Conservatoire National de Véhicules Historiques zu Dikrech

Nomen est omen: De President Änder Ferrari huet mir Ried an Äntwert gestan.
Nomen est omen: De President Änder Ferrari huet mir Ried an Äntwert gestan.
Placeholder Dummy template

Den Auto, dem Lëtzebuerger säi léifste Kand! Mir werfen e Bléck an d’Maternité vun dësem Fortbeweegungsmëttel, wat nach ëmmer esou ze begeeschtere weess. Zu Dikrech ass zanter 2004 an der Rue de Stavelot en interessante Musée ze fannen, wou ronn 140 Zäitzeien op Gummispneuen de Wee an d’Zukunft (oder erëm zeréck) dokumentéieren.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Den Delaunay Belleville mat 16 PS (riets) ass eent vun de Pronkstécker aus der Kollektioun.
Thematesch Porsche-Ausstellung
Thematesch Porsche-Ausstellung

Et richt e bëssen no Gummi an no Ueleg, wéi den Änder Ferrari, zanter 2 Joer President vum CNVH, mir moies kuerz virun 9 Auer d’Dier opspäert a mech eraléisst an dësen Tempel vun de Klassiker aus der Automobilwelt. Säi Veräin huet ronn 150 Memberen, déi d’Geleeënheet kréien, hiren ale Bijou hei op der Plaz auszestellen, wat iwwer de Wanter meeschtens kee Problem ass, mee am Summer wëllt natierlech jiddwereen alt emol e puer Sprëtztoure maachen, esouwäit den Auto nach op der Strooss kann ugemellt ginn. Fir d’Aarbecht op der Plaz ass den Änder Ferrari zesumme mat 13 Mataarbechter zoustänneg, déi alleguer dobäi kee Rouden a kee Wäisse verdéngen, mee alles fräiwëlleg an onentgeltlech maachen.

De Musée ass an engem geschichts­trächtegen Haus ënnerbruecht, am fréiere Garage Jean Wagener, wou an der Zäit emol eng Kutschefabrik war an duerno – duerch déi perséinlech Bekanntschaft vun der Famill mam Karl Benz – déi alleréischt auslännesch Vertriedung vun der Mark Mercedes-Benz. De Veräi selwer ass am Joer 1997 gegrënnt ginn dank der Hëllef vun de Sponsoren, op éischter Plaz d’Famill Meris-Wagener, doniewent awer och d’Gemeng Dikrech an de Lëtzebuerger Staat.

Den Ament si 35 verschidden Autoe vum Club vun der Gebuertsstonn vum Automobil bis an d’70er-Joren do ausgestallt, vun deene wuel den Delaunay Belleville ee vun deene wäertvollsten dierft sinn; hien gëtt op 150.000 bis 200.000 Euro geschat. Mee dernieft stinn awer och nach eng sëllegen aner flott a rar Maschinnen do ze blénken. Dës Autoe ginn no engem Rotatiounsprinzip ausgewiesselt, sou datt de Conservatoire iwwer Joren eraus attraktiv ka bleiwen. Grondsätzlech huet d’Ausstellung eigentlech zwéi verschidde Voleten: Niewent de Klassiker vum Veräin gëtt och nach ëmmer eng flott thematesch Ausstellung organiséiert. Den Ament an nach bis den 1. Mäerz sinn dat besonnesch Modeller vun der Kultmark

Porsche, mee och schonn eng Partie aner Marke koumen esou hei zu Éieren, zum Beispill Citroën an Alfa Romeo oder awer verschidde klassesch Gefierer vu Police a Gendarmerie oder al Motorrieder. De Problem bei dësen themateschen Ausstellungen ass och d’Plaz, déi zur Verfügung steet, sou datt et fir d’Responsabel net ëmmer einfach ass, alles ënner een Hutt ze kréien. Eent vun deenen eelste Stécker op der Plaz ass iwweregens keen Auto, mee eng Dampmaschinn, déi ronn 110 Joer al ass a fréier derzou gedéngt huet, d’Maschinnen an der Kutschefabrik unzedreiwen.

De Musée ass vun dënschdes bis sonndes all Dag vu moies 10 Auer bis owes um 18 Auer op an et ginn op der Plaz och Touren organiséiert. Weider Informatioune gëtt et ënner der Telefonsnummer 26 80 04 68, ënner www.cnvh.lu an och op Facebook, deem et iwweregens ze verdanken ass, datt och ëmmer méi Leit aus der Groussregioun de Wee op Dikrech fannen. Den Entrée kascht 5 Euro respektiv 3 Euro bei Gruppe vu méi ewéi 10 Leit; Kanner a Jugendlecher bis 21 Joer komme gratis eran. E geféierten Tour op der Plaz kascht zousätzlech 60 Euro, dofir ass allerdéngs e Rendez-vous unzefroen.

Besonnesch beléift ass de Musée bei den Hollänner, déi nach ëmmer de Wee als Touristen op Dikrech fannen. Weider sinn natierlech och vill Veräiner, besonnesch aus dem automobille Beräich, um Site interesséiert. Schued, datt den DeLorean DMC-12 net um Site ze fannen ass, mee dee weltbekannte Sportswon aus der Filmtrilogie „Back to the Future“ ass jo eigentlech och eréischt aus den 80er-Joren!


En Artikel vum Sully Prud’homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.