Neits bei de Clienten deelweis fir en Duerchernee gesuergt huet …

E Bléck zeréck

Dat lescht Liewenszeeche vun der Neier Revue war d’Ofso vum Joresréckbléck 2022 am Kinneksbond zu Mamer. Ewéi et schéngt, huet sech domat eng honnertjäreg Traditioun stëll, heemlech an onbemierkt opgeléist.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.