D’Haut vun der Träip erofhuelen. D’Eegiel mat e bësse Waasser verdënnen an ee Blat Deeg domat bepinselen. En zweet Blat Deeg drop leeën. D’Träip dropleeën an fest an d‘Yufkadeeg-Blieder awéckelen. Béid Ënner vun den Deegblieder zouklappen an déi zwou Säiten och mat der Eegielmëschung besträichen. D’Träip muss ganz agewéckelt sinn.
Den Ueleg an der Friteuse op 140° hëtzen.
D‘Rullen am Frittendëppen frittéiere bis se goldgiel sinn an am Schäffchen op 180° (3 bis 5 Minutten) fäerdeg kachen. Op engem Kichenduch oftuppen an an Portiounen schneiden.
De Kallefsfong an de Viz an e Kachdëppen schëdden, op d’Hallschent reduzéiere loossen a mat Salz a Peffer wierzen.
D’Grompere schielen an a Wierfele schneiden an an enger Kasseroll kachen. Ofdrëpse loossen an 1-2 Minutten am Schäffchen dréchnen. An eng Passe-vite maachen, de geschmoltene Botter an d’waarm Mëllech derbäimaachen a mat Salz, Peffer an Muskat wierzen.
D’Äppel schielen an a Wierfele schneiden. An engem zouenen Dëppe mam Zocker a mam Zitrounejus kachen. D’Äppel mixen, esoubal si gekacht sinn, fir e Kompott ouni Klompen ze kréien. Op engem Teller preparéieren an zerwéieren.
E flott Rezept vum Gregory Muller aus dem Internat Jos Schmit vun Dikrech mat der Ënnerstëtzung vun de Schüler Leandro Oliveira a Yu Hang Yam.