Automobil-Club Lëtzebuerg: Op Mobilitéit abonéiert

Wie schonn eng Kéier bei enger Pann mam Auto vun hinne gehollef krut, dee léisst mat zimmlecher Warscheinlechkeet näischt op si kommen: D’Ried ass vun den Depanneure vum Automobil-Club Lëtzebuerg, kuerz ACL, enger Associatioun mat Haaptsëtz zu Bartreng, déi mat an der Tëschenzäit iwwer 185.000 Memberen déi gréisst am Land ass.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

1932 gegrënnt, huet sech den ACL ufangs op d’Promotioun vum lëtzebuergeschen Automobilsport an op d’touristesch Berodung vu senge Membere konzentréiert. Mam Schafe vum „Service Routier“ an de fréie Siwwenzegerjoren ass de Club a seng wuel bekanntste Serviceleeschtung erageklommen, déi aktiv Pannenhëllef, e Service, deen och am 21. Joerhonnert bei allem technesche Fortschrëtt net manner gefrot ass wéi an der Vergaangenheet: „Zwar sinn d’Autoe vun haut méi laanglieweg ewéi fréier“, erkläert de Jean-Claude Juchem, Direkter vum Automobil-Club, „trotzdeem bleiwe Pannen ni aus, woubäi Problemer mat der Batterie a mat de Pneuen déi heefegst Ursaache sinn.“

D’ACL-Depanneure fuere fir Hëllefsasätz bis zu 50 km iwwer d’Landesgrenzen eraus, sou datt och Memberen, déi am noen Ausland wunnen, vun der Pannenhëllef profitéiere kënnen. Den Auslänner, déi op lëtzebuergeschem Territoire eng Pann hunn, hëlleft de Club am Kader vun der grenziwwergräifender Zesummenaarbecht vun den europäeschen Automobilclibb. Dës Partnerschaft assuréiert och, datt d’ACL-Memberen, déi am Ausland eng Pann oder aner Noutlag hunn, jidderzäit op Hëllef ziele kënnen.

Vun enger Erfollegsgeschicht ze schwätzen, ass, wat den ACL ugeet, net iwwerdriwwen: D’Memberszuele si säit Joerzéngte konstant am Klammen a niewent Pannenhëllef an touristescher Berodung si vill nei Servicer fir d’Clubmembere bäikomm. Dozou gehéieren ënner anerem den „Trafic Info“, deen iwwer d’Verkéierslag informéiert, d’ACL-Clubzäitschrëft „Autotouring“, déi un d’Membere verschéckt gëtt, an och den „Diagnostic Center“, bei deem ee säin Auto oder eng Occasioun, déi ee virhuet ze kafen, vu Fachleit kann iwwerpréiwe loossen. Vill gefrot bleiwen – Navi hin oder hier – weiderhin d’Rees-Routten, fir an d’Vakanz ze fueren, grad esou wéi d’Autobunns-Vignetten, déi et beim Club ze kafe gëtt. E weidere Volet vun den Aktivitéite sinn déi speziell fir d’ACL-Membere konzipéiert Clubreesen, déi an enker Zesummenaarbecht mat renomméierte Lëtzebuerger Reesagencen ugebuede ginn.

Den Automobil-Club leet a senger Kommunikatioun ëmmer Wäert op d’Feststellung, datt hien e Club fir Mënschen ass an net fir Autoen. An anere Wierder heescht dat, datt een als Clubmember ëmmer gehollef kritt, woubäi et egal ass, mat wéi engem Auto, jo esouguer mat wat fir engem Verkéiersmëttel ee grad ënnerwee ass! Natierlech depanéiert den ACL keng Bussen, Camionen oder Zich, mee och wann een als Member mat engem vun dësen Transportmëttelen op der Rees ass, kann ee bei enger Noutlag op de Bäistand vum ACL zielen. Um Beispill „Bike Assistance“, enger rezent geschaafter Pannenhëllef speziell fir Vëlosfuerer, weist sech, datt de Club et duerchaus versteet, mat der Zäit ze goen.

„Den ACL huet sech vun engem klasseschen Automobil-Club zu engem héichperformante Mobilitéits-Club entwéckelt“, affirméiert de Jean-Claude Juchem. „Mir suerge mat alle Mëttelen dofir, datt eis Membere mobil bleiwen, sief et mat engem Depannage, mat engem Ersatzwon oder andeems mir eis un de Käschte fir en anert Transportmëttel bedeelegen.“ Fir Memberen, déi sech oft am Ausland ophalen, bitt de Club d’Memberskaart „Europa“ un, fir Leit, déi haaptsächlech hei am Land ënnerwee sinn, d’Kaart „Lëtzebuerg“.

Mat der fuschneier Leeschtung „Home Assistance“ geet den Automobil-Club elo esouguer e Schrëtt iwwer déi reng Mobilitéit eraus: Heibäi kann ee sech als Member un den ACL adresséieren, wann een eng Pann doheem huet, wéi zum Beispill e Schued un der Heizung oder um Sanitär. De Club organiséiert engem dann en externe Fachbetrib, dee sech ëm de Problem këmmert. Wéi bei senge Reese schafft den ACL dobäi mat experimentéierte Partnerfirmaen zesummen a versteet sech, sou de Jean-Claude Juchem, net ieren als weidere Konkurrent, mee vill méi als zousätzleche „Motor“ fir d’Handwierksbranche zu Lëtzebuerg – wat jo eigentlech erëm ganz gutt bei e Mobilitéitsdéngschtleeschter passt!

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.