Mam Jabel op d‘Kontrollstatioun

„Ech muss op Sandweiler“ oder „ech muss mam Auto an d’Kontroll“ sinn Aussoen, déi een alt méi dacks am Bekanntekrees héiert. Sandweiler oder d’Kontroll ginn am Volleksmond déi technesch Kontrollstatioune vun der SNCT, der Société Nationale de Contrôle Technique, genannt. War et an den Ufankszäiten nëmmen ee Site, op deem kontrolléiert ginn ass, op de fuerbaren Ënnersaz op d‘Strooss däerf, sinn der iwwer d‘Joren ëmmer méi derbäi komm. Esou fënnt een d‘SNCT haut a praktesch allen Ecke vum Land, zu Léiweng, Esch-Uelzecht, Biissen, säit Ufank 2020 zu Maarnech a weiderhin och zu Sandweiler.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Mee wat widderfiert dem Lëtzebuerger sengem léifste Kand, dem Auto, eigentlech op enger vun dëse Kontrollstatiounen? Nodeem s dobaussen een vun de Mataarbechter kontrolléiert huet op d‘Pabeieren an d‘Assurance vum Auto an der Rei sinn huet sech en Zweete schonn um hënneschten Deel vum Auto ze schafe gemaach a kontrolléiert op d‘Ofgasen déi den Auto zum Auspuff eraus léisst mat de Wäerter déi de Produzent vum Won am Conformitéitsbréif niddergeschriwwen huet och iwwerenaner stëmmen. A scho geet et weider a mir sti mat eisem Blechkutsch an enger vu 6 Reien um Wee eran an d‘Hal. „Bunn 2 wannechgelift“ hat d‘Madamm eis gesot. A genee do sti mir elo tëschent all deenen aneren Autoen, een hanner deem aneren an der Rei bei enger Rouder Luucht déi glécklecherweis och alt emol gréng gëtt an deen een oder aneren Auto an d‘Hal era léisst. Et kënnt een sech bal e wéineg fir ewéi um Wee fir Moies an d‘Stad.

„Bunn 2 wannechgelift“

Ass een dann endlech dobannen an der Hal kënnt och schonn déi éischt Statioun, d‘Keess. Hei kritt een, niewent enger klenger Rechnung och nach en Dossier mat op de Wee. A weider geet et op eng vun de sougenannte „Spueren“. Op der éischter Statioun kontrolléiert e weidere Mataarbechter als éischt eisen Dossier de mir um Ufank vun eiser Rees an de Grapp gedréckt kritt hunn. An dësem Dossier sinn déi ganz Punkten, déi d‘Gesetz virschreift an déi um Auto kontrolléiert musse gi, festgehalen. No an no gëtt op deenen ënnerschiddleche Statiounen all nach esou klengen Detail un eisem Gefier kontrolléiert. Dat geet un bei klengen awer wichtegen Detailer ewéi dem Winker an de Luuchten, iwwer d’Sécherheetsgurter, de Warnwesten dem Warndräieck bis hin zum Zoustand vun de Pneuen an de Bremsen. Well alles soll jo esou gutt wéi méiglech an der Rei si fir dem Chauffer vum Gefier selwer, dem Bäifuerer an natierlech och deenen anere Leit am Stroosseverkéier eng maximal Sécherheet ze garantéieren.

SNCT – DEKRA – LUKS

War d‘SNCT iwwer laang Joren déi eenzeg Kontrollinstanz fir d‘Gefierer hei zu Lëtzebuerg huet sech dëst Bild säit 2016 geännert. Am Januar ass de Marché liberaliséiert ginn an huet domat och anere Betriber Méiglechkeet ginn eng Kontrollstatioun hei am Land opzemaachen. Déi éischt auslännesch Gesellschaft ass déi aus Däitschland bekannten DEKRA (Deutscher Kraftfahrzeug-Überwachungs-Verein) déi sech zu Bartreng niddergelooss huet. Enn 2019 mécht och d‘LUKS, d‘Luerenzweiler Kontrollstatiounen hir Dieren op a bitt säitdeem de Leit déi mam Auto an d‘technesch Kontroll fueren een, bis elo ongewinnte Service. Bei der LUKS gitt dir Ären Auto an d‘Hänn vun engem vun de Mataarbechter vun der Kontrollstatioun a an där Zäit wou dir an engem gemittleche Kader e Kaffi genéisst këmmert sech dëse Mataarbechter ëm d‘Kontroll vun Ärem beschte Stéck.

Awer net nëmmen op enger vun de mëttlerweil sëllege Kontrollstatiounen hei am Land kann Ären Auto kontrolléiert ginn. Mëttlerweil bidden och e Koup Garagen dëse Service un, an den technesche Kontroll gëtt gläichzäiteg mat der Revisioun vun Ärem Auto erleedegt.

Fir wat fir eng Kontrollstatioun dir als Autosbesëtzer Iech um Enn entscheet, dat decidéiert dir ganz eleng. Egal ob „Sandweiler“, DEKRA, LUKS d‘Kontrollpunkten sinn iwwerall déi selwecht an och d‘Präisser ënnerscheeden sech bis op e puer Euro net.

Haaptsaach Ären Auto rullt erëm ouni gréissere Kritikpunkt erëm hannen aus enger vun de sëllege Kontrollstatiounen eraus!

Egal ob „Sandweiler“, DEKRA, LUKS d‘Kontrollpunkten sinn iwwerall déi selwecht!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.