Mam Auto ënnerwee, mee net mat deem eegenem

Autonatioun Lëtzebuerg: Laut Eurostat kommen zu Lëtzebuerg 662 Autoen op 1.000 Awunner, woumat mir europawäit op éischter Plaz leien, wäit virun Italie mat 625 op 1.000. Mee brauch een eigentlech nach en eegenen Auto?

Dat ass eng Fro, déi sech hautdesdaags virun allem Jonker a Leit an der Stad stellen. Ob een op en eegenen Auto verzichte kann, hänkt natierlech staark dovun of, wéi eng Alternativen et gëtt fir mobil ze sinn. Wann et drëm geet, kuerz Strecken ze iwwerwannen, ass ee muenchmol mam Vëlo besser beroden ewéi mam Auto, virun allem wann et op de Stroossen an der Stad emol erëm staut.

Mam Vel’oh oder engem eegene Pedelec (sou nennt ee Vëloen, déi en elektreschen Hëllefsmotor hunn a bis zu 25 Kilometer schnell fuere kënnen), kënnt een esouguer nach méi bequeem un d’Zil.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Zanter Kuerzem dauche queesch duerch Europa och ëmmer méi E-Scooteren op, déi fir kuerz Strecken alternativ zum Vëlo kënnen interessant sinn a virun allem als Ergänzung zum ëffentleche Verkéier geduecht sinn. Dës E-Scootere ginn awer aktuell nach relativ kontrovers debattéiert, well oft Firmaen eng Stad domat iwwerfluten an se dono quasi iwwerall ronderëmstinn, well et keng fest Plaze gëtt ewéi beim Vel’oh. Zu Lëtzebuerg huet bis elo just d’Firma Bird probéiert, dës E-Scooteren unzebidden, wat no knappen 10 Deeg vun der Stad Lëtzebuerg erëm verbuede gouf. Et bleift also ofzewaarden, ob sech dëst Verkéiersmëttel zu Lëtzebuerg als Kuerzstreckenalternativ zum Auto duerchsetze kann.

Déi wichtegst Alternativ zum Auto ass a bleift awer den ëffentleche Verkéier, deen an de Stied natierlech däitlech méi Méiglechkeete bitt wéi am ländleche Raum. Mee wat den ëffentleche Verkéier méi effizient gëtt, wat méi Leit wäerten op den Auto verzichte kënnen. Lëtzebuerg investéiert bis d’Joer 2030 2,2 Milliarden Euro an d’CFL, 390 Milliounen Euro an den Tram an plangt bis 2030 all d’Buslinnen ze elektrifizéieren. Eng wichteg Initiativ, fir méi Mënschen dozou ze bréngen, den Auto stoen ze loossen oder sech vläicht guer keen ze kafen, ass natierlech och de gratis ëffentleche Verkéier, deen den 1. Mäerz 2020 a Kraaft trëtt.

Mee wat ass dann elo awer, wann et net anescht geet an en Trajet mam Auto muss zeréckgeluecht ginn, zum Beispill well den ëffentleche Verkéier net zur giedlecher Zäit fiert oder ee vläicht eppes méi Grousses transportéiere muss?

D’Léisung heescht Carsharing! Wann een éischter onreegelméisseg en Auto brauch, ass Carsharing eng gënschteg Alternativ zum eegenen Auto, deen ee sech als éischt emol fir deiert Geld kafe muss an deen dann nach reegelméisseg Käschte mat sech bréngt wéi Bensinn, Versécherungen, Steieren a Sue fir Revisiounen a Reparaturen.

Aktuell gëtt et hei zwou Méiglechkeeten: CFL-Flex mat iwwer 100 Autoen op insgesamt 42 Statiounen am ganzen Land a Carloh mat aktuell 31 Autoen op 16 Statiounen an der Stad Lëtzebuerg. Béid Déngschter funktionéieren esou, datt een, jee no Präispak a Gréisst vum Auto, e bestëmmte Montant pro Stonn a Kilometer bezilt. Dat kascht dann tëschent 2,65 a 4,00 Euro d’Stonn an tëschent 0,40 an 0,47 Euro de Kilometer fir eng Faart. An deem Präis sinn dann déi ganz Käschten, déi en Auto mat sech bréngt, all scho mat dran. Wien also zu Beispill mam Carsharing vu Miersch aus bei den Ikea akafe fiert a säin neit Regal dann heem bréngt, ka mat ongeféier 26 Euro rechnen.

Carsharing kann also eng gënschteg Alternativ fir jidderee sinn, deen den Auto net am dagdeegleche Liewe brauch, mee just fir bestëmmte Geleeënheeten oder kuerz individuell Strecken.

Carsharing muss awer net onbedéngt duerch eng Firma ugebueden ginn, och wann sech Noperen, eng Wunngemeinschaft oder Frënn en Auto deelen, ass dat Carsharing.

Well déi sougenannte „Sharing Economy“, zu där de Carsharing gehéiert, ëmmer méi populär gëtt, sprange mëttlerweil och bekannt Autosmarken op deen Zuch op. Esou huet Smart ugekënnegt, datt déi nei Generatioun vum Smart, déi vun 2020 u verkaaft gëtt, net nëmmen zu 100 Prozent elektresch fiert, mee och mat enger App vernetzt ass, sou datt ee säi Smart ganz onkomplizéiert Frënn, déi den Auto dann iwwer d’App ouni Schlëssel opspäre kënnen, zur Verfügung stelle kann. Smart huet esou eng Funktioun programméiert, mat där ee sech och d’Käschte fir den Auto iwwer d’App deele kann.

Statistesch gesi steet e Privatauto am Duerchschnëtt 23 Stonne pro Dag onbenotzt op enger Parkplaz an dat bei héije Fixkäschten am Ënnerhalt.

Carsharing ass eng Léisung fir dëse Problem an et bleift ze hoffen, datt ëmmer méi Leit dorop zeréckgräifen!

En Artikel vum Etienne Degeest

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.